Autor: Josiane

Hiärest om Teller: Hokkaido mat Risotto-Orzo-Kooschelfëllung

Hookkaido-Kürbis, gefëllt mat engem herzhaften Kooschelrisotte an iwerbaaschen mat Pecorino. Een hiärestlichen Menü, deen d’Aromen van dëser Saison perfekt anfänkt. Hokkaido-Kürbisse kommen ursprünglich aus Japan, an sen an den 70er Joeren an Mëtteleuropa populär jänn. Sie sen fir hir zaart Schaal an een séiss-nossigen Goût bekannt. An Kombinatioun mat engem […]

Mediterranen Basilikumualeg

Basilikumualeg ass een aromatischen Allrounder an der Këchen an jëtt villen Menüer een frëschen, mediterranen Goût. Well bei deen aalen Réimer ass den Basilikum als kiniklich Planz verliert jänn, watt sech an sengem Naam spéijelt. D’Wuort Basilikum leet sech aaf van deem griechischen Wuort „basilikós“ watt kiniklich bedeit. Verwendung Basilikumualeg […]

Cremigen mediterranen Basilikumpoulet

An mengem Artikel van Hokt drigt sech alles em Poulet, Basilikum an Pasta. Bekannt ass dësen Menü durich „Cheescake Factory“ ënnert dem Naam „Chicken Bellagio“. En kombinéiert panéierten Poulet mat enger cremiger Basilikum-Pasta an knusperig gebroodenem Prosciutto an Rucola. Ech han äwer meng eegen Kreatioun doraus gemaat, am Platz vam […]

Würzigen Cottage Pie

Cottage Pie – een einfaschen Menü, deen fir seng herzhaft Einfaschheet an vill Variatiounsmiiligkeeten bekannt ass. Bekannt ass den englischen „Sherperd’s Pie“ deen mat Lammfleesch, Geméiss an Gromperenpürée zoubereet jëtt, genausu wie deen fransiischen „Hachis Parmentier“ mat Gehacktes, Geméiss an Gromperenpürée. Et fënnt een vill verschidden Varianten, ech maan hokt […]

Zaarten Ragù di vitello

Ragù di vitello – ass die italienisch Äntwert op herzhaft Comfort Food. Eent Rezept an deem Kalefsfleesch eng ganz besonnig Roll spillt. Am Gegensatz zum bekannten Ragù alla Bolognese, deen ischter mat Rand oder Schweng zoubereet jëtt, hat dësen Ragù eng mëll an zaart Konsistenz. Den Geroosch van Tomaten, Kreger […]

Fir die siier Këchen: Reispann mat Geméiss an Ei

Meng Reispann mat Muurten, Ënnen, Wirsing an Ei ass eent wonnerbart einfascht an aromatischt Ässen, datt aus frëschen an ne ze deieren Zutaten besteht. Et ass een Klassiker aus der Alldaagskëchen – Bauren han dachs datt verschafft watt sie selwer aangebaut han oder datt lang gelagert konnt jänn. Dës pann […]

Quitten-Äppel Gebeets

Quitten stinn fir Gléck, Bestännigkeet, Schingheet, Léift, Fruchtbarkeet an Wäisheet. Ween sech Zéckt fir ankooschen hëllt, kann dann well moies seng Bottisch mat dësen positiven Eegenschaften genéissen. Wees du, Quitten sen bëssen geheimnisvoll Friischten, déi hokt kaum na een kennt – dobäi gehiiren sie zu enger van deen älsten Obstzorten, […]

Rambasicci al verza

Rambasicci al verza oder Wirsingrouladen, ass een traditionellen Menü aus Norditalien. Dëst einfasch an rustikalt Ässen vereent eng deftig Fleeschfëllung ëmhëllt van mëllen Wirsingbläder an ass een perfekt Menü fir mi kéil Deeg. D’Zouberredung ass ähnlich wie bei eis Kappesrouladen, an wie bei all Menü jänn et verschidden Regional Varianten. […]

Poulet à la Provençale

D’Këchen aus der Provence ass fir hir einfasch an aromatisch Art bekannt. Mat frëschen Kegder wie Rosmarin an Thymian an der intensiver Kombinatioun aus Knuawelek an Schalotten fänken ech deen intensiven, authentischen Goût van der Provence an. D‘ Verwendung van wäissem Wenig jëtt dësem Menü eng ganz besonnig Raffinesse. Dëst […]

Herzhaft Frittata mat Wiischtercher, Paprika an Ënnen

Hokt beschreiwen ech dir eent einfascht an siiert Rezept van enger Omlette. Wann een mol net deen richtigen Iddi hat fir gruussartig ze kooschen ass dësen Menü genau datt richtigt. Frittata hat hir Wuurzelen an der italienischer Këchen an jëtt dachs als deen mediterrane Cousin van der fransiischer Omlette bezeechent. […]

Rustikal Pilon de Poulet mat Geméiss an Reis

An der Këchen jëtt et kaum jätt besseres wie een Menü aus dem Schiäffchen, gemellig geschmort, fir datt sech all Aromen goud mateneen verbannen. Meng Iddi wor eigentlich Geméiss aus  dem Schiäffchen ze maan mat Pilon de Poulet, well ech äwer alles zesaammen an eng gruus Pann gleit han, an […]

Aromatisch Putenbrost mat Basilikum-Geméiss

Eent Ässen, datt saaftig Putenbroststreifen, knackig Muurten an Zellerie, mëll Courgetten an séiss Tomaten mat deem frëschen Goût vam Basilikum vereent. Inspiréiert van der mediterraner Këchen, béid dëst Rezept eent gesond an aromatischt Ässen, datt sech perfekt fir een liiten Menü eegent. Technik, Fleesch an Geméiss am Sëlwerpapaier ze garen […]

Gromperenkéichelcher mat Äppelkompott

Gromperenkéichelcher, obwohl sie keen traditionellt Ässen aus eiser Këchen sen, sen sie een festen Bestanddeel van eiser Kirmes-Kultur an ëmmer een Highlight. Dës knusperig Gromperenkéichelcher sen net nëmmen einfasch zouzebreeden, mais o su richtig aromatisch. Den Ursprong reecht wegt zereck, an die traditionell Këchen aus Zentral- an Osteuropa, an där […]

Herzhaft gefëllten Gehacktesbroot

Hokt kooschen ech eent Rezept, datt eng bëssen mi modern Variant van engem traditionellen Klassiker ass: Herzhaft gefëllten Gehacktesbroot! Gehacktesbroot jëtt et a villen Kulturen an zällt zu deen traditionellen Familjenässen, datt ségt Generatiounen beléift ass. Dësen Broot kombinéiert saaftigt Gehacktes mat enger köstlicher Fëllung aus karameliséierten Ënnen, gebroodene Kooschelen […]

Hiärestlich Gromperen-Chouxfleurs Pann

Goldbrong gebrooden Grompere, zarten Chouxfleurs, deem ech o paar Röstaromen verpasst han, an würzigt Gehacktes vereent an enger cremiger Mostertzooss ass su eent richtigt Comfort Food. Segt Joerhonnerten jän an deen ländlichen Këchen Grompern, Chouxfleurs an Gehacktes verschafft – Zutaten déi an villen Regiounen liit an baal datt ganz Joer […]