Rosmarin-Knuawléck-Gromperen

Wëlkomm an menger virtueller Këchen! Hogt beschreiwen ech dir wie ech Rosmarin-Knuawléck-Gromperen maan – eng einfasch an zimlich köstlich Beilaag, datt an villen Këchen weltwégt zoubereed jëtt. Dës würzig, liit knusperig Gromperen sen deen idealen Begleeder bei baal all Hauptplat en eegnen sech perfekt fir eent gemütlicht Familjenässen oder eent elegant Owesässen.

Rosmarin mat Gromperen ass ségt Joerhonnerten eng beléiften Kombinatioun an der mediterraner Këchen. Rosmarin eent aromatischt Krogt mat enger langer Geschicht, jëtt dësen Gromperen een eenzigartigen Aroma, während de Knuawléck die passend Würzigkeet matbrengt. Dës 2 Zutaten harmonéiren perfekt mateneen an sen een Klassiker deen nie aus der Moud kënnt.

Rosmaringromperen

Jidfereen kennt Rosmaringromperen an hat se mat Sëcherheet well an senger Këchen zoubereed. Gromperen jänn gevéirelt oder geaaschtelt, mat bëssen Olivenualeg, Rosmarin, Salz an Peffer vermëscht op eent Baaschblech auserneen geleit an am waarmen Schiäffchen gebaasch bis se knusperig sen.

Ech maan datt Hogt äwer bëssen annëcht, an sen selwer gespannt wie dës Versioun van Rosmarin-Knuawléck-Gromperen jänn. Loss dech iwerraschen an kuck dir mengt Rezept ënnen op der Ségt aan.

Rosmarin-Knuawléck-Gromperen einfasch selwer zoubereeden

Niäwent Gromperen brauchst du fir mengt Rezept na Olivenualeg, Knuawléck, Salz, Peffer an frëschen oder gedrëchenten Rosmarin. Leider as mein Rosmarinstack am Gaart futti jangen su datt ech op gedrëchenten zeréckgreifen.

De Knuawléck schiälen ech an am Mörser zerreiwen ech mat bëssen Salz zu enger feiner Past. Deen frëschen Rosmarin strëppen an d’Noolen fein hacken.

An enger klenger Schossel mëschen ech den Olivenualeg mat deem gesalzene Knuawléck an deen gehackten Rosmarinnoolen.

Gromperen schiälen ech, an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen.

Gromperenscheiwen, setzen ech deen hiie Weeg an eng liit angefett feierfest Form, su wie se kommen, sie kanne ruhig onregelmässig sen.

Anschliessend setzen ech Gromperen fir eng goud halef Stonn an deen waarmen Schiäffchen. No der halwer Stonn hualen ech se raus an verdeelen mat engem Pinsel Olivenualeg-Rosmarin-Knuawléck-Mëschung driwer, dréck Scheiwen mam Pinsel bëssen auserneen fir datt sech Gewürz iwerall verdeelt.

Dann setzen ech Gromperen rëm fir ongeféier 15 Min. an den Schiäffchen, kontrolléirer mat engem Knäipchen op se mëll sen.

INFO: Zwëschendurich kanns du Dir vam Schiäffchen ruhig eng kéier opmaan, fir datt fiit Loft auszéihen kann an d’Gromperen su uawen driwer knusperig jänn.

Su jänn Gromperen knusperig

Deen gruussen Virdeel deen d’Gromperen am vergläich zu Séissgromperen oder Kürbis hat, sie jëtt ouni vill Gedeesems van Natur aus knusperig. Et ass gar net nigdig Gromperen viraam Baaschen am kaalen Waasser ze wäschen oder se an Maizeena ze driien. Gromperen einfasch an die gewënschte Form schnégden, op engem Baaschblech verdeelen am besten su datt se net openeen leien an dann an deen waarmen Schiäffchen. Fir den Geschmaasch kommen dann na Krégder an Gewürzer dobäi.

INFO: Krégder wie Rosmarin an Knuawléck jänn ech rischt eng véierl Stonn viraam Enn van der Baaschzéckt dobäi, sie verbennen siier an hannerlossen een Batteren Geschmaasch.

Watt fir eng Gromper?

Weltwégt jänn et ëm die 3000 verschidden Gromperenzorten, bei deenen den Geschmaasch an Konsitenz variiéiert. Fir knusperig Gromperen hualen ech am léiftsten festkooschend Gromperen. Schnégden ech meng Gromperen an véirel oder aaschtel hualen ech ganz jären Drillinge (dësen Naam steht fir die kleng Griist) sie han mi eng dënn Hogt an wann se ganz kleng sen brausch een se nëmmen ze halbéiren.

Rosmarin-Knuawléck-Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen

  • 3-4 Ziiwen Knuawléck, am Mörser mat Salz zerriwen

  • 2-3 frësch Rosmarinäst, gestrëppt an d’Noolen gehackt oder 1 EL gedrëchenten Rosmarin

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • Salz

  • schwarze Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Gromperen schiälen an op der Mandoline an dënn Scheiwen schnégden.
  • Deen hiie Weeg an eng liit angefett feierfest Form stellen.
  • Gromperen su ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • An enger Schossel den Olivenualeg, de Knuawléck, Salz, Peffer an Rosmarin mateneen vermëschen.
  • No der halwer Stonn Gromperen raus hualen an mat engem Pinsel Gewürzmëschung driwer verdeelen. Dobäi Scheiwen bëssen auserneen drécken su datt Gewürz iwerall verdeelt ass.
  • Gromperen fir 15 Min. an den Schiäffchen stellen. Mat engem Knäipchen kontrolléiren op Gromperen durich mëll sen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*