Kartoffel-Lauch-Suppe, Speckwürfel, Petersilie

Soupe à la bonne femme

“Soupe à la bonne femme” as eng klassisch fransiisch Poretten-Gromperen-Zopp, verfeinert mat knusperig gebroodenem Speck an bëssen Péitersilich. Eent einfascht Rezept mat traditionellem Charme, datt perfekt as, fir gemütlich Momenter ze genéissen.

iwert dës Zopp

Dës Zopp hat keen spezifischen historischen Hannergrond, mais gehiiert zur traditioneller “Hausmannskost”. Iwersatt hëescht dës Zopp “Hausfrauensuppe” an spéijelt die rustikal, hausgemaaten Natur van dësem Ässen. An der fransiischer Këchen, wie o an anneren Këchen weltwégt han su Rezepter dachs een regionalen Ursprong an jänn van Generatioun zu Generatioun gekooscht an verfeinert.

Dës Zopp haat wahrscheinlich hiren Ursprong an der ländlicher Këchen, wu einfasch Zutaten wie Poretten an Gromperen am eegen Gaart gewaas sen.

Zutaten

  • Porettenwäiss
  • Gromperen
  • Mëllich
  • Peffer, Salz an Muskot
  • Botterschmalz
  • gereecherten Speck
  • Pèitersilich

Zoubereedung

Porettenwäiss han ech längs durich geschnidden an grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser gewäsch. Dann han ech se na eng kéier längs durich geschnidden an dann an dënn Streifen.

Lauch

Gromperen han ech geschiält an gewürfelt.

Kartoffeln

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech den Botterschmalz. Op mëttel Hëtzt dënsten ech Poretten do dran aan, mëschen dann Gromperen drënner an dënsten déi mat aan.

Als nächst schëdden ech Mëllich drop an loossen alles op mëttel Hëtzt kooschen bis et mëll as. Salzen.

Du kanns Zopp püréiren oder o net. Et as gedeit fir se stéckig ze loossen fir su deen rustikalen Charme ze waaren.

Ech han se mam Püréestampfer liit zerdreckt. Zopp hat mir su äwer net gefallen an du han ech se mam Staabmixer püréiert bis se crémig wor. Mat Peffer an Muskot würzen.

De Speck han ech separat an enger Pann ouni Fett knusperig gebrooden an zum Schluss als Gernitur mat bëssen Pàitersilich drop geleit.

Tipps

  1. Bei enger Zopp déi mat Mëllich gekooscht jëtt as ëmmer opzepassen datt se net ze siier erhëtzt jëtt an op mëttel Hëtzt gekooscht, Mëllich brennt siier aan.
  2. Kuck datt Gromperen an glächmässig gruuss Würfel geschnidden sen fir datt se gläichmässig durich garen.
  3. Würz Zopp Schrëttweis, an behaal ëmmer am Kapp datt o na Speckwürfel dran kommen déi salzig sen.

Varianten

Hual zousätzlicht Geméiss, wie Muurten, Zellerie an Julienne oder Brunoise geschnidden an am Botter geschwenkt, dann ënnert Zopp gemëscht.

Experimentéier mat Gewürzer, wie z.B. Thymian oder Rosmarin

Niäwent gehacktem Péitersilich as Kiärwel oder Dill o eng Optioun fir an dës Zopp.

Soupe à la bonne femme

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 3 Stangen Porettenwäiss, längs halbéiert dann an ganz dënn Streifen geschnidden.

  • 400 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 1,5 L Mëllich

  • 15 g Salz

  • 150 g gereecherten Speck, gewürfelt

  • Peffer & Muskot

  • gehackten Péitersilich

  • Botterschmalz

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen Botterschmalz erhëtzen, Poretten do dran aandënsten.
  • Gromperen ënnermëschen an mat dënsten.
  • Mëlich drop schëdden an op mëttel Hëtzt su lang kooschen bis alles mëll as. Salz ënnermëschen.
  • Zopp mam Pürestampfer liit püréiren, et as gedeit datt Zopp steckig bleiwen soll fir su deen rustikalen Charme ze waaren. Sie hat mir su äwer net gefallen an dofir han ech se mam Stabmixer püréiert. 😉
  • Zopp mat Peffer an Muskot würzen.
  • An enger separater Pann den Speck knusperig brooden. Als Garnitur mam Péitersilich op Zopp leen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*