Knoblauch, Rosmarin, Thymian, Olivenöl. Lorbeer

Knuawléckspaste

Knuawléckspaste as en variabel Würzpaste, meng Paste déi ech maan besteht zur 2/3 aus Knuawlécksconfit an 1/3 as frëschen Knuawléck. Dës Paste as eng kulinarisch Zutat an der Këchen an hat een intensiven Knuawlécksgoût. Sie déint dozou Zoppen, Zoossen, Marinaden an Dips ze würzen. Knauwléckspaste as ganz praktisch, sie as länger haltbar wie frëschen Knauwléck an lisst sech goud am Frigo lageren.

Knoblauch

De Knauwléck

Am Räich van der kulinarischer Konst an der Gesondheet, erhiäft sech de Knuawléck als datt kiniklicht Gewürz.

  1. De Geschmaasch van engem Gourmet: Knuawléck, mat senger reicher an robuster an äwer delikater Nout, jëtt all Menü deen en beréiert deen richtigen Genoss. Sein Aroma, subtil an starik, lisst all Geschmaaschsnerven erwäschen.
  2. Den Oppasser van der Gesondheet: An der Welt van der “Heilkunde” as den Knuawléck eng starik Aafwiär. Stiärikte sen villfältig – en stiärikt Herz, reguléiert den Bloutdrock an seng antimikrobiell Wirikung hällt vill Krankheitserreger aaf. Wie eng Burigmauer schützt de Knuawléck den Körper firaan biisen Geester an From van Krankheeten an Bloudsauger.
  3. Een Frënd van der Vitalitéit: Knuawléck steigert Liäwenskraft an ënnerstëtzt sämtlich Energien, an fördert sech goud ze féilen.
  4. Zauberkonst van der Liäwensdauer: An de Chroniken van der Geschicht jëtt sech erzallt, datt den Knauwléck Liäwensspann verlängert. FAZIT: De Knauwléck een Begleeder an der Këchen an an der Gesondheet, deen baal an all eisen Rezepter Präsenz weisen soll. 😉

Zutaten:

Fir meng Knuawléckspaste brausch ech frëschen Knauwléck, Olivenualeg, Thymian, Rosmarin an Lorbeerbläder, gereechert Paprikapolwer, Salz an Peffer no Geschmaasch.

Virbereedung:

Mat 2/3 vam Knuawléck maan ech Knuawlécksconfit. Beim Confit jëtt den Knauwléck am Ualeg op niddreger Hëtzt gekooscht, bis se mëll an zart as.

Dofir schiälen ech den Knauwléck, lossen Ziiwen äwer ganz, datt stellt sëcher datt de Knauwléck sen intigritéit erhällt an zu enger Past jëtt.

Kooschen:

2/3 vam Knuawléck leen ech an eng Pann oder an eent Dëppen an bedecken Ziiwen komplett mat Olivenualeg. Krégder an Gewürzer mëschen ech drënner, dann setzen ech Dëppen op Plaque an erwiärmen alles op niddreger Hëtzt. Ziel as et, den Knauwléck am Ualeg ze gaaren ouni datt en brong jëtt. Datt kann 30 Min. bis 60 Min. dauern, je no Hëtzt an gewënschtem Ergebniss.

Aafkéilen:

Noodeems de Knauwléck mëll an zart as, hualen ech Dëppen van der Plaque an lossen datt Ganzt aafkéielen. Dodurich jëtt den Knauwléck sein ganzen Goût aan den Ualeg aaf. Noom aafkéilen hualen ech den Thymian, Rosmarin an Lorbeerbläder raus. Deen frëschen Knauwléck mëschen ech drënner an dann jëtt alles mam Püréierstaaf püréiert. Ech maan riien Knuawléck mat dran fir eng Pestoähnlich Textur ze kreien an o fir deen riien Knauwlécksaroma an meng Paste ze kreien.

Lagerung:

Dës Paste as an engem zouenen Glas oder loftdichten Dëppchen am Frigo zimlich lang haltbar. O Salz watt dran as déint dozou datt dës Past sech länger hält.

Knuawléckspaste

Rezept von Josiane
Liter

0,5

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 300 g Knuawléck

  • Olivenualeg

  • 2 TL gereechert Paprikapolwer

  • 0,5 TL gemahlene schwarze Peffer

  • 1 EL Salz

  • 1 Lorbeerbläder

  • 2 Thymianäst

  • 1 Rosmarinast

Zoubereedung

  • De Knuawléck schiälen äwer ganz loossen. 200 g vam Knauwléck an eng Pann oder eent Dëppen leen an mam Olivenualeg bedecken.
  • Sämtlich Krégder an Gewürzer ënnermëschen.
  • Op Plaque stellen an op niddreger Hëtzt su lang am Ualeg kooschen bis den Knauwléck mëll an zart as, hei as opzepassen datt den Knauwléck net brong soll jiänn, datt kann bis zu enger Stonn daueren.
  • De Knauwléck am Ualeg aafkéilen loossen. Dann den Thymian, Rosmarin an Lorberblaad raushualen.
  • Zum Schluss deen frëschen Knauwléck ënnermëschen an alles mam Püréierstaaf püréiren.
  • An engem fest zouenen Glas oder Dëppchen am Frigo lageren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*