Suprême de volaille aux tomates

Dëst Ässen klengt net nëmmen elegant, mais et schmëcht o genausu – zarten Poulefilet, deen an enger aromatischer Tomatenzooss gegart jët. Mi bekannt ass wahrscheinlich den Poulet Marengo, eent traditionellt fransiischt Rezept, bei deem den Poulet an enger Tomaten – Wäissenwéng-Zooss gegart jët. Et baséiert op der historischer Schlacht van Marengo, déi van, deemols na Konsul, Napoleon gewonnen ass jiän.

Loss dech iwerraschen, watt ech aus dësem Rezept gemaat han. D’Rezept fënns du ënnen op der Ségt.

Zutaten fir mein Suprême de volaille aux tomates

1. Pouletfilet

  • De Pouletfilet ass zart mooert Fleesch van der Brost vam Poulet, et ass reich an Proteinen, Kalorienaarem, Fettaarem an enthält vill wiärtvoll Nährstoffer.

2. Tomaten

  • Dës saaftig rugd Friischten sen d’Herzstéck van dëser aromatischer Tomatenzooss.

3. Ënnen

  • Traditionelle jët den Poulet Marengo mat Schalotten gemaat, ech hualen äwer Ënnen. D’Schalotten sen mi mëll am Goût an sollen nêmmen liit aangrbooden jiän. Ënnen lossen ech karameliséiren an sie brengen na zousätzlichen Aroma mat ant Zooss.

4. Knuawléck

  • Knuawléck, dës aromatisch Knoll brengt deen richtigen Aroma ant Zooss an duaref an su engem Menü net fehlen.

5. Basilikum

  • Basilikum, eent mediterrant Krogt datt weltwégt an den Këchen verschafft jëtt.

6. wäissen Wéng

  • den wäissen Wéng jëtt dachs an den Këchen gehollt fir aafzeläschen, fir d’Aromen fräi ze setzen an ze intensivéiren. Beim kooschen verdämpt deen meesten Alkohol, äwer die fein Aromen vam Wéng bleiwen erhaalen.

7. Bréit

  • Eng Bréit ass Basis van Zoossen oder Zoppen, Sie brengt Aroma an een reichen Goût ouni Zooss ze schwéier ze maan.

8. Salz & Peffer

  • Salz déint als Geschmaaschsverstäriker, zesaammen mam Peffer verstärken die zwee deen natiirlechen Aroma van sämtlichen Zutaten.

9. Gromperen

  • Gromperen béiden ëmmer eng Grondlaag déi satt mëcht, an mengem Rezept jänn se fritischt gebrooden an dann mat ënnert Zooss gemëscht.

10. Mozzarella

  • Traditionell jëtt dëst Rezept mat bëssen Schmand gekooscht, fir een mëllen cremigen Aroma suarigt bei mir den Mozzarella.

11. Olivenualeg

  • Den Olivenualeg spillt an der mediterraner Këchen eng zentral Roll. O wann et ëmmer heescht Olivenulaeg duaref net hii erhëtzt jänn, watt o stëmmt, mais een “nativen Olivenualeg extra” oder een “nativen Olivenualeg” kann bis zu 180°C erhëtzt jänn, an datt geht durichaus daar fir ze brooden oder ze baaschen. Bis zu dëser Temperatur jëtt et keng wëssenschaftlich Begrënnung fir miilisch gesondheetlich Behënnerungen. Fir alles watt iwert 180°C geht ass et am besten een raffinéierten Ualeg ze hualen.

Zoubereedung

  • Firtischt bereeden ech alles fir, de Poulet salzen ech an lossen en ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien, dèck en äwer zou mat Folie oder einfasch mat engem Deckel, am besten ass et natiirlech ëmmer iwert Nait am Frigo.
  • Tomaten wäschen ech grëndlich an schnégden se an aaschtel.
  • D’Gromperen schiälen ech an schnégden se an dënn Spalten.
  • D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen.
  • De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.
  • Hëlls du frëschen Basilikum deen wäschen, drëchen rëselen an graff hacken, paar sching Bläder fir Garnitur behaalen. Ech han gedrëchenten gehollt, haat vergees es mat aus dem Buttik ze brengen.
  • De Mozzarella schnégden ech an Scheiwen an setzen en an den Frigo bis ech en brausch.
  • Ausserdeem setzen ech mir de wäissen Wéng, d’Bréit, Salz an Peffer parat.

TIPP: Virbereedung ass alles, et erspart dir Stress an du féils dech wie een Profi. 😉

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech Gromperen ongeféier 20 Min, bis se goldbrong sen, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch. Wanns du vill Gromperen has, dann brood se an Etappen.

TIPP: Gromperen mussen lo na net durich mëll sen, loss se op mëttel bis hii Hëtzt brooden, réier net zevill drann su datt se eng sching brong Krust kreien.

Als nächst pefferen ech den Poulet an brooden deen an der selwischter Pann all rondrëm aan. Deen hualen ech raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.

TIPP: driien de Poulet net zevill, jëff ëm Zéckt fir eng sching goldbrong Krust ze bilden!

An der selwischter Pann brooden ech dann op mëttel Hëtzt d’Ënnen an loossen se karameliséiren, wann déi bis goldbrong sen, salzen ech se liit an läschen se mam wäissen Wéng aaf, deen loossen ech baal ganz reduzéiren.

De Schäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Dann mëschen ech den Knuawléck an Tomaten drënner an dënsten déi kuurz mat aan.

TIPP: Wanns du wëlls kanns du Tomaten iwerbréihen an schiälen, su jëtt Zooss mi fein.

Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, driien Hëtzt rop an loossen Zooss opkooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz, Peffer an deem gedrëchenten Basilkum.

TIPP: deen frëschen Basilikum mëschen ech ëmmer ënnert eng Zooss noodeems se gekooscht hat, fir datt en datt meest van sengem Aroma behällt. Deen gedrëchenten kann mi lang mat gekooscht jänn.

Dann mëschen ech Gromperen drënner an leen den Poulet ant Zooss. De Mozzarella verdeelen ech driwer a setzen Pann ouni Deckel fir ongeféier 20 Min, an deen waarmen Schiäffchen, bis den Kiiss geschmolz an goldbrong ass.

TIPP: Wanns du onsëcher bass op den Poulet durich gar ass, préif et mat engem Fleeschthermometer: die ideal Kärtemperatur soll bei 75°C leien.

D’Zooss mat den Gromperen verdeelen ech op Teller an leen den Poulet drop oder dobäi, dann garnéiren ech en mat frëschen Basilikumbläder oder gehacktem Péitersilich.

Tipps

  1. Loss dir Zéckt – Hektik ass den Feind an enger Këchen, o wann et vill Rezepter jänn déi domaat aanjiän – an 30 Min. steht alles om Dëch! Bereet alles fir an genéiss den Prozess!
  2. Qualitéit van den Zutaten – Je besser Zutaten, desto besser ass d’Ergebnis. Frësch an Zégdig ass hei den A an O. An o beim Wéng notz ëmmer een Wéng deens du o jären drénks.
  3. Gedold beim Aanbrooden – Hëlls du dir Zékt fir die eenzel Zutaten grëndlich an goud aanzebrooden krëss du een Menü mat suvill mi Aroma an Goût, et lungt sech wirklich Gedold ze han!

Suprême de volaille aux tomates

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 500 g Gromperen, geschiält an dënn Spalten geschnidden

  • 6-8 Tomaten, an dënn Spalten geschnidden (aaschtel)

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawkléck, fein gehackt

  • 1 EL gedrëchenten Basilikum

  • 200 ml wäissen Wéng (an vläicht eent Glas fir dëch)

  • 300 ml Houhnerbréit

  • 1-2 Boulen Mozzarella, an Scheiwen geschnidden

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • Salz

  • schwarze Peffer

Zoubereedung

  • De Poulet salzen an zougedeckt ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien loossen. Am besten natiirlech ëmmer iwert d’Nait am Frigo.
  • An enger waarmer Pann erhëtzten ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran Gromperen bis se eng sching brong Krust han, sie mussen lo na net durich mëll sen. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech den Poulet rondrëm grëndlich goldbrong aan, deen hualen ech raus an stelle en op Ségt bis ech en brausch.
  • Als nächst an rem an der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen an lossen se op mëttel Hëtzt karameliséiren. Iwerdeems déi brooden wiärmen ech den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • D’Ënnen läschen ech mam wäissen Wéng aaf an loossen deen baal ganz ankooschen.
  • Dann mëschen ech Tomaten mam Knuawléck drënner an dënsten datt kuurz mat aan.
  • Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, würzen mat Salz, Peffer an Basilikum an loossen Zooss opkooschen.
  • Dann mëschen ech Gromperen ënnert Zooss, leen den Poulet dran an verdeelen den Mozzarella driwer.
  • Su setzen ech Pann ouni Deckel an deen waarmen Schiäffchen an loossen datt ganzt 20 Min. baaschen bis den Kiiss geschmolz an goldbrong ass.
  • Zooss mat den Gromperen verdeelen ech op Telleren, leen den Poulet drop oder dobäi an garnéiren mat gehacktem Péitersilich.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*