rote Beete Risotto

Rugd Rommel Risotto

Meng Réiss féiert mech Hogt ant Welt vam Risotto an, an die wonnerbar rudg Landschaft van der rugder Rommel. Begleet mech bëssen op menger Réiss während ech dës köstlich Beilaag kooschen.

Rudg-Rommel-Risotto as definitiv eeng wonnerbar Beilaag, sie as net nëmmen jätt fir d’Au mais et as o een gouden Maufel. Dës Kréatioun verbënnt datt erdigt séisst van der Rommel mat der zarter Schlotzigkeet vam Risotto.

Zoubereedeung vam Risotto selwer as well eng Réiss fir sech. Datt stännigt réiren an no an no beischëdden van der Bréit an natiirlech Gedold ant Léift zum Detail sen den Schlëssel zu engem perfekten Risotto. Die liäwig rugd Faaref déi den Risotto durich Rommel krëtt, zéiht all d’Auen op sech an erfreit deng Lékt bestëmmt.

Zutaten

  • gekooschten rugd Rommelen
  • Risottoreis (Carnaroli)
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Bréit (Houhn, Rand oder Geméiss)
  • drëchene wäisse Wéng
  • Olivenualeg
  • geriwene Parmesan
  • Botter

Zoubereedung

D’Rommel schnégden ech an kleng Würfelen ähnlich eng Brunoise, an setzen se op Ségt bis ech se brausch.

D’Ënnen an de Knuawléck jänn fein gehackt.

Bréit setzen ech op, déi soll kooschen.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Ënnen an den Knauwléck op mëttel Hëtzt bis se glasig an mëll sen.

Dann mëschen ech den Reis drënner an brooden deen o liit aan. Datt Ganzt läschen ech mam wäisse Wéng aaf, an lossen deen ganz ankooschen.

Op nidriger bis mëttel Hëtzt kënnt lo no an no Bréit dobäi, déi lossen ech ëmmer reduzéiren bis se bal ganz angekooscht as, dobäi ëmmer réiren, an dann rëm bréit no schëdden, Dozwëchent ëmmer schmaaschen, bis den Reis “al dente” as, evtl. bëssen würzen.

Als nächst mëschen ech Rommelen drënner, an wiärmen déi am Reis, sollten déi bëssen Wasser zéien lossen ech datt o reduzéiren.

Dann driien ech Plaque aus, an mëschen den Botter drënner. Subal deen ganz geschmolz as, zéien ech Dëppen van der Plaque an mëschen deen gerriwene Parmesan drënner an réiren bis en ganz geschmolz as. Mat Deckel loossen ech den Risotto 2 Min. bis 3 Min. ruhen. Direkt zervéiren soss as Magie van der Schlotzigkeet verschwonnen.

Tipps

  1. Du kanns Rommelen o püréiren an den Pürée kuurz viraan Schluss ënnermëschen.
  2. Hual fir ze kooschen ëmmer een Wéng deens du o jären drénks.
  3. Et as wichtig d’Hëtzt net ze hii ze driien, an stännig dran ze réiren, fir datt näist aanbrennen kann.
  4. Bréit muss waarem sen, am besten kooschend.
  5. Gedold, Risotto brausch Gedold an vill Léift bis en färdeg as. Datt kann bis zu 20 Min. daueren.
  6. Dozwëschent ëmmer schmaaschen, fr ze wossen op den Reis goud as.
  7. Pass op mam Salzen, Bréit as gesalz an den Parmesan as o gesalzen.
  8. No deen 2 Min. bis 3 Min. direkt zervéiren soss as den Zauber vam perfekten Risotto fort.

Rugd Rommel Risotto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 200 g gekooschten rugd Rommelen, kleng gewürfelt

  • 250 g Risotto-Reis (Carnaroli)

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knauwléck, gehackt

  • 800 ml Bréit, kooschend (Houhn, Rand oder Geméiss)

  • 150 ml drëchene wäisse Wéng

  • Olivenualeg

  • Salz an Peffer

  • 80 g Parmesan

  • 75 g Botter

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen bëssen Olivenualeg erhëtzen, d’Ënnen an den Knauwléck op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se mëll an glasig sen.
  • Den Reis ënnermëschen an kuurz mat aanbrooden.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • No an no, an ënner stännigem réiren die waarem Bréit ënnermëschen, ech hualen dofir een Zoppeläffel, Bréit reduzéiren loossen är deen nächsten Läffel Bréit drop kënnt.
  • Den Reis ëmmer mol rëm schmaaschen, fir ze kucken op en well mëll as an op en genou gewürzt as.
  • Kuurz viraan Schluss d’Rommelen ënnermëschen an am Reis wiärmen, sollten déi bëssen Waasser zéien, datt o reduzéiren loossen.
  • Plaque ausschalten, Dëppen äwer drop stoen loossen. De Botter ënnermëschen an su lang réiren bis et ganz geschmolz as.
  • Dëppen van der Plaque zéien, dann den Permesan drënner mëschen, an hei o su lang réiren bis en ganz geschmolz as. Den Deckel drop leen an 2 Min. bis 3 Min. ruhen loossen.
  • Direkt zervéiren, soss as den Zauber van der Schlotzigkeet fort.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*