Herzhaften Chouxfleurs-Gromperen-Gratin

Se mir mol éierlich, Grompern-Chouxfleurs-Gratin ass net unbedingt jätt fir den Regime. Äwer Gromperen, Kiiss an Botter maan d’Liäwen einfasch besser. An watt goud fir d’Séil ass, kann fir den Rest jo net schlecht sen 😉.

Mengt Rezept van Hokt ass mat enger wäisser Zooss, Rosmarin an Reblonchon verfeinert. Reblonchon ass een mëllen Kiiss aus der fransiischer Haut-Savoie, en brengt onverwiässelbar cremig Nuancen, während den Rosmarin dëst Ässen mat enger markanten Kregderaroma aafronnt.

Historisches zum Reblonchon

De Reblonchon ass am 13ten Joerhonnert an Frankreich, Savoyen entstannen. D’Bauren an mat Absicht Kéih nët ganz gestrasch, fir d’Steierlast ze reduzéiren. Aus deem 2ten Sträichen ass den Naam „reblocher“ enstannen. Sein reichen cremigen Aroma mëcht den Reblonchon hokt zu engem van deen beléifsten Kiisszorten aus Frankreich.

Zutaten fir mein Gromperen-Chouxfleurs-Gratin

  • Gromperen, Basis van dësem Gratin, déi dofir suarigen datts du satt jëss.
  • Chouxfleurs, brengt een liiten séissen Aroma an eng mëll Textur, di dësen Gratin aafronnt.
  • Botter, Botter suriagt fir eng cremig Zooss an verstiarikt den Goût.
  • Miähl, mam Miähl an Botter bënnt Zooss an suarit fir eng sämig Konsistenz
  • Rosmarin, de Rosmarin jëtt dësem Ässen een kräftigen, würzigen Goût.
  • Reblonchon, dësen Kiiss suraigt fir een charakteristischen Goût, alternativ kanns du Camembert oder Brie hualen.
  • Bréit oder Mëlich, du kanns fir d’Béchamel Mëlich hualen, ech han d’Chouxfluers-Waasser gehollt an domatt meng Zooss gekooscht.
  • Salz & Peffer, dës 2 Gewürzer ronnen den Gratin aaf.
  • Muskot, Muskot gehiiert einfasch an eng wäiss Zooss, en brengt wiäremt an een onverwiässelbaren Aroma.
  • Pecorino, een italienischen Hartkiss, mat würzigem Aroma, alternativ kanns du o Parmesan hualen.

Zoubereedung

An engem waarmen Dëppen lossen ech op Mëttel Hëtzt den Botter schmëlzen, subal datt aafänkt mat spruddelen mëschen ech d’Mähl drënner an réisteren datt kuurz aan, äwer ouni datt et Faaref aanhëllt. De Roux setzen ech op Segt an loossen deen aafkéilen.

  • Vam Chouxfleurs schnegden ech d’Bläder all rondrëm aaf, ech loossen den Kapp äwer ganz. Deen ganzen Chouxfleurs-Kapp kooschen ech fir ongeféier 5 Min. am kooschenden Salzwaaser, hualen en raus an loossen en goud aafdrëpsen.
  • Gromperen schiälen ech an schnegden sen an ongeféier 0,5 cm deck Scheiwen. Déi leen ech an kaalt Waasser bis ech se brausch.
  • Vam Reblonchon schnegden ech d’Schaale raaf an schnegden deen an kleng Würfelen.

Datt kooschend Chouxfleurs-Waasser schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zooss ongeféier 20 Min. bis 25 Min. auskooschen. Iwerdeems d’Zooss auskooscht, schmaaschen ech an würzen mat Salz, Peffer Muskot an Rosmarin, an ech loossen den Reblonchon no an no dran schmëlzen. Zooss kann kräftig gewürzt sen, d’Gromperen an den Chouxfleurs hualen vill vam Gewürz op.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

An eng gebotterter feierfester Form setzen ech den Chouxfleurs an d’Mëtt, do rondrëm schichten ech Gromperen, dann schëdden ech d’Zooss drop an decken den Gratin mat Sëlwerpapeir zou, su setzen ech en fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Während den Gratin am Schiäffchen steht, mëschen ech mir an enger klenger Schossel Panéiermiähl, mat griwenem Pecorino an bëssen Rosmarin.

No deen 45 Min. hualen ech den Gratin aus dem Schiäffchen, an stellen den Schiäffchen om Ëmloft ëm.

Vam Gratin hualen ech den Sëlwerpapeirer raaf an streien meng Pecorino-Panéiermiähl-Mëschung driwer, do drop verdeelen ech na paar Botterflocken an setzen datt Ganzt na eng kéier or ongeféier 30 Min. an den Schiäffchen, oder bis alles Goldbrong gebaasch an d’Gromperen mëll sen.

Viraam zervéiren streien ech na bëssen Péitersilich driwer an zervéiren en als Beilaag oder als Hauptplat mat frëscher Baguette oder engem Komb Zaloot.

Tipps

Fir d’Baaschzékt ze verkierzen, kanns du d’Gromperen o firtischt fir ongeféier 10 Min. am Salzwaasser blanchéiren, an se dann rondrëm den Chouxfleurs leen. Kontrolléier zwëschendurich mat enger Forschette op alles mëll ass.

Et jänn suvill verschidden Tipps, wie’s du mat engem Roux solls ëmgoen, ech han an der Schull geliiert, datt eng van den 2 Saaschen, entweder den Roux oder d’Flëssigkeet soll kaal sen. Flëssigkeet jëtt all beineen drop geschott an dann ënner stännigem Réiren opkooschen loossen. Datt klappt su o wonnerbar.

Dann jëtt et Tipps, d’Flëssigkeet no an no drop schëdden, datt klappt o wonnerbar.

Ech selwer han mein Roux ëmmer an +/- 20g Würfelen angefruaren, loossen deen entdiien an bröselen deen dann an d’Zooss, an o datt klappt wonnerbar.

Varianten

Du kanns dësen Gratin o mat Raclette-kiiss zoubereeden. Oder wanns du et su richtig würzig an intensiv wëlls han, dann kanns du Gorgonzola an Basilikum hualen.

Den Ënnerscheed zwëschen Reblonchon an Gorgonzola, ass den Goût, ausserdeem schmëlzt den Reblonchon besser. De Gorgonzola hannerlisst eng liit kärig Konsistenz, wann en net richtig verschafft jëtt, d’Zooss bleift dann bëssen mi rustikal.

Mam Reblonchon jëtt den Gratin mi fein an dezent, ideal fir eng mëll Këchen an Lekt mat empfindlichen Geschmaaschsnerven. Gorgonzola mëcht den Gratin kräftig, rustikal an würzig, su datt en zum Highlight vam Ässen jëtt – perfekt fir all, déi intensiv Aromen jären han.

Herzhaften Chouxfleurs-Gromperen-Gratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszéckt

20

Minuten
Baaschzékt

1

Stunde 

15

Minuten

Zutaten

  • 600 g Gromperen, geschiält an a Scheiwen van 0,5 cm geschnidden

  • 1 klengen Chouxfleurs, ca. 500 g

  • 30 g Botter

  • 30 g Miähl

  • 500 ml Bréit oder Mëlich

  • 200 g Reblonchon, an Würfel geschnidden

  • 2 TL Rosmarin

  • bëssen Muskot

  • Salz & Peffer

  • 50 g Panéiermiähl

  • 50 g frësch geriwene Pecorino

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen lossen ech op Mëttel Hëtzt den Botter schmëlzen, subal datt aafänkt mat spruddelen mëschen ech d’Mähl drënner an réisteren datt kuurz aan, äwer ouni datt et Faaref aanhëllt. De Roux setzen ech op Segt an loossen deen aafkéilen.
  • Ech setze eent Dëppen mat gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht, blanchéiren ech den Chouxfleurs fir ongeféier 5 Min. do dran, deen hualen ech raus an loossen en goud aafdrëpsen.
  • Dëst kooschend Waasser, oder alternativ kooschend Mëlich, schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Dann driien ech d’Hëtzt raaf an lossen Zooss ongeféier 20 Min. bis 25 Min. auskooschen.
  • Zooss würzen ech mat Salz, Peffer an 1 TL Rosmarin, no an no schmëlzen ech o den Reblonchon an der Zooss. Zooss kann kräftig gewürzt sen, d’Gromperen an den Chouxfleurs hualen vill van den Gewürzer op.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180° Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • An enge gebottert feierfest Form leen ech den Chouxfleurs an d’Mëtt, rondrëm schichten ech d’Gromperen, dann schëdden ech d’Zooss drop an decken den Gratin mat Sëlwerpapier zou. Su setzen ech en fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech den Pecorino mam Panéiermiähl an 1 TL Rosmarin.
  • No deen 45 Min. hualen ech den Gratin aus dem Schiäffchen an schalten den Schiäffchen op Ëmloft.
  • Den Sëlwerpapier hualen ech raaf an ech streien meng Pecorino-Panéiermiähl-Mëschung driwer, dann verdeelen ech na paar Botterflocken driwer an setzen den Gratin su na eng kéier fir ongeféier 30 Min. zereck an den Schiäffchen, oder bis en goldbrong gebaasch an alles mëll ass.
  • Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer an zeréiren en als Beilaag oder als Hauptplat mat frëscher Baguette oder engem Komp Zaloot.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*