Tzatziki as eng grieschisch Joghurtzooss, déi dachs als Dip oder Beilaag zervéiert jëtt. Sie besteht Hauptsächlich aus grieschischem Joghurt, Cornichon, Knuawléck, Olivenualeg, frëschem Dill oder/an Mënz suwie Zotrounensaaft. Tzatziki hat een erfrëschende, crémigen Geschmaasch mat engem liiten Knuawléckaroma an jëtt dachs bei gegrillten Fleesch, Pita-Brugd oder als Dip fir Geméiss gehollt. Tzatziki as eng beléift Beilaag aus der grieschicher Këchen an jëtt o an anneren Länner aus dem östlichen Mëttelmiärraum genoss.
Wahrscheinlich kënnt Tzatziki ursprünglich aus Indien, et as eng Variatioun van der „Raita-Zooss“, enger indischer Joghurt-, Krégder-, an Cornichonszooss, déi bei scharefen Reismenüer zervéiert jëtt, su sen d’Aromen ausgeglasch an Schiäreft jëtt reduzéiert.
Watt brausch ech?
- Joghurt, am besten deen griechischen oder mat vill Fett. Du kanns natiirlech o die light-Versioun hualen, mais domatt schmëcht Zooss net.
- Geméisscornichon, an villen Rezepter jëtt Cornichon geraspelt, et kann een se äwer o kleng würfelen. Ech maan meestens eng Mëschung aus deen 2. Ganz wichtig as hei Cornichon goud fest aus ze drécken, datt su vill wie miileg Waasser ausgepresst jëtt.
- Salz
- frësch gehackten Dill, du kanns natiirlech o op deen gedrëchenten zereckgreifen, mais et as eng Zooss déi mat frëschen Krégder gemaat jëtt. Wivill Dill datts du dran mëchs fënns du mat schmaaschen raus.
- Mënz, mat der Mënz mi virsichtig sen, mësch firtischt een Deel drënner an schmaasch Zooss. Mënz déint dozou der Zooss na een frëschenkik ze jiänn an soll net Iwerhand hualen.
- Knuawléck, bei Knuawléck jëtt et keen zevill 😉 . 1 Ziif muss et äwer sen, o wanns du keen Fan bas.
- Zitrounensaaft, aafangs nëmmen Halschent ënnermëschen, Zooss schmaaschen, wann se su fir dech säerlich genou as, dann keen Zitrounensaaft mi ënnermëschen.
- Olivenualeg
Zouberreedung
Cornichon schiälen längs halbéiren an entkären, die eng Halschent fein raspelen, die anner an kleng Würfel schnégden. Kräftig ausdrecken, datt geht am besten mat engem properen Handousch.
Zesaammen mam Joghurt, den Krégder, dem Salz, deem zerriwene Knuawléck, der Halschent vam Zitrounensaaft an Olivenualeg mëschen.






Schmaaschen an evtl, mat na bëssen Zitrounensaaft aafronnen.
Tzatziki
Schwierigkeit: einfaschZutaten
1 Geméisscornichon
300 g grieschischen Joghurt
Saaft vam 0,5 Zitroun
2 EL frëschen gehackten Dill
1 EL frësch gehackten Mënz
2 EL Olivenualeg
0,5 TL Salz
2-3 gehackten Ziiwen Knauwkléck
Zoubereedung
- Cornichon schiälen längs halbéiren an entkären, die eng Halschent fein raspelen, die anner an kleng Würfel schnégden. Kräftig ausdrecken, datt geht am besten mat engem properen Handousch.
- Zesaammen mam Joghurt, den Krégder, dem Salz, deem zerriwene Knuawléck, der Halschent vam Zitrounensaaft an Olivenualeg mëschen.
- Schmaaschen an evtl, mat na bëssen Zitrounensaaft aafronnen.