Rouladen egal an watt fir enger Versioun sen Klassiker aus vill verschidden Këchen. Ech han hei mol eppes probéiert: Vegetarisch Wirsingrouladen mat enger Fëllung aus Muurten, Zellerie, Pastinaken, Rommelen, Ënnen an Knuawléck liit orientalisch gewürzt mat Garam Masala.
Dës Rouladen kanns du als Beilaag zervéiren oder mat Pürée, Reis oder Nudelen als kompletten Menü genéissen.
Dofir brausch ech.
- Wirsing
- bëssen Kappeswaasser halen
- Ënnen
- Knauwléck
- bëssen Olivenualeg
- Muurten
- Knollenzellerie
- Pastinaken
- rugd Rommelen
- Zitrounensaaft
- Garam Masala (oder Gewürzer eenzel ënnermëschen, basis Gewürzer dofir sen, schwarze Kardamom, Kreuzkümmel, Neelchskäpp, Cannelle an Lorbeer, déi am Mörser fein zereiwen. Fir mi Goût kann een déi viram Mörseren an enger drëchener Pann réisteren. An just ganz bëssen Lorbeer soss jëtt et siier batter.) Die färdeg Mëschung as o ganz goud.
- schwarze Peffer
- Salz
- Peccorino oder Parmesan
- Eier
Gekooscht jëtt.
Vam Wirsing die baussicht Bläder aafschnegden. De Wirsing dann an die eenzel Bläder zerdeelen, de Stronk platt schnegden. Dann han ech se an engem gruussen Dëppen mat vill kooschendem Salzwaasser ongeféier 5 Min. blanchéiert. Aaafschëdden an am kaalen Waasser afschrecken, goud aafdrëpsen loossen. Ech halen ongeféier 1 Tass Kappeswaasser fir haneno Rouladen ze schmoren.
Muurten, den Zellerie an Pastinaken han ech geschiällt an a kleng Würfelen geschnidden.
2 Wirsingbläder han ech an dënn Streifen geschnidden.
Rommelen, do han ech die färdeg gekooscht gehollt, déi han ech o kleng gewürfelt. Du kanns o riier hualen, déi dann o kleng würfelen.
Ënnen an de Knuawléck han ech fein gehackt.
An enger waarmer Pann han ech bëssen Olivenualeg erhëtzt, an do dran Ënnen an de Knauwléck aangebrooden, an bëssen Faaref aanhualen geloss.
Als nächst han ech Muurten, den Zellerie an Pastinaken dobäi jiänn, alles op mëttel Hëtzt ongeféier 5 Min. gebrooden.
Dann han ech die rugd Rommelen, deen an fein Streifen geschniddene Wirsing an den Zitrounensaaft drënner gemëscht. An datt Ganzt 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden gelooss, ëmmer mol rëm dran réiren. Wanns du rii Rommelen hëlls kanns du déi direkt mat deem anneren Geméiss ënnermëschen.
Geméiss soll bëssfest bleiwen. Gewürzt han ech mat Salz, Peffer an Garam Masala. Ech han dann alles an eng Schossel ëmgefëllt an et bëssen aafkéilen geloss.
Als nächst han ech Eier an de Peccorino ënnergemëscht.
De Schiäffchen op 170°C Grad virwiärmen.
Wirsingbläder op der Aarbichstplaque auserneenleen, an iwerall een gouden Läffel drop leen, dann Ségten beineenklappen an anrullen. Du kanns lo een Zahnstocher oder Fisselle hualen dir se ze fixéiren, mais wann se an enger feierfester Form fest beineen getesselt sen brausche een datt net.
Die färdeg Rouladen an eng feierfest Form tesselen, bëssen Kappeswaasser drop schëdden an am waarmen Schiäffchen 25-30 Min. schmoren
Vegetarisch Wirsingrouladen
Schwierigkeit: mëttel4
50
Minuten30
MinutenZutaten
10 gruuss Wirsingbläder
1 Tass Kappeswaasser
1 gehackten Ënn
1 gehackten Ziif Knuawléck
bëssen Olivenualeg
150 g gewürfelt Muurten
150 g gewürfelt Pastinaken
150 g gewürfelten Zellerie
150 g gewürfelt rugd Rommel
Saaft van enger halwer Zitroun
150 g frësch geraspelten Peccorino oder Parmesan
1 Ei
Salz
schwarze Peffer
1-2 TL Garam Masala
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 170° C graad virwiärmen.
- An vill kooschendem Salzwaasser Wirsingbläder 5 Min. blanchéiren. Am kaalen Waasser aafschrecken an goud aafdrëpsen loossen. Eng Tass Kappeswaasser halen.
- An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen, d’Ënnen an den Knauwléck aanbrooden an bëssen Faaref aanhualen loossen.
- Muurten, Pastinaken an den Zellerie ënnermëschen an ongeféier 5 Min. brooden.
- Rommelen ënnermëschen an na wegder 10 Min. brooden.
- 2 Wirsingbläder an fein Streifen schnegden an déi mat dem Zitrounensaaft ënnermëschen
- Mat Salz, Peffer an Garam Masala würzen.
- An eng Schossel ëmfëllen an bëssen aafkéielen loossen.
- Ei an den Peccorino ënnermëschen.
- Wirsingbläder op der Aarbichstplaque auserneenleen, iwerall een gouden Läffel Geméissmëschung drop leen. Ségten anklappen an fest anrullen. Evtl. mat engem Zahnstocher oder Fisselle fixéiren.
- Rouladen an eng feierfestform leen bëssen vam Kappeswaasser drop schëdden, an 25-30 Min. schmoren.