Hachis-Tartiflette-Fusioun

Hachis Parmentier an Tartiflette – zwee Klassiker aus der fransiischer Këchen, vereent an engem Menü ass deen Ausdrock van herzhaftem Comfort-Food!

Den Hachis Parmentier, een Menü aus deen fransiischen ländlichen Këchen, ass noom August-Antoine Parmentier benannt, een Apothéiker an Gromperenfanatiker. Heen hat am 18ten Joerhonnert mat dësem Menü probéiert Lékt dovaan ze iwerzeechen, datt een Gromperen ässen kann an datt se richtig köstlich sen.

Tartiflette dogeent kënnt aus der Alpenregioun an ass een zimlich jungen Klassiker. La Tartiflette… Gléck konnt na nie an su engem kuurzen an witzigen Wuort zesaammengefaast jänn. Als Kinigin van den Hiärest- an Wantermneüer wiäremt Tartilfette van bannen, wann et dobaussen naass an kaal ass.

Zutaten fir meng Hachis-Tartiflette-Fusioun

1. Gehacktes

  • Gehacktes as eng van den Hauptzutaten van dësem Ässen. Ob’s du lo rengt Randsgehacktes oder gemëschtent hëlls ass egal, probéier just ongewürztent ze kreien. An der Kombinaioun mat den Gewüzer, Krégder, den Ënnen an dem Knuawkléck entwéckelt et een herzhaften Aroma. Et ass d’Basis van dësem Rezept, déi dem Ässen Substanz an Wiäremt jëtt. Ech rooden dir fir Randsgehacktes ze hualen, gemëschtent ass mi fettig an mat dem Kiiss ass dëst een Menü deen zimlich fettig ass.

2. Muurten

  • D’Muurten brengen een natiirlich séissen Aroma an Textur mat an dëst Ässen. Deen liiten séissen Goût bild een perfekten Kontrast zum gewürzten Fleesch. Beim aanbrooden entwecklen d’Muurten eng gewëss Zartheet ouni äwer hiren Biss ze verléiren. Sie suarigen ausserdeem fir zousätzlich Faaref an Frëscheet, waat dëst Ässen net nëmmen optisch, mais o am Goût mi liäwig mëcht.

3. Ënnen

  • D’Ënnen bilden die aromatisch Grondlaag van dësem Ässen. Beim brooden entécklen sie een liiten séissen Aroma an jänn dem Gehacktes suwie deen gebroodenen Gromperen zousätzlichen Goût. Sie wiriken als Verstiäriker, andeems sie d’Aromen van deen anneren Zutaten hiäwen. Ausserdeem droen sie zu der herzhafter Würzigkeet bei, déi typisch fir fransiischt Ässen ass.

4. Knuawléck

  • Den Knuawléck brengt een pikanten würzigen Aroma, déi dësem Ässen mi Dimensioun jëtt. Seng Schiäreft jëtt beim brooden mi mëll an en entwéckelt een mëllen, baal séisslichen Goût, deen perfekt mat deen herzhaften Aromen vam Gehacktes an den Ënnen harmonéiert. Een Hauch Knuawléck hiäft dëst Ässen op deen nächsten Level ouni dobäi dominant ze wiriken.

5. Gromperen

  • Gromperen ersetzen an dësem Menü deen klassischen Pürée, sie jänn an kleng Würfelen geschnidden an mat an Ronselen geschnidden Ënnen an goldbrong gebrooden. Dodurich krëtt dëst Ässen eng wonnerbar Textur. D’Gromperen bilden Grondlaag van der “Tartilfett-Krust” an béiden deen perfekten Kontrast zu deem cremigen Kiiss an der herzhafter Fleeschmëschung. Hiren erdigen Goût ronnen deen ganzen Menü aaf.

6. Reblonchon-Kiiss

  • Den Reblonchon ass d’Herzstéck van der Tartiflett-Krust. Dësen cremigen, liit würzigen Kiiss aus dem Savoyen schmëlzt perfekt an bild eng goldbrong, sämig Kuuscht. Sein intensiven, liit nossigen Goût passt perfekt zu den Gromperen an dem Gehacktes. Alternativ kanns du o een Raclette- oder Camembert-Kiiss hualen, äwer den Reblonchon brengt deen typischen Aroma an dëst Ässen.

7. Wäissen Wéng

  • Den wäissen Wéng jëtt gehollt fir Gehacktes-Mëschung aafzeläschen, äwer o fir Gromperen. En brengt eng liit Säier, déi dëst Ässen erfrëschen an deen kräftigen, herzhaften Aroma ausgläichen. Beim kooschen verdämpt den Alkohol, äwer deen fruuchtigen Goût vam Wéng bleift an intensivéiert d’Aromen van deen anneren Zutaten.

8. Botterschmalz

  • Botterschmlaz jëtt geholt fir d’Fleesch mat den Ënnen an den Muurten ze brooden, äwer o fir Gromperen ze brooden, et jëtt deem Ganzen na zousätzlichen Aroma. Fir all déi deen botterigen Goût net jären han, déi kannen o een neutralen Ualeg hualen.

9. Salz, Peffer & Muskot

  • Dës Gewürzer sen essenziell, fir den Goût van allen Zutaten ze hiäwen an ze verfeineren. Salz intensivéiert, de Peffer suarigt fir bëssen Schiäreft. An den Muskot brengt an Kombinatioun mat den Gromperen an dem Kiiss een waarmen, liit séisslichen Aroma deen alles perfekt ergänzt an dëst Ässen aafronnt.

10. Krégder aus der Provence & Péitersilich

  • Krégder aus der Provence brengen Frëscheet an een Hauch van Würzigkeet. Krégder aus der Provence passen perfekt zum Gehacktes an den Gromperen, während deen frëschen Péitersilich zum Schluss als Garnitur Frëscheet an Faaref an d’Spill brengt. Dës Krégder maan dëst Ässen am Goût mi interessant.

Sämmtlich Zutaten spillen hir eegen, wichtig Roll an dësem Ässen an droen zur Harmonie bei. D’Gehacktes bild eng herzhaft, kräftig Basis, während d’Muurten een séissen, frëschen Aroma matbrengen. D’Ënnen an den Knuawléck jänn deem Ganzen Würzigkeet, während d’Gromperen een mëllen Goût beisteiren. Den Reblonchon suarigt fir eng räich, cremig Schicht, déi Gromperen mam Gehacktes zesammenbrengt. Den wäissen Wéng ronnt datt Ganzt mat senger subtiler Säier aaf. De Botterschmalz verstiärikt d’Aromen an suarigt fir eng perfekt brong Textur, während d’Krégder dëst Ässen mat Frëscheet beräicheren.

Zoubereedung

Virbereedung ass alles:

  • Gromperen schiälen ech an schnégden se an Würfelen, net ze déck an ongeféier glächmässig.
  • D’Muurten schiälen ech an schnégden se an kleng Stécker.
  • D`Ënnen, eng Ënn schiälen ech an hacken se fein an die anner schnégden ech op der Mandoline an dënn Ronselen.
  • De Knuawléck jëtt geschiällt an fein gehackt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen. Subal se aafänken Faaref ze kreien mëschen ech d’Ënnen drënner an loossen se op niddriger Hëtzt viraan brooden. Evtl. na bëssen Botterschmalz drënner mëschen fir datt d’Ënnen o karamelsiséiren. Kuurz viraan Schluss würzen ech mat Salz, Peffer an Muskot an läschen datt Ganzt mat bëssen wäissem Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen. TIPP: am besten eng beschicht Pann hualen fir datt Gromperen net aanpëchen.

An enger annerer waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do drann die gehackten Ënnen aan bis se afänken Faaref ze kreien. Dann driien ech d’Hëtzt bëssem rop an mëschen Gehacktes, de Knuawléck an d’Muurten drënner, datt brooden ech alles aan bis et liit Faaref krëtt. Würzen mat Salz, Peffer an den Krégder aus der Provence. Subal sech aafänken Röstaromen om Buadem van der Pann se bilden läschen ech datt Ganzt mat bëssen wäissem Wéng aaf an lossen deen ganz ankooschen.

Natiirlech ëmmer draan denken alles ze schmaaschen an evtl. noo ze würzen!

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

D’Fleesch verdeelen ech om Buadem van enger feierfester From, op d’Flesch verdeelen ech Gromperen, an op den Gromperen deen an Scheiwen geschniddene Reblonchon. D’Schaal vam Reblonchon bleift draan. Datt setzen ech dann fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen an lossen et goldbrong iwerbaaschen.

Viraam zervéiren streien ech na bëssen frëschen Péitersilich driwer.

Tipps:

  1. Fir sëcherzestellen, datt Gromperen sching brong jänn, genou Botterschmalz hualen, an net ze fréih salzen, soss zéien se Waasser an jänn bleiwen mi mëll.
  2. Hual een drëchne wäissen Wéng. Den Alkohol verdämpt beim Kooschen an zeréck bleift nëmmen die fein Säier.
  3. Loss der Zéckt beim aanbrooden, fir datt alles Faaref krëtt an su deen vollen Goût entwécklen kann.

Hachis-Tartiflette-Fusioun

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

45

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gehacktes, (Rand- oder gemëscht)

  • 4 mëttelgruuss Muurten, kleng gewürfelt

  • 2 Ënnen, eng gehackt, déi anner an Ronselen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 600 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 200 g Reblonchon

  • 150 ml wäissen Wéng

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Salz, Peffer an Muskot

  • 2 TL Krégder aus der Provence

  • Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen, bis se aafänken Faaref ze kreien, dann driien ech Hëtzt raaf an mëschen die an Scheiwen geschnidden Ënnen drënner an brooden alles bis Gromperen baal mëll, an d’Ënnen goldbrong sen. Mat Salz, Peffer an Muskot würzen an mam wäissen Wénh aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • An enger annerer waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran die gehackten Ënnen aan, subal déi aafänken Faaref ze kreien mëschen ech d’Fleesch, den Knuawléck an d’Muurten drënner an brooden alles aan bis et aafänkt Faaref ze kreien. Würzen mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence. Subal sech Röstaromen om Buadem van der Pann bilden läschen ech datt Ganzt mat bëssen wäissen Wéng aaf an loossen deen ankooschen.
  • Ëmmer draan denken ze schmaaschen an evtl. noo ze würzen!
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Om Buadem van enger feierfester Form verdeelen ech Gehacktes mam Geméiss. Do drop verdeelen ech Gromperen an Uawen drop leen ech deen an Scheiwen geschniddenen Reblonchon.
  • Su setzen ech datt Ganzt fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen an loossen et Goldbrong iwerbaaschen.
  • Viraam zervéiren frësch gehackten Péitersilih driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*