Soupe à l’oignon

Oder o Ënnenzopp, bekannt aus der fransiischer Këchen, as et eng köstlich Zopp aus Ënnen, wäisse Wéng, Bréit, getoast Brugd an Kiiss. Dës Zopp as berühmt fir hiren herzhaften an wiärmende Geschmaasch. Sie as eent beléift Ässen an jëtt net nëmmen als Entrée mais o als Frühstück zervéiert.

Mat der Schull wor ech eng kéier den Rungis-Maart bei Paris besichtigen. Rungis as deen griisten Gruusmaart fir frësch Liäwensmëttel op der Welt, an do han ech Moies viraan der Besichtigung eng kräftig Ënnenzopp krii. Fir mech wor et eent Frühstück fir d’Lékt déi do schaffen wahrscheinlich Mëttig oder Owesässen. Rungis as 1969 opgemaat jiänn, fir deen äleren Maart zu Paris, “Les Halles”, ze ersetzen. De Maart as an verschidden Sektiounen ënnerdeelt, déi sech op verschidden Aarten van Liäwensmëttel spezialiséiert han. Dozou gehiiren ënner annerem Fleeschhallen, Fëschhallen, Geméishallen an eng Sektioun fir frësch Bloumen.

Den Zougang zum Rungis-Maart as an der Regel just fir Léckt aus der Liäwensmëttelbranch, wie Händler, Restaurateuren, Gruushändler…, et as äwer miilech Féihrungen ze bouschen an su een Abléck an dësen beandrockende Maart ze erhalen.

Fir eng goud Ënnenzopp brausch ech

  1. Ënnen, déi schiälen ech, halbéiren se an schnéden se dann op der Mandoline an dënn Halefronselen, watt mi dënn watt besser.
  2. An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Botterschmalz, ech brooden d’Ënnen do dran aan, an lossen se sching brong karamleiséiren. Hei zällt watt Ënnen mi donkel sen watt deng Zopp mi eng donkel Faaref krëtt.
  3. Dann schëdden ech deen wäisse Wéng drop an loossen deen bis op Halschent ankooschen.
  4. Als nächst jëtt Bréit dobäi geschott, eng kräftig Randsbréit brengt do natiirlech deen richtige Aroma mat. Du kanns se äwer o mat enger Geméissbréit maan.
  5. Datt lossen ech dann opkooschen, schmaschen se an würzen mat Peffer aus der Millen an Salz.
  6. Op niddriger Hëtzt loossen ech Zopp ongeféier 30 bis 40 Min. kooschen.
  7. Während der Zéckt bereeden ech Baguett oder Toastbrugd fir do schmiären ech op die 2 Ségten Botter an toasten se van 2 Ségten an enger waarmer Pann oder am waarmen Schiäffchen, fir 5 Min. bei 220°C, denk äwer draan am Schiäffchen mussen Scheiwen eng kéier gedrigt jiänn.
  8. Zopp jëtt dann an kleng feierfest Formen gefëllt, Baguett kënnt drop leien an dann frësch geraspelten Gruyére driwer streien am Schiäffchen iwerbaaschen bis de Kiis aafänk goldbrong ze jiänn.

Hei na paar Fakten iwert Ënnenzopp

Den Ursprong:

D’Ënnenzopp hat wahrscheinlich hiren Ursprong an der réimischer Këchen. An der Antik as well eng Art Ënnenzopp zoubereed jiänn. Déi hat natiirlech o eng Evolutioun mat gemaat an hat sech iwert Joerhonnerten zu engem beléiften Menü entweckelt.

Aarem-Lékts-Ässen:

An der Geschicht wor d’Ënnenzopp dachs eent einfascht bëlligt Ässen, datt van Mënschen gekooscht jiänn as, déi sech keng deier Liäwensmëttel leesten konnten. D’Ënnen woren net deier an han sech lang gehalen, dofir han sie eng wichtig Roll an der Volékskëchen gespillt. An wie su dachs weist et rëm, datt aus einfaschen winigen Zutaten kleng Berühmtheeten entstinn, déi weltwégten Genoss fannen.

Variatiounen:

Et jiänn vill regional Variatiounen op der ganzer Welt. An Frankreich as “Soupe à l’oignon” die bekanntest, äwer o anner Länner wie USA an Däitschland han hir eegen Variatiounen. Obwohl Ënnenzopp eent einfascht Ässen as, hat sie Hogt o an der “Haute Cuisine” hiren Platz fond. Vill Këchen han hir eegen raffinéiert Versioun van dëser Zopp entweckelt, déi dachs mat edelen Zutaten wie Trüffel an deirem Kiiss zoubereed jiänn.

De Kiisdeckel

Deen mat Kiis iwerbaaschenen Toast as een Muss. Deen geschmolzene Kiiss jëtt der Zopp eng crémig Konsitenz.

Popularitéit an der Kultur:

Ënnenzopp hat hiren Platz an der Kultur fond, Dachs jëtt sie an Filmer an Fernsehsendungen als datt klassischt “Comfort Food” dargestallt.

Ënnenzopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • Botterschmalz

  • 500 g Ënnen

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 2,5 L Randsbréitbréit

  • 100 g frësch geraspelten Gruyère

  • Baguette oder Toastbrugt

Zoubereedung

  • D’Ënnen schiälen, an op der Mandoline dënn Streifen oder dënn Ronselen schnegden. Watt mi dënn watt besser.
  • Botterschmalz an engem waarmen Dëppen erhëtzen an d’Ënnen do dran aanbrooden an op mëttel Hëtzt krarmelsiséiren loossen. Watt Ënnen mit Brong sen watt deng Zopp zum Schluss mi däister as.
  • Wéng drop schëdden an bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Bréit dropp schëdden, opkooschen loossen. Schmaaschen an ongeféier 30-40 Min. kooschen loossen. 
  • Während Zopp kooscht bereeden ech Baguett fir, déi schnégden ech an Scheiwen an schmiären bëssen Botter drop, am waarmen Schiäffchen bei 220°C réisteren ech Baguette ongeféier 5 Min. Brugd eng kéier driien.
  • Zopp fëllen ech an kleng feierfest Formen, leen 1 oder 2 Stécker Baguette drop an streien de geraspelten Kiiss driwer, déi iwerbaaschen ech dann goldbrong am Schiäffchen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*