Papillote Caprese mat Poulet

Caprese, benannt noo der moolerischer Insel Capri, ass eng Kombinatioun aus Tomaten, Mozzarella an Basilikum, déi d’Faarwen vam italienischen Fändel spéjelen. Mengt Rezept van Papillote Capres mat Poulet brengt die traditionell Aromen an engem modernen Twist zesaammen, andeems se am Baaschpapeier gebaaschen jänn.

Papillote-Methoude, bei der sämtlich Zutaten am Pergamentpapeier, Hogt Baaschpapeier oder Sëlwerpapeir angepackt jänn, stammt aus der fransiischer Këchen an as firtischt am 17ten Joerhonnert erwähnt jänn. Et ass eng wonnerbar Miilechkeet, d’Aromen ze bewahren an su eng zaart an saaftig Textur ze kreien. Andeem ech dës 2 Traditiounen mateneen kombinéiren, erhaalen ech een Menü, deen net nëmmen einfasch zouzebreeden ass, mais o sämtlich Sënner verzaubert.

Fir datt Papillote Caprese mat Poulet gelengt brengen ech,

vam Metzler 2 duabel Pouletfilet mat, dann brausch ech na Tomaten, Mozzarella, frëschen Basilikum an Courgetten.

An menger Reserve han ech na Pesto Genovese, Salz, Peffer, Olivenualeg, an evtl. bëssen Balsamico.

Ausserdeem brausch ech den Schiäffchen, Baaschpapeier, Këchenschnouer, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, Pinsel an d’Mandoline.

Tipps

  1. Du kanns den Poulet o firtischt aanbrooden, fir eng anner Textur ze kreien.
  2. Am normalen as den Baaschpapeier ganz verschloss, ech lossen en äwer op, fir datt den Mozzarella sching goldbrong baascht.
  3. Garzéckt vam Pouletfilet kann je no Déckt vam Fleesch variiéiren, notz een Fleeschthermometer Pouletfleesch soll durich gebrooden sen, an eng Kärtemperatur van 75°C bis 80°C han.

Zoubereedung

De Pesto lengen ech evtl. ma bëssen Olivenualeg su datt en sech goud mat engem Pinsel verdeelen liist. Hei fenns du eent Rezept fir Pesto Genovese.

De Pouletfielt zerdeelen ech an dann schnégden ech en op der iäwischter Ségt quadratisch an, dann pinselen ech en mam Pesto an. Zougedeckt stellen ech Fleesch iwert Nait an de Frigo.

Den Daag drop hualen ech d’Fleesch fréi genou aus dem Frigo, fir datt et viraam baaschen Raumtemperatur aanhualen kann.

Tomatenwäschen ech an schnégden se an dënn Scheiwen.

Den Mozzarella schnégden ech o an Scheiwen.

Vam Basilikum plecken ech eng goud Handvoll Bläder aaf, wäschen se an hacken se graff.

Courgetten schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen, leen se an eng Sei an salzen se an lossen se ongeféier 30 Min. durichzéien, su kann Waasser auszéien an evtl. deen batteren Geschmaasch. Är d’Courgetten gebrauscht jänn mat Këchenpapeirer drëchen tupfen.

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Den Baaschpeier faalen ech zu Schëffercher an fixéiren d’Enner mat Këchenschnouer.

An meng Schëffercher leen ech ënndran Courgettenscheiwen, déi pefferen ech liit. Do drop leen ech den Poulet an op den Poulet Basilikumbläder an dann am Wiässel, Tomaten an Mozzarellascheiwen.

An die déchste Platz vam Filet steechen ech een Fleschthermometer fir ze kontrolléiren op Fleesch durich gar ass, an dann setzen ech Päckercher op eent Baaschblech, datt setzen ech fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Viraam zervéiren kanns du bëssen Balsamico driwer drëpsen.

Watt passt bei Papillote mat Poulet?

  • Gegrillten Geméiss: eng Mëschung aus Paprika an Auberginen, déi liit mat Olivenualeg angepinselt sen, mat Salz an Peffer gewürzt an mat am Schiäffchen gebrooden oder om Grill gegrillt jänn.
  • Gromperen: Krégdergromperen, oder Rosmarin Knuawléck Gromperen an am waarmen Schiäffchen geréistert, béiden eng herzhaft knusperig Beilaag.
  • Eng gemëschten Zaloot: ganz goud passen do z.B. Taboulé, Shirazi oder eng Cornichon-Paprikazaloot
  • Ciabatta: Frësch gebaaschent Ciabatta, ideal fir all datt goud Saaft datt ausgetrodden ass opzehualen.

Varianten

An Italien jänn dachs na anner Zorten Geméiss mat an den Pack geleit, wie z.B. Oliven an/oder Kaperen.

Ausserdeem kanns du een Schotz wäisse Wéng mat an den Pack maan fir na zousätzlich Aroma ze kreien.

Ganz jären jänn o na geréiestert Pinienkären mat an den Pack geleit.

Papillote Caprese mat Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 2 duabel Pouletfielt

  • 3-4 EL Pesto Genovese

  • 2-3 deck Tomaten, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 200 g Mozzarella, an Scheiwen geschnidden

  • 1 Courgette, an Scheiwen geschnidden

  • eng goud Handvoll frësch Baslikumbläder, graff gehackt

  • Salz

  • Peffer

  • Optional: Balsamico

Zoubereedung

  • Pouletfielt zerdeelen an op der iäwischter Ségt mat engem scharefen Messer quadratisch anschnégden.
  • Mam Pesto Genovese anpinselen an zougedeckt iwert Nait an den Frigo stellen.
  • Den Daag drop d’Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen, fir datt et viraam baaschen Raumthemperatur aanhualen kann.
  • Die geschnidden Courgetten salzen an fir 30 Min. op enger Sei durichzéien loossen. Mat Këchenpapeier drëchen tupfen.
  • Aus dem Baaschpeier Schëffercher faalen an mat Këchenschnouer fixéiren.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Ant Schëffercher Courgettenscheiwen verdeelen, liit pefferen. Do drop den Poulet leen, dann den gehackten Basilikum an uawen drop, am Wiässel Tomat- an Mozzarellascheiwen leen.
  • Den Pack net zou maan, den Mozzarella soll am Schiäffchen goldbrong baaschen.
  • Een Fleeschthermometer an datt Déchst vam Pouletfilet steechen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 25 Min. bis 30 Min. baaschen, oder bis d’Fleesch eng Kärtemperatur van 75°C bis 80 °C erreecht hat.
  • Viraam zervéiren kann na bëssen Balsamico driwer gedrëpst jänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*