Steakpann mat Gromperen an Geméiss

Hokt hualen ech dëch mat op eng Réis an die kulinarisch Welt vam herzhaften Genoss – mat enger einfascher an köstlicher Steakpann! Een Menü deen einfasch zozebreeden ass an sämtlich Aromen op den Punkt brengt. Saaftigen Steak, golbrong gebrooden Gromperen, séiss Muurten an Courgetten vereenen sech zu engem harmonischen Ganzen.

D’Kombinatioun aus Fleesch an Gromperen déint an villen Kulturen weltwégt ségt Joerhonnerten als Grondnahrungsmëttel. Well an der fréier Neizéckt sen om oppenen Feier su Menüer aus der Pann zoubereet jänn. Een klassichen “Hausmannskost”-Menü mat Traditioun, deen äwer modern bleift.

Zutaten fir meng Steakpann mat Gromperen an Geméiss

1. Randssteak

  • saaftig an aromatisch, ass dëst Fleesch den Star van dësem Menü, en brengt een herzhaften, kräftigen Fleeschgoût, deen perfekt mat deen anneren Zutaten harmonéiert.

2. Gromperen

  • Die kleng Knollen, déi den Job han dech satt ze maan. Goldbrong gebrooden suarigen sie fir eng wonnerbar Textur an sen die ideal Beilaag fir d’Aromen van deen anneren Zutaten ze ënnerstreichen.

3. Muurten

  • Séiss an knackig, sie brengen net nëmmen Faaref ant Pann, mais o een liiten séissen Aroma, deen dëst Ässen perfekt ausbalancéiert.

4. Courgetten

  • Mëll an saaftig, brengen sie eng angenehm Frëscheet an suarigen fir zousätzlichen Biss, ouni den Goût van den Hauptzutaten ze iwerdecken.

5. Ënnen

  • Sie brengen een angenehm würzigen Aroma, durich brooden setzen sie een séissen, zwibbelartigen Aroma frei deen sämtlich Zutaten perfekt ergänzt.

6. Knuawléck

  • Mat sengem kräftigen Aroma suarigt de Knuawléck fir een gouden herzhaften Goût an ronnt deen ganzen Menü aaf.

7. Krégder

  • Sie brengen een intensiven Aroma an een hauch van frëschem mediterranen Flair.

8. Zitrounensaaft

  • Brengt deen nigdigen frëschekick zu deem séissen Geméiss.

9. Salz & Peffer

  • Die goud aal Gewürzcrew, suarigt dofir d’Aromen ze hiäwen an alles op den Punkt ze würzen.

10. Olivenualeg oder Botterschmalz

  • Suarigt dofir, datt alles an der Pann brutzelen an Faaref aanhualen kann.

Zoubereedung

Ech han mam Fleesch aagefongen, datt han ech an Würfel geschnidden, leider han ech dës kéier beim Metzler paar Steaken erwëscht déi zwar net zii, äwer zimlich hart sen su datt ech mëch entscheed han d’Fleesch firtischt ze marinéiren fir et mi zaart ze kreien. An enger Mëschung aus Olivenualeg, Zitrounensaaft, gehacktem Knuawléck, gedrëchenten Oregano, Thymian, Rosmarin, Salz an Peffer han ech d’Flesch iwert Nait marinéiren geloss. Op mannst d’Fleesch 2 Stonnen marinéiren lossen.

Den Daag drop han ech mat den Gromperen aagefongen, déi han ech geschiält, ënner fléissendem Waasser grëndlich aafgewäsch an goud aafdrëpsen geloss. An enger waamer Pann han ech bëssen Olivenualeg erhëtzt an Gromperen do dran op mëttel Hëtzt durich mëll gebrooden, salzen se. Datt hëllt die längsten Zéckt an aansprosch. Subal Gromperen mëll sen hualen ech déi raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

Iwerdeems Gromperen brooden, schälen ech d’Ënnen an schnégden se an dënn Streifen. Muurten schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen. Gourgetten wäschen ech grëndlich, schnégden se läng durch an, an dënn Halefronselen.

An der selwischter Pann han ech Fleesch all rondrëm brong aangbrooden, raus geholt an op Ségt gestallt.

Als nächst han ech d’Ënnen gebrooden an karameliséiren geloss, wann déi bis eng sching goldbrong Faaref erreecht han mëschen ech Muurten an Courgetten drënner an brooden alles bis et na bëssen Biss hat. Würzen mat Salz an Peffer.

Dann mëschen ech d’Fleesch an d’Gromperen drënner an erhëtzen alles.

Op Telleren verdeelen an mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéiren, well ech o na bëssen Sauerrahmdip haat han ech deen o na als Topping mat zervéiert.

Varianten

  • Du kanns datt Ganzt o mat Speckwürfel an sauert Mouss zoubereeden.
  • Fir mi eng fein Variant kanns du am Platz van den Ënnen, Schalotten hualen an evtl. bëssen Zooss aus rugdem Wéng, Dijon-Mostert an fir mi cremigkeet bëssen Schmand zoubereeden.
  • Een richtig gouden Goût krëtt dës Pann wanns du zum Schluss bëssen Balsamicoessig an frësch geriwene Parmesan ënnerréires.
  • Fir mi eng scharef Variant, kanns du frësch gehackten Chilischot mat brooden an mat Cumin an Cayennepeffer Würzen, als Garnitur gehackten Koriander, evtl. na bëssen Maïs an als Topping Guacamole hualen.

Steakpann mat Gromperen an Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten
Marinéierzéckt

2-12

Stonnen

Een Genoss, deen dech an die herzhaft Welt van der “Hausmannskost” entféiert an dobäi äwer modern bleift.

Zutaten

  • 500 g Randssteak, gewürfelt

  • 500 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 3-4 mëttelgruuss Muurten, geschiält, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 Courgette, gewäsch, an dënn Halefronselen geschnidden

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • Salz & Peffer

  • Fir Marinade
  • 60 bis 80 ml Olivenualeg

  • Saaft van 0,5 Zitroun oder Limette

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • Salz & Peffer

  • Fir garnitur bëssen gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten fir d’Marinade vermëschen ech an leen d’Fleesch dran, vermëschen alles goud an loossen et iwert Nait am Frigo durich zéien. Op mannst 2 Stonnen marinéiren.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bësen Olivenualeg an brooden do dran op mëttel Hëtzt Gromperen bis se druich mëll an sching goldbrong sen an salzen se. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Fleesch all rondrëm brong aan, hualen et raus an stellen et op Ségt.
  • Dann brooden ech d’Ënnen an loossen déi karameliséiren, wann déi sching goldbrong sen mëschen ech d’Muurten an Courgetten drënner an brooden alles op mëttel Hëtzt bis et na Biss hat. Würzen mat Salz an Peffer.
  • Dann mëschen ech d’Fleesch an Gromperen drënner an erhëtzen alles.
  • Op Telleren verdeelen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert an eng Topping zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*