Et jiän Ässen, déi kanns du fir dech selwer kooschen, an dann jiët et déi Ässen déi rischt Sënn erjiän, wann genou Lekt aam Dësch setzen, fir die ganz Gratinsfrom egdel zässen. Lasagne gehiiert eendeitig an dës Kategorie. Ech han eigentlich na nie eng Lasagne nëmmen fir 2 Persounen gemaat, wann meng Form gefëllt ass jieet et meestens dar fir 6 bis 8 Persounen.
D’Lasagne ass keent Ässen, datt een mol siier einfasch su niäwenbäi mëcht. Een deen dir verzällt, datt en eng Lasagne an 40 Min. fiärdig om Dësch stoen hat, notzt Fiärdigzoossen aus dem Glas oder hat gelujien. Et ass alles erlaubt am Liäwen, äwer et ass net datt, wuriwer ech hei schwätzen.

Zutaten
Fir d’Bolognesezooss
- Randsgehacktes, wann miilisch van dengem Metzler, an am besten net gewürzt, ausserdeem soll et net ze moojier sen.
- Optional: Schwengsghacktes, d’Fett mëcht de Ragú mi fein, rengt Randgehacktes wirikt jiären drëchen an faserig. Ech hualen meestens Pancetta, deen ech kleng schnegden.
- Muurten, Ënnen an Stangenzellerie, deen klassischen Soffritto
- Tomatenpürée
- frësch Tomaten, ech hualen keng Bechsen
- een drëchene wäissen Weng
- Mëlich, datt klengt villäicht komisch, mëcht datt ganzt äwer zart an ronn
- Salz
- Päffer
- Lorbeerblaad
Fir Béchamlezooss
- Mëlich
- Botter
- Miähl
- eng Ënn, déi gespickt ass mat Neelcheskäpp an Lorbeerblaad, ech aromatiséiren meng Mëlich fir d’Bëchamel jiären, et jiët einfasch een besseren Goût
- Salz
- bëssen Muskot
Fir Nuddelen
- Miähl
- Eier
- Salz
Zousätzlich
- Mozzarella
- Parmesan
Zoubereedung
Ech fänken bei den Tomaten aan, well sie deen griisten Ënnerscheed maan. Ech hualen meestens frësch Tomaten, äusserst seelen aus der Bechs. Zegdig heescht, sie jiän ënnert liitem Drock no, rauschen aam Still liit erdig séiss, an d’Faaref ass satt rugd an net bleech. Well ech generell ouni zousätzlichen Zocker an mengen Ässen schaffen soll oder muss d’Séissheet van den Tomaten selwer kommen. Eng Tomat déi net zegdig ass, ass sauer an wässerig, an dogeent hëleft o keen Zocker, deen verstoppt nëmmen, an flekt näist. Hass du lo äwer Tomaten kooft déi net rischtig zegdig sen, loss sie paar Deeg op der Fenster an denger Kechen noräifen, befirs du deng Zooss koochs.
Beim Fleesch setzen ech op Randsgehacktes mat optional Pancetta, natiirlich kanns du o eng Mëschung aus Rand an Schweng hualen, pass just dorop op, datt et net gewürzt ass. Rengt Randsgehacktes jiët bei mi langem schmooren jiären drëchen an kärig. Pancetta brengt genau datt Fett an die liit würzung déi ech fir meng Zooss brausch, dobäi kënnt dann na een liiten Reecheraroma. Wäissen Weng, datt erstaunt dech villäicht, äwer traditionell jiët d’Bolognes mat wäissem Weng gekooscht, deen brengt am Geegendeel zum rugde Weng eng hell an liit Säier. Mëlich, sie ass een aalen Trick deen een Deel van der Säier bënnt befir se iwerhaupt entsteht. D’Fleesch jiët do durich zart an sämig, et schmëcht een d’Mëlich net raus, et miärikt een äwer wann se fehlt.

Ech fänken aan mam Soffritto, Muurten, Stangenzelleri en Ënnen schnegden ech an kleng Würfelen. An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech genou Olivenualig an dënsten do op mëttel Hëtzt d’Geméiss. bis sech an menger Këchen deen liit séisslichen Geméissdoft ausbreed an alles eng goldjiäll Faaref aangehollt hat, richt dann liit salzen, an de Knuawelek mat drënner mëschen. Datt dauert seng Zekt, datt soll o su sen, hei ensteht Basis fir alles watt dono na kënnt. Als nächst mëschen ech den Pancetta drënner, deen soll sengt ganz Fett ausloossen. Dann kënnt den Tomatenpürée dobäi, deen o liit aanbrooden. Datt drecken ech dann op Segt, oder ech hualen et raus. Driien d’Hëtzt bëssen rop, an leen mengt Gehacktes dran, datt loossen ech einfasch mol su leien, fir datt et brong aanbrooden kann. Subal d’Fleesch grimmelig angebrooden ass an bëssen Faaref aangeholt hat, vermëschen ech alles mam Geméiss am mam Pancetta an läschen datt Ganzt mat wäissem Weng aaf, deen loossen ech ganz ankooschen bis et rem aanfänkt ze brooden. Als nächts schëdden ech d’Mëlich drop, an o déi loossen ech ganz ankooschen. Dann schëdden ech die an graff Würfel geschnidden Tomaten mam Saaft drop an leen Lorbeerblad mat dran. D’Zooss loossen ech eng kéier opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen mein Ragú op mannst 2 Stonnen ouni Deckel zéihen, heinsdo mol dran réiren, schmaaschen an würzen.
Du erkenns et wann deng Zooss fiärdig ass, wann sech aam Rand eng dënn Fettschicht aafsetzt, Zooss eng donkelrugd bal brong Faaref aangeholt hat, an wann et sech während dem réihren wie een decken Bräi aanféihlt an net wie eng flëssig Zooss. Ween hei ongedelig jiët an Zooss 40 Minuten mat Deckel kooscht, krëtt eng Tomatenzooss mat Fleesch an keen Ragú.
Van wu kënnt datt eigentlich?
Befirs du denks, d’Lasagne ass eng relativ jung Erfindung van den italienischen Hausfrauen, sie ass uraal, just an enger ganz annerer Form. D’Wuurzelen leien irgdenwu am antiken Griechenland. Do juff et well eent Ässen mam Naam „Laganon“, platt Deegbläder, déi geschicht mat Zutaten gäss juffen. Wie dëst Wuort van den Griechen op Lateng iwersatt juff, ass doraus „laganum“ jiän, an aus dësem Begrëff hat sech vermutlich die breet Bandnudel „lagane“ entweckelt, an vill Joerhonnerten mi spéit, eis Lasagne. D’Réimer han dësen Deeg mol am Waasser, oder om waarmen Steen zoubereet, an den Dichter Plautus hat sie well am 3ten Joerhonnert viraan Christus beschriwen. Dëst Ässen ass also well segt iwert 2000 Joer am Ëmloof, just ouni Tomaten, Kiiss oder Béchamel.
D’Lasagne wie mir se hokt kennen hat sech rischt vill mi spéit entweckelt. Am 19ten an fréihen 20ten Joerhonnert hat sech eng Kombinatioun aus Ragú an Béchamel durich gesatt, déi als Lasagne alla Bolognese zum Standard jiän ass. Et jiët gesoot, datt die gréin, mat Spinat gefiäreft Nuddelen aus Bologna kommen, dës Stadt ass stolz op hir Faarwen Rugd (Ragú), gréin (Pasta) an wäiss (Béchamel). Eng sching Geschicht, fir déi sech äwer keng verlässlich Quellen fannen.
Fir d’Béchamel
D’Béchamel ass well an engem anneren Artikel genau erklärt, well sie an dësem Ässen eng entscheedend Roll spillt, widderhualen ech na eng kéier datt Wichtigst. Ech weess, fir vill ass Bèchamel einfasch Botter schmëlzen, Miähl ënnerréihren an d’Mëlich drop schëdden, dann opkooschen loossen, würzen an fiärdig. Ass et bei mir äwer net, ech breeden firtischt mein Roux zou, dofir loossen ech den Botter schmëlzen bis en aafänkt mat spruddelen, dann réihren ech Miähl drënner, réihren krägtig bis eng glatt Masse entstannen ass. Datt réisteren ech op niddirg bis mëttel Hëtzt su lang an ënner stännigerm réihren bis deen riihen Miähl Geroosch fort ass an alles liit nossig rëcht. Deen setzen ech dann op Segt an loossen en aafkéihlen.

Während de Roux aafkéihlt, erhëtzen ech op niddirger Hëtzt meng Mëlich, ech aromatiséiren meng Mëlich, mat enger oignon piqué, eng Ënn déi mat Neelcheskäpp an Lorbeer gespickt ass. Ech maan datt op niddirger Hëtzt, well ech net well datt mir d’Mëlich verbrennt, ech well datt sech d’Aromen richtig an der Mëlich verdeelen, an mein Roux hat die nigdig Zekt fir aafzekéihlen.
Firwatt kaal an waarem? Well sech su d’Stärke am Miähl gläichmässig verdeelt ouni datt Klëmpercher entstinn, déi’s du dono rgendwie rem raus réihren misst.

Subal alles vermëscht ass, loossen ech d’Zooss ënner stännigem réihren eng kéier kräftig opkooschen, driien d’Hëtzt dann raaf op niddirg an loossen se su eng goud halef Stonn zéihen, dobäi réihren ech ëmmer mol rem dran an würzen se op den Punkt. Datt noozéihen déint dozou, datt d’Stärke durich die ganz Zooss bënnt an datt deen miähligen Goût komplett verschwënnt. Sie reduzéiert dobäi natiirlich liit, sollt sie dir ze fest jiän kanns du se ëmmer na mat bëssen Mëlich längen.
Fir Nuddelen
Op meng Arbichtsplaque leen ech datt gesaftent Miähl, mat den Hänn formen ech eng Kaul an d’Mëtt an do dran schloen ech d’Eier op an no an no schaffen ech d’Miähl mat an bis een festen, elastischen an äwer keen harden Deeg enstannen ass. Deen kniädden ech fir ongeféier 10 Min. goud durich. Dann schloen ech en an eent propert Handdousch an loossen en 30 Min. bei Raumtemperatur ruhen.
TIPP: Op 100 g Miähl soll 55g Ei (1 Ei) verschafft jiän. Dofir han ech Grammzahl vam Ei geschriwen. Sollten d’Eier datt Gewiit net han, kanns du datt mat Waasser ausgläichen. Sen se mi schwiier, dann na bëssen Miähl ënnermëschen, den Deeg soll glatt, fest, elastisch äwer net hart sen an en soll nët aan den Fanger pëchen. Drécks du mam Fanger an deen färdigen Deeg soll eng Dell entstoen déi sech gemellig rem zereckzéiht. Ass den Deeg fiärdig, eng goud halef Stonn, zougedeckt bei Raumtemperatur ruhen loossen.

Den Deeg verschaffen ech an enger Nuddelmaschin an rullen en zu dënn Nuddelplaquen aus. Du kanns den Deeg o mam Nuddelholz ganz dënn ausrullen an dann an From schnégden.
An goud gesalzenem kooschen Waasser kooschen ech d’Nuddeln fir ongeféier 5 Min. bis se al dente sen. Schrecken se am Äiswaasser aaf an loossen se op engem properen Dousch ausgebreet aafdrëpsen.

Lasagna
- De Mozzarella zerplecken ech
- De Parmesan oder een anneren Kiiss denger Wiäll fein reiwen.
De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
An enger gebotterter feierfester Form verdeelen ech om Buadem bëssen Ragú, do drop leen ech die ischt Schicht Nuddelen – bei selwer gemaaten Nuddelen kanns du d’From genau denger Schossel aanpassen.
Op den Nuddelen verdeelen ech eng dënn Schicht Bolognese an op der Bolognese bëssen Béchamel, datt widderhualen ech 5 mol an schléissen mat enger Schicht Béchamel aaf.

Eng klassich Lasagna besteht aus 5 Schichten, du kanns op all Schicht Kiiss verdeelen, datt jëtt mir es äwer zevill, op die mëttelst Schicht leen ech den Mozzarella an uawen drop deen geriwene Parmesan oder een anneren Kiiss denger Wiäll.

Dann setzen ech d’Lasagna fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis de Kiiss uawen drop goldbrong ass an et aan den Ränner blubbert. Looss sie vriaam zervéiren unbedingt 10 Min. ruhen, befirs du se aanschnegs, frësch aus dem Schiäffchien zerfällt sie dir sooss om Teller am Platz an engem properen Steck stoen ze bleiwen.
Viraam zervéiren d’Lasagna ongeféier 10 Min. ruhen loossen, su kannen Schichten sech setzen.

Dann an Stécker schnégden op Telleren verdeelen an mat frëscher Baguette zervéiren.
TIPP: Du kanns natiirlech o op die färdig Lasagnanuddelen zereck gräifen, déi maan o hiren Déinst. Wanns du äwer goud Zékt has, probéier mol deng Nuddelen selwer ze maan an schmaasch den Ënnerscheed.
Mat dësem Rezept zaubers du eng authentisch Lasagna, déi jidfereen begeestert!
Buon Appetito!
Lasagna
Schwierigkeit: mëttel6
PortionenZutaten
- Fir Bolognese
Olivenualeg
1 Muurt, kleng gewürfelt
1 Ënn, gehackt
1 Stang Zellerie, kleng gewürfelt
150 g Pancetta, kleng gewürfelt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2-3 EL Tomatenpürée
500 g Randsgehacktes
200 ml wäissen Wéng
100 ml Mëlich
400ml Pelati oder 800g bis 1kg frësch Tomaten
1 Lorbeerblaad
Salz & Peffer
- Fir d’Béchamel
1 L Mëlich
1 Ënn
2-3 Neelcheskäpp
1 Lorbeerblaad
70 g Botter
70 g Miähl
Salz
Muskot
- FIr d’Nuddelen
300 g Miähl
165 g Eier (3 mëttelgruus Eier)
1 TL Salz
- Fir d’Lasagna
300 g Mozzarella
200 g frësch geriwene Parmesan oder een anneren Kiiss denge Wiäl
Zoubereedung
- Fir d’Bolognese
- An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt vill Olivenualeg, den Buadem soll goud bedeckt sen, do dran brooden ech d’Ënnen, d’Muurten an den Zellerie goldbrong aan.
- Subal datt sching goldjiäll aangebrooden ass, salzen ech liit, mëschen ech de Pancetta drënner an brooden deen mat, bis en sengt ganz Fett ausgeloss hat. Dann mëschen ech den Tomatenpürée an de Knuawelek drënner. Ass alles goud aangebrooden drecken ech datt op Segt oder ech hualen et ganz raus, an stellen et op Segt bis ech et rem brausch.
- Driien d’Hëtzt bëssen rop an leen d’Gehacktes an Dëppen, datt lossen ech firtisch mol einfasch su leien, et soll Faaref aanhualen an kräftig aanbrooden.
- Wann d’Gehacktes durich gar ass, mëschen ech d’Geméiss rem drënner, an läschen datt Ganzt mam Weng aaf, deen loossen ech ganz ankooschen bis et rem aanfänkt ze brutzelen.
- Dann schëdden ech d’Mëlich drop, an o déi loossen ech ganz ankooschen.
- Lo mëschen ech die graff geschnidden Tomaten drënner oder schëdden de Pelati dobaï, leen Lorbeerblaad mat dran, loossen meng Zooss eng kéier opkooschen an dann ouni Deckel op niddirger Hëtzt goud 2 Stonnen durich zéihen loossen.
- Fir d’Béchamel
- An engem waarmen Dëppen loossen ech op mëttel Hëtzt den Botter schmëlzen bis en aafänkt mat spruddelen, dann mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref aanhëllt. De Roux stellen ech op d’Ségt an loossen en aafkéilen.
- Dann erhëtzen ech op niddriger Hëtzt d’Mëlich, leen die gespickten Ënn an Lorbeerblaad mat dran, subal d’Mëlch richtig gléidig ass, sie muss net kooschen, schëdden ech so op deen aafgekéilten Roux oder ech mëschen den Roux ënnert dir waarmen Mëlcih. Ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen.
- Driien d’Hëtzt dann op niddrig an loossen d’Béchamel su eng goud halef Stonn zéihen, dobäi ëmmer mol rem dran réihren an op den Punkt würzen.
- Fir d’Nuddelen
- Op der Aarbichtsplaque leen ech datt gesaftent Miähl an drécken mat den Fanger eng Kaul an d’Mëtt, do dran schloen ech d’Eier op. No an no schaffen ech d’Miähl an bis een festen, elastischen, glatten Deeg entstannen ass.
- Deen wéckelen ech an eent propert Handdousch an loossen en bei Raumtempertur 30 Min. ruhen.
- Mat der Nuddelmaschine rullen ech den Deeg dënn aus an schnégden mir en genau an d’Griisst van menger Form.
- An goud gesalzenem, kooschenden Salzwaasser kooschen ech d’Nuddeln al dente. Schrecken se dann am Äiswaasser aaf an loossen se op engem properen Dousch ausbgereet aafdrëpsen.
- Fir d’Lasagna
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.
- An enger gebotterter feierfester Form verdeelen ech om Buadem bëssen Ragú, do drop leen ech eng Schicht Nuddelen, op d’Nuddelen verdeelen ech eng dënn Schicht Bolognese an op der Bolognese bëssen Béchamelzooss.
- Die klassich Lasgana besteht aus 5 Sichten an et jëtt mat enger Schicht Béchamel aafgeschloss är den Kiss drop kënnt. Du kanns zwëschen all Schicht bëssen Kiiss verdeelen, ech leen op die mëttelst Schicht, graff zerpleckten Mozzarella an verdeelen deen annere Kiiss uawen driwer.
- Su setzen ech d’Lasagna fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
- Noom baaschen d’Lasagna 10 Min. ruhen loossen fir datt sech Schichten setzen kannen an mat frëscher Baguette zervéiren.