Schoofskiis-Crème

Schoofskiiss – eent Produkt mat enger reicher Geschicht, déi bis an die griechisch Antik zeréckreecht, ass hogt an villen Këchen weltwégt ze fannen. No der Legend hat den Halefgott Aristaios de Mënschen gewissen wie een köstlichen Kiiss zoubereed. Schoofskiiss as bekannt fir säin kräftigen Geschmaasch an Geroosch. De Schoofskiiss ass een wesentlichen Bestanddeel van villen mediterranen Menüer an jëtt dachs als Kiiss an enger Salzlake zoubereed.

Watt brausch ech fir Schoofskiiss-Crème ze maan?

Watt ass su besonnëch aan dësem Rezept? Et ass siier zoubereed. Sämtlich Zutaten jänn einfasch an engem Mixer oder Blender mateneen püréiert.

Ech besuarigen mir fir meng Schoofskiiss-Créme Feta, griechischen oder türkischen Joghurt an Péitersilich. Wanns du Crème bëssen mi scharef wëlls han kanns du o na eng Chilischot, Chilipast oder Ajvar mathualen.

Aus menger Reserve hualen ech Tomatenpürée, Knuawléck an Peffer. Well den Feta an enger Salzlake légt jëtt normalwerweis keen Salz gebrauscht. Nodeems Créme färdig ass, schmaaschen ech an dann maan ech evtl. na bëssen Salz dran. Fir bëssen Frëschheet kann na Zitrounensaaft mat ënnergemëscht jänn.

Fir d’Schoofskiiss-Créme zouzebereeden brausch ech, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, een Mixer, Blender oder Püréierstaaf an eng Schossel.

Zoubereedung

Den Knuawléck schiälen ech an schnégden en an graff Stécker, déi leen ech dann an mein Mixbecher.

Den Feta zerbröselen ech ganz kleng an leen den bei den Knuawléck an den Mixer.

Dann schëdden ech den Joghurt drop an mixen alles well eng kéier kuurz.

Dann maan ech na den Tomatenpürée an Péitersilich dobäi.

Datt Ganzt mixen ech dann bis een crèmigen Dipp entsteht. Sollt datt Ganzt sech net su einfasch mixen loossen, kanns du bëssen Olivenualeg dobäi schëdden.

Schmaaschen an würzen mat bëssen Peffer, sollt et dir net salzig genou sen kanns du o na bëssen Salz mat ënnermëschen.

Optional kanns du Zitrounensaaft, eng Chilischot oder Chilipast mat drënner mëschen, ech han dës kéier Ajvar drënner gemëscht, datt ass eng türkisch Paprikapast, déi een an verschidden Schiäreften krëtt.

3 Tipps fir eng goud Schoofskiis-Créme

  1. Zerbrösel den Feta ganz kleng, en lisst sech dann besser püréiren.
  2. Hual een Joghurt mat engem hiien Fettgehalt, fir eent crémigt Resultat ze kreien.
  3. Mat bëssen Paprikapolwer krëtt deng Crème eng sching Faaref an een besonnëgen Aroma.

Dës Créme kann ganz dengem Geschmaasch aangepasst jänn, experimentéier einfasch mat verschidden Gewürzer an Krégder. Mësch Oliven oder geréistert kleng gewürfelt Paprikastécker drënner. Genausu kanns du eng Schalott mat mixen, watt o na zousätzlich Aroma brengt.

Schoofskiis-Crème

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 2 Ziiwen Knuawléck, geschiält an graff gehackt

  • 200 g Feta, kleng zerbröselt

  • 200 g griechischen oder türkischen Joghurt

  • 0,5 Bott Péitersilich

  • 1 TL Tomatenpürée

  • 1 TL Chilipast, Ajvar oder eng frësch Chilischot

  • Peffer

  • Optional: Saaft van enger halwer Zitroun
    an 1 EL – 2 EL Olivenualeg
    1 TL Paprikapolwer

Zoubereedung

  • De Knuawléck, Feta an Joghurt an een Mixbecher fëllen an well eng kuurz mixen.
  • Péitersilich, Tomatenpürée, Ajvar ënnermëschen an alles zu engem crèmigen Dipp püréiren.
  • Sollt mixen schwierig sen, bëssen Olivenualeg dobäi schëdden.
  • Schmaaschen an mat Peffer würzen, sollt den Dipp dir net salzig genou sen, kanns do o bëssen salz ënnermëschen.
  • Optional: bëssen Zitrounensaaft, Paprikapolwer, am Platz vam Ajvar eng frësch entkärten Chilischot.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*