Zwëschen Dëppen an Zékt

Et jiän Ässen, déi wiriken als wiren sie aus engem waarmen Summerowend gemaat. Su eent ass fir mech d’Kombinatioun aus karamelsiséierten Kiischtentomaten, Knuawelek, Kooschelen, bëssen Schmand an Pasta. Eent Ässen datt sech aanféihlt wie ënner Frënn, onkomplizéiert, éierlichan köstlich. Hokt ass et eent Rezept datt an deen letzten Joeren ëmmer rem viral durich Social Media gewandert ass. Een Bléck zeréck lungt sech äwer ëmmer. Van wu kommen dës Aromen? Watt maan sie hokt su besonnig?

Die kleng Fruucht mat gruusser Geschicht

D’Tomaten sen aus eisen Këchen net mi fortzedenken. Äwer bis an 16ten Joerhonnert hat en se na gar net an Europa kannt. Ursprünglich kënnt sie aus Südamerika, genau gesoot aus den Andenregiounen, Peru, Ecuador an Nordchile. Rischt mat den spanischen Entdecker ass sie iwert den Atlantik kommen. Firtischt mat zimlich Mësstrauen, sie ass eent Nachtschattengewächs genau wie deen gëftigen Stächappel. Lang Zékt wor sie nëmmen eng Zierplanz, ze sching fir zässen.

Rischt am 18ten Joerhonnert ass an Süditalien domat aangefongen jiän Tomaten gezielt ze ziichten an o zässen. Kaum eng anner Fruucht hat su vill verschidden Goûten, van séisslich iwer fruuchtig bis umami, an heinsdo fleeschig. Die kleng Kiischtentomaten wie mir se hokt kennen, sen iwerigens eng Réckziichtung, mi no aan der Urform, an dachs mi een intensiven Aroma.

De Knuawelek: datt älst Gewürz van der Welt

Ech wees, beim Knuawelek scheeden sech d’Geester, die eng ässen en net well se dono rauschen, die anner sen der Meenung sie jifen en net verdroen.

Well iwer 5000 Joer ass de Knuawelek aangebaut jiän. An Mesopotamien, an Ägypten, an China, iwerall do wu d’Mënschen sesshaft sen jiän, wor o de Knuawelek net wégt. Et hat een en an aalen Gräwer fonnt, op Tountafelen beschriwen an, an rituellen Texter erwähnt. Fir vill Völker wor de Knuawelek mi wie nëmmen eent Würzmëttel, en wor Medizin, Schutz an eent Symbol.

Die aal Ägypter han den Pyramidenaarbischter Knuawelek zässen jiän, net nëmmen weent dem Goût, mee well sie der Meenung woren, datt en Stiärikt an Ausdauer schenkt.

An der Antik ass de Knuawelek regelrecht veréiert jiän. D’Griechen han den olympischen Athleten Knuawelek jiän, fir mi Leestung. D’Réimer haaten den Knuawelek an hiren Schlachten an kleng Begdelen bei sech, als Schutz geent Krankheet an Ongléck. An am Mëttelalter? Do ass de Knuawelek aan Dirren gehongen jiän, fir biiss Geester an, kloer, Dracula, fort ze haalen. O wann datt ischter aus der osteuropäischer Folklore stammt, ass die Virstellung äwer wonnerbar: Eng ganz Welt, déi dem Knuawelek zoutraut, datt Biisst fort ze haalen.

An mengem Ässen van hokt weisst den Knuawelek seng Séil, net scharef, äwer präsent. En drängt sech net op, ass äwer do. Wie een gouden Frënd, deen am Hannergrond de Raum zesaammenhält.

Knuawelek ass ent Symbol fir meng Art ze kooschen, kräftig, éierlich, aromatisch an ouni Angst viraan deem stariken Aroma. Well, die anner han jo een Problem domatt, an net ech!

Den Zauber vam Schiäffchen, wann den Zocker sech weisst

Kiischtentomaten an Knuawelek aus dem Schiäffchen sen fir mech die einfaschsten From van Këchenalchemie. Hëtzt, Zékt an bëssen Gedold, mi brausch et net. Am Schiäffchen karameliséiert deen natiirlich enthaalenen Zocker. D’Hokt van den Tomaten platz liit op an d’Fruucht verléiert hir wässerig Frëschheet zugonsten van enger déiwer, bal wéngartig Séissheet.

De Knuawelek jiët séiss an mëll. Am Schiäffchen verléiert de Knuawelek seng steechend Schiäreft an eng mëll, bal cremig Séissheet entsteht. Datt legt aan der Maillard-Reaktioun an, an der gemelliger Karamelisatioun vam Zocker. De Knuawelek jiët mëll wie Botter, schmëcht ähnlich wie geréistert Kastanien. En jiët einfasch aus der Schaal gedréckt an zu enger Past zerriwen.

Réisters du die 2 Saaschen zesaammen passéiert jiät wonnerbares, eent klengt Aromawonner an gemelligem Tempo. De Knuawelek hiäft den Goût van den Tomaten massiv, en ënnerstëtzt d’Umami-Nuancen, jiët Erdigkeet an Würzigkeet ouni sech op ze drecken. Graad durich mat réisteren verléiert en seng Aggressioun, wuriwer vill Knuawelekskeptiker fruh sen. Du krës eng Zooss, déi schmëscht wie wann se stonnenlang gekooscht hat, an dobäi hat de Schiäffchen die ganz Aarbicht gemaat.

De Schmand

Datt irgendwann een op d’Iddi kommen ass, d’Kiischtentomaten mat Schmand oder Mascarpone zu enger Art Zooss ze verfeineren wor wahrscheinlich keen gruussen Sprong, äwer een cleveren. Die cremig Komponent brengt datt séisst van den Tomaten na mi zur Geltung, en ronnt datt alles aaf an mëcht et zu engem vollwiärtigen Ässen, déi siier gemaat, äwer net banal ass.

Op Social Media, wie TikTok an Instagram, ass doraus ganz siier eent viralt Rezept jiän. Viraan allem déi Variant mat Feta am Platz Schmand. De Grondprinzip bleift äwer d‘selwischt. Tomaten mam Knuawelek am Schiäffchen réisteren, mat jiät Cremigem vermëschen, dobäi Pasta an fiärdig. D’Popularitéit hat sëcher domatt ze doen datt dëst Ässen su flexibel ass. Ob mat Spaghetti, Gnocchi, kuurzen Nuddelen, Taglitelle, Gromperen, alles fonktionéiert. An et klappt o mat zousätzlich Geméiss, wie Spinat, Kooschelen, Courgetten, Auberginen.

An o bei der Cremigkeet duaref experimentéiert jiän: Stoffi, Frëschkiiss mat oder ouni Krégder, Ricotta, Mascarpone, Sauerrahm, Feta, Pejnir oder eng planzlich Alternativ, alles hat seng Platz.

Jiäster, Hokt an Muarren

Watt aan dësem Ässen su besonnig ass, et ass ëmmer In. Et kann aus engem toskanischen Landhaus kommen oder aus enger modernen Wahnung an der Stadt. Et vereent Aales mat Neiem. Tomat als aal Kulturplanz, Technik vam gemelligen réisteren an modern Schmandinterpretatiounen.

Eent Rezept datt an eis Zékt passt, et ass siier, behällt äwer seng Séil. Et ass noohaltig, wann een die rischtig Zutaten wiällt. Et lidd an ze experimentéiren an brengt Lékt aan den Dësch, ganz ouni Schnik-Schnack, äwer mat ganz vill Goût.

Wanns du die nächst Kéier om Maart stehs an Tomaten an Knuawelek an dein Kuaref leechs, denk draan, an hinnen stëcht net nëmmen Summer, mee Geschicht, Handwiärik an eent Stéck Zukunft.

Zwëschen Dëppen an Zékt

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

3

Portiounen
Virberreedung

15

Minuten
Kooschen

2

Stunden 

Zutaten

  • 500 g Kiischtentomaten

  • 1 Kapp Knuawelek, queesch halbéiert

  • bëssen Olivenualeg

  • Päffer & Salz

  • gedrëchenten Oregano

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 250 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 100 ml Schmand, Ricotta, Mascarpone, Stoffi…

  • 500 g Pasta

  • Optional: frësch geriwene Parmesan oder Pecorino

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 150°C bis 160°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt fir.
  • Tomaten leen ech an eng feierfest Form an, an Mëtt setzen ech deen opgeschniddene Kapp Knuawelek. Do driwer verdeelen ech bëssen Olivenualig, Salz, Päffer an den Oregano. De Knuawelek driien ech dann ëm, su datt die opgeschnidden Ségt no ënnen weist.
  • Su setzen ech datt Ganzt fir goud annerhalef Stonn an deen waarmen Schiäffchen.
  • Iwerdeems hacken ech d’Ënn, an schnégden d’Kooschelen an dënn Scheiwen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënn, bis se mëll ass, goud rëcht an bëssen Faaref krii hat.
  • Als nächst mëschen ech d’Kooschelen drënner an déi brooden ech su lang, bis datt ganzt Waasser watt auszéiht verdämpt ass an sie o bëssen Faaref krii han.
  • Tomaten hualen ech aus dem Schiäffchen an hualen den Knuawelek raus.
  • Lo kann een well draan denken Salzwaasser fir Pasta op ze setzen, subal datt kooscht Pasta no Packaaweisung al dente Kooschen. Ongeféier no der Halschent van der Kooschzékt eng Tass Nuddelwaasser aus dem Dëppen schäffen.
  • Loss deen am besten bëssen aafkéilen, sooss verbrenns du dir Patten. Subal ech an aanpacken kann, drecken ech en aus an tripsen en mat enger Forschette kleng. Deen mëschen ech dann ënner meng Ënnen-Kooschel-Mëschunge an réisteren en liit mat aan.
  • Als nächst schëdden ech Tomaten dobai vermëschen alles an zerdrécken se.
  • Subal déi opgekooscht han schëdden ech de Schmand dobäi. Schmaaschen evtl, na würzen an Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.
  • Pasta aafschëdden an ënnert Zooss mëschen, dobäi Pann goud schwenken an evtl. bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.
  • An Telleren verdeelen an mat gehacktem Pétersilich an Kiss garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*