Rugden Kappes

Hogt steht een besonnigen Klassiker am Mëttelpunkt, komm mat ant Welt van den Aromen, den Faarwen an den Texturen – Rugde Kappes mat Äppel! An dësem Artikel beschreiwen ech genau, wie dës 2 Zutaten an perfekter Harmonie mateneen verschmëlzen.

Zutaten

  • rugde Kappes
  • Rugdewéngessig
  • Äppel (Boskop)
  • Puderzocker
  • Salz
  • Lorbeerblaad

Zoubereedung

Den rugde Kappes zerdeelen ech mir firtischt an véirel. Ass net ëmmer su einfasch zemools wann den Kapp zimlech deck ass. Stéch Messer an den Kappes an drii Schnégd vam Messer van dir fort. Die eng Hand op den Kappes leen, widert den Reck vam Messer an mat der anner Hand Messer drecken, net schnégden! Durich drecken an den Kappes driien an wégder drecken bis den Tour färdeg ass. Messer soll natiirlech scharef sen.

Subal den Kappes zerdeelt ass, schnégden ech en op der Mandoline an dënn Streifen. Deen leen ech an eng Schossel an besprenkelen den Kappes mam Rugdewéngessig. Dann mëschen ech Salz drënner, kniädden an mëschen den Kappes bis aafänkt Flëssigkeet auszetrëdden. Do dofir am besten Händschen aan.

Mat der Flëssigkeet schëdden ech den Kappes an eent Dëppen an mëschen den Puderzocker an Lorbeerblaad drënner. Op niddriger Hëtzt, ouni zousätzlich Flëssigkeet an mat Deckel dënsten.

Iwerdeems schiälen ech d’Äppel an schnégden se an dënn Spalten oder Würfel. No 15 Min. dënsten mëschen ech d’Äppel drënner an wégder 25 Min. bis 30 Min. dënsten loossen. Schmaaschen an evtl. nosalzen.

Am besten passen bei rugde Kappes Äppel mat enger liiter Saier, wie Boskop, Elstar oder Breaburn, den Boskop hat na deen Virdeel datt en komplett zerfällt. Dës Äppel droen dozou bei, dem Kappes een fruchtigen Geschmaasch ze jiänn, während Saier vam Appel fir een angenehm frëschen Geschmaasch suarigt.

Varianten

  1. Deen fein geschnidden Kappes kanns du am Schwéngschmalz aandënsten, mat bëssen Bréit mëll dënsten, zum Schluss gekooschten Marounen drënner mëschen.
  2. De Kappes kanns du o marinéieren, deen geschniddene Kappes mat Salz mëschen an durichkniädden bis Waasser austrëtt. Fir 2 Deeg am Frigo durichzéien loossen. Aafschëdden an goud aafdrëpsen loossen. Dann mat gehacktem Péitersilich, gehacktem Knauwléck, Lorbeerblaad an bëssen Essig mëschen an na eng kéier 1 Daag am Frigo durichzéien loossen.

Rugden Kappes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1 rugde Kappes

  • Rugdewéngessig

  • 1,5 TL Salz

  • 1 EL Puderzocker

  • 4-5 Äppel (Boskop) an dënn Spalten oder Würfel geschnidden

  • 1 Lorbeerblaad

Zoubereedung

  • Den Kappes zerdeelen an op der Mandoline an dënn Streifen schnégden. An eng Schossel leen an mat Rugdewéngessig bestrenkelen.
  • Salz ënnermëschen an durichkniädden bis aafänkt Waasser auszetredden.
  • De Kappes mat der Flëssigkeet an eent Dëppen schëdden, d’Lorbeerblaad an den Puderzocker ënnermëschen an mat Deckel, ouni zousätzlich Flëssigkeet, op niddriger Hëtzt 40 Min. bis 45 Min. dënsten loossen.
  • No 15 Min. d’Äppel drop leen, goud mëschen an mat Deckel mëll dënsten.
  • Schmaaschen, evtl. noosalzen an waarem zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*