Alles watt mat Kiiss iwerbaasch ass schmëcht einfasch besser, wann et dann na dobaussen reent an, an der Këchen rëcht et no Summer an Hiärest zugläich: Gréin Bungen, saftig Tomaten, erdig Gromperen, an bëssen Kiiss uawen drop. Eent van deen Ässen datt een an kengem Rezeptbousch fënnt, watt äwer wiisst, mat den Joereszekten, mam Gaart an mat der Lost op Kooschen.
An äwer stëcht an su engem einfaschen Gratin bëssen mi. Geschicht, Wandel, Handwiärik an vriaan allem ganz vill Goût. Ech hualen dech hokt mat zum Ursprong van den Zutaten, iwert d’Entwécklung van su engem Ässen bis hin zu menger Interpretaioun.

Van Bungen, Tomaten an Gromperen eng kleng Weltréis om Teller
Die gréin Bungen, hir Wuurzelen leien, we die meest Bungen, an Mëttel- an Südamerika. Iwer Spanien sen sie am 16ten Joerhonnert an Europa aankommen, firtischt als sching Planz déi op der Fensterbänk steht. Die sching Bléihen woren beléift, gäss jiän ass Afanks nëmmen deen gerëchenten Soom. Rischt mi spéit ass een op d’Iddi kommen, die jung gréin Hülsen ze notzen.
Tomaten han eng ähnlich Geschicht. O sie kommen aus Südamerika, afanks als ongenéissbar erklärt, sen sie hokt net mi aus der mediterraner Këchen an, aus eisen Këchen fort ze denken.
An o d‘Gromperen sen mat den Spanier aus Amerkia kommen. Zesaammen han ech een internationalen Trio, deen op eisen Telleren well lang heemisch ass. An engem Gratin wie dësem sen sie wie eng Art kulinarisch Friddensmissioun, sie duarefen all matmaan, an jidfereen brengt jiät mat.
Iwert Rester déi zu Delikatessen jiän
Een Gratin ass ursprünlich aus der Nugd entstannen, Geméiss datt am Gaart wor ass zesaammen mat Grondzutaten an de Schiäffchen gestallt an gebaasch jiän. Een Gratin mëcht satt an sie sen goud virzebreeden. Sie han geholef Rester ze verwiärten, Zutaten sënnvoll an ze setzen an d’Feierplatz effizient ze notzen.
Hokt erliäwen dës einfasch Rezepter eng kleng Renäissance an datt aus goudem Grond. Ëmmer mi Mënschen wëllen wossen, wat an hirem Ässen stëcht an van wu et kënnt. Een Gratin aus saisonalem Geméiss ass well een klenge Statement, geent Verschwendung, geent anonym Fiärdigprodukter an fir bewosst Kooschen.
Regional, saisonal an rischtig lecker
Bungen han bei eis van Juli bis September Hauptsaison. Tomaten vam Feld ebenfalls. Gromperen krëtt een datt ganz Joer, äwer besonnig die fréih Zorten am Juni an Juli oder die miählig Hiärestzorten am Oktober an November eegnen sech besonnig goud fir een Gratin.
Hält een sech aan d’Saison schmëcht alles besser. D’Bungen sen séiss an knackig, Tomaten sen fruuchtig an intensiv, d’Gromperen sen nossig an maan satt. An well alles aus der Regioun kënnt, kuurzen Transport winiger Pestiziden an vill mi Goût.
En bëssen Traditioun, en bëssen Experiment
D’Grondrezept ass simpel:
D’Gromperen schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen.

Bungen, ausserhalb der Saison hualen ech am léifsten gerfruarener. Déi blanchéiren ech fir paar Minuten am kooschenden Salzwaasser, noom aafschëdden schrecken ech se am Äiswaasser aaf.

Tomaten, am Summer frëscher an ausserhalb der Saison han ech meng Reserve Summer ëmmer angekooscht an der Spënnchen stoen.
Ënnen an Knuawelek, déi duarefen bei mir an kengem herzhaften Ässen fehlen.
Gewürzt jiët bei mir meestens ganz klassisch mat Salz an Päffer an hei dann na zousätzlich meng italienisch Krégdermëschung, an meng Geméisspast.

Datt Ganzt jiët an enger feierfester Form geschicht. Ech han Mozzarella driwer zerpléckt, all anneren Kiiss deen goud fir ze iwerbaaschen ass, an dir goud schmëscht passt äwer o dozou. Am waarmen Schiäffchen bei 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt jiët datt Ganzt dann 50 bis 60 Min. gebaasch, bis d’Gromperen mëll sen an de Kiiss goldbrong.

An wanns du den Schiäffchen op mëchs, wees du well datt et goud jiët.
Wann de Summer an de Gläser waant
Well dëst Ässen besonnig aan d’Saison aangepasst ass, legt et no, sech am Summer eng Reserve fir de Wanter ze maan. Hei kënnt datt aalt Handwiärik vam Haltbarmaan an d’Spill.
Am September kreien ech San Marazano Tomaten aus Italien, déi kooschen ech mir fir de Wanter an Gläser an. An gléif mir et, du keefs noodeems de déi geschmaascht has am léifsten keng Bëchsen mi.
D’Bungen fréiren ech am léifsten an, ech blanchéiren se kuurz, vakuuméiert an Protiounen angfruaren han ech su ëmmer eng kleng Reserve. Du kanns d’Bungen o fermentéiren, de Goût jiët durich mëlichsauer fermentéiren mi herb, harmonéiert äwer wonnerbar mat deen séissen Tomaten.
D’Gromperen jiän am besten kéil, donkel an lëftig gelagert. Allerdings kanns du Gromperen o ënner Drock an Gläser ankooschen.
Modernen Anfloss
Natiirlich duarefs du o kreativ jiän. Am Platz vam Mozzarella deen ischter een mëllen, neutralen Goût hat kanns du Feta oder een anneren Geesekiss hualen. Oder du mëchs na gekooschten Lënsen ënnert dein Gratin. Ween et léiwer asiatisch hat, kann eng Miso-Schmandmëschung mat Schichten. Am Hiärest kanns du Tomaten durich Kürbis an gedrëchent Tomaten ersetzen.
Graad su Kombinatiounen maan aal Iddiien rëm nei. Et jiët mat deem geschafft watt do ass, mat Léift, mat Know-How an mat Furwatz.

Watt brengt Zukunft?
Wann een mat jungen Lekt schwätz miärikt een, wie vill Lost do ass, aal Techniken mat neiem Wossen ze verbannen. Permakultur, Urban Gardening, all datt hat Anfloss op datt watt mir Ässen.
Watt bleift ass ëmmer den Wonsch no éierlichem Goût. Noom Geféihl, jiät selwer gemaat ze han. An noo deem Woossen datt Ässen eis net nëmmen ernährt, mee o de Buadem, d’Ëmwelt an d’Geminschaft.
Fazit
Mäin „Gréin Bungen-Tomaten-Gromperen-Gratin“ ass fir mëch eent Ässen, datt verbënnt, jiäster, hokt an muarren. Et erzällt van aalen Wëer an neien Iddiien. An et weisst wivill Potenzial an simplen Zutaten stëcht, wann se mat Respekt behandelt jiän.
Villäicht kucks du jo die nächst kéier om Maart oder an dengem Gaart, watt do ass. Schichst datt Ganzt an eng Form. Bëssen Kiiss an bëssen Léift an fiärdig ass eent Ässen, datt einfasch no mi schmëscht.
Gouden Appetit!
Van Restverwiärtung zu enger vegetarischer Delikatesse
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten1
StundeZutaten
500 g gréin Bungen, halbiert an blanchéiert
600 g Gromperen, geschiält an dënn Scheiwen geschnidden
bëssen Olivenualig
3 gruss Tomaten, gewürfelt (alternativ 1 Bëchs oder Glas Pelati)
150 ml Waasser
1 Ënn, gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Salz an Päffer
2 TL Geméisspast
2 Boullen Mozzarella
Zoubereedung
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnichthëtzt vir
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen bis se mëll sen an goud rauschen. Do mëschen ech dann den Knuawelek drënner an subal deen afänkt mat rauschen schëdden ech Tomaten an d’Waasser dobäi. Zooss lossen ech opkooschen, an würzen mat Salz, Päffer, deen italienischen Krégder an der Geméisspast. D’Hëtzt driien ech raaf, an loossen Zooss goud 20 Min. kooschen su datt se liit reduzéiert.
- Dann mëschen ech die blanchéiert Bungen ënnert Zooss.
- An enger angefetter feierfest Form schichten ech om Buadem d’Gromperen, do drop verdeelen ech eng dënn Schicht Zooss mat deen gréine Bungen, do drop dann rëm Gromperen, su schichten ech datt Ganzt bis alles verschafft ass an ech schléissen mat enger Schicht Tomatenzooss mat Bungen aaf.
- Om Gratin zerplécken ech den Mozzarella an verdeelen deen driwer
- De Gratin setzen ech dann fir ongeféier 50 Min. bis 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen. bis d’Gromperen mëll sen an den Kiiss goldbrong.