Zoufalls-Zaloot

Et jiän Rezepter, déi entstinn net aus Kooschbéicher, mee aus puurem Furwatz, an dachs aus engem Frigo deen geraumt muss jiän.

Ech erënnere mëch na genau, irgendwu am Internet sen ech op su een klengen Beitrag gestuuss iwert „natiirlich Liäwerreinigung“, du weess, su een Post, deen versprëcht, datt een sech mat engem Glas Saaft aus rugden Rommelen, Muurten, Äppel an Zitrounensaaft quasi nei erfënnt.

Also han ech datt probéiert. Eng kéier! Na ja han ech gedeit, su schmëcht also Gesondheet?

Trotzdeem hat mech déi Iddi net looss geloss. Rommelen, Muurten an Äppel kann jo nëmmen eng goud Kombi sen. Ech musst et just na hin kreien datt et o schmëcht.

Den Aafank van enger neier Léift

Paar Deeg mi spéit, stin ech viraan mengem Frigo an do leien ëmmer na rugd Rommelen, ausserdeem Muurten an Äppel, déi o dringen mi Opmiäriksamkeet brauschen.

Also han ech beschloss ze testen. D’Rommelen han ech firtischt mol gekooscht an auskéilen geloss. Subal déi kaal sen, han ech se geschiält an gewürfelt. D’Muurten han ech geschiält an graff geraspelt. An d’Äppel han ech geschiält an o kleng geschnidden.

An du ass Detox-Erënnerung kommen an zwar just eng Mëschung aus Zitrounensaaft mat Olivenualig, bëssen Salz an Päffer, an ech muss soen et hat iwerhaupt net geschmaascht.

Meng zweit Mëschung wor mat Balsamico, datt wor zwar well besser, de Balsamico hat äwer all die verschidden Goûten dominéiert.

Deen drëtten Versousch wor eng Vinägrette aus Rugdenwengessig, bëssen Mostert fir Charakter, Schalotten an Knuawelek fir den Doft, Olivenualig fir d’Séil an natiirlich Salz an Päffer. An fir Garnitur duaref de Péitersilich net fehlen.

Dës Vinägrette han ech iwert meng Zaloot geschott, an während dem mëschen hat et well richtig geroosch. Een Läffel probéiert an …wow… Frësch, würzig, liit séiss durich den Appel, mam erdigen Goût van der Rommel an datt wor et, fir mech perfekt.

Fazit

Su ass aus engem komischen Gesondheetsdrink eng richtig goud Zaloot jiän.

Köstlich, fasrwig an genau datt richtigt wann een jiät gesondes ässen well an datt ouni dobäi d’Gesiit ze verzéien.

Heinsdo fänkt goud Këchen eben mat engem komischen Internettrend aan!

Vitaminräich Wanter-Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

30

Minuten

Zutaten

  • Fir d’Vinägrette
  • 100 ml Rugdenwéngessig

  • 1 TL Moster

  • 1,5 TL Salz

  • 0,5 TL Päffer

  • 200 ml Olivenualig

  • 2 Schalotten, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • Optional: bëssen Zitrounensaaft fir aafzeschmaaschen

  • Fir Zaloot
  • 3 deck rugd Rommelen, gekooscht, geschiält an kleng gewürfelt

  • 2 mëttelgruuss Muurten, geschiält an fein geraspelt

  • 1,5 bis 2 Boskop-Äppel, geschiält an gewürfelt

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Fir d’Vinägrette
  • An enger Schossel mëschen ech den Rugdewéngessig mam Mostert, Salz an Päffer, do drop schëdden ech no an no, an ënnerstännigem réiren den Olivenualig, su datt eng liit Emulsioun entsteht. Dann mëschen ech rischt d’Schalotten an de Knuawelek drënner an lossen Vinägrette bëssen stoen fir datt sech d’Aromen verbannen kannen.
  • Fir Zaloot
  • An enger grusser Schossel mëschen ech die rugd Rommelen, d’Muurten an d’Äppel.
  • Do schëdden ech d’Vinägrette drop an vermëschen alles goud.
  • Schmaaschen, evtl. na mat Päffer an Salz nowürzen an mat Zitrounensaaft aafschmaaschen.
  • Zum Schluss mëschen ech na den Péitersilich ënnert Zaloot.
  • Mat frëscher Baguette zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*