Bangers and Mash, Wurst, Kartoffelpürée, Sosse, Lauch, Äpfel

Bangers and Mash

Bangers and Mash as eent klassischt britischt Ässen, datt aus würzigen Wuuschten (Bangers) an Gromperenpürée (Mash) besteht. D’Wuuschten sen aus Schwéngefleesch oder Randfleesch an han een herzhaften Geschmaasch. De Gromperenpürée ass een klassischen Pürée mat Botter an Mëlich. Dëst Ässen jëtt dachs mat enger kräftiger Ënnenzooss begleet an mat Iärbessen zervéiert. Bangers an Mash as eent “Comfort-Food” aus England datt an villen Pup’s an Restauranten op der Insel aangebuaden jëtt. Herzhaft, wiärmend an lecker!

Den Naam “Bangers” soll angeblich aus dem ischten Weltkréich kommen. Zu där Zéckt wor Fleesch rar, wann Wuuschten gemaat se jiänn wor niäwent verschiddenen anneren Fëllungen, Waasser een gruussen Bestandeel van den Wuuschten. Beim Brooden sen Wuuschten dann opgeplatzt “explodéiert” an dohiär den Naam “Bangers” (Knallkörper)

Ech han mëch bei dësem Rezept van Jamie Oliver inspriéiren geloss. Paar kleng Saaschen han ech äwer geännert.

Zutaten:

  • Gromperen, ech han an mengem Rezept eeng Püréemasse gemaat wie een se bei Croquetten mëcht.
  • Ei an Eijäll
  • Brootwuuschten, ech han hei einfasch Wéngzoossis gehollt.
  • Poretten
  • Äppel, am besten Boskop op alle Fall een richtig säierlichen hualen, ech han dësen Menü well eng kéier gekooscht an do hat ech een Séissen, an do schmëcht een iwerhaupt net datt Appel dran as.
  • bëssen frëschen Thymian
  • Miähl fir Zooss ze dëchsen.
  • Mëlich
  • Dijonmostert
  • bëssen Olivenualeg fir ze brooden an Form anzefetten
  • Salz, Peffer an bëssen Muskot

Zoubereedung

Gromperen han ech geschiält, an se mat kaalem Salzwaasser opgesatt an mëll gekooscht.

Poretten han ech längs durich geschnidden, ënner kaalem Waasser grëndlich gewäsch an se dann an dënn Halefronselen geschnidden.

Äppel jiänn geschiält an dann a Würfel geschnidden.

Den Thymian han ech gestrëppt.

De Schiäffchen op 200 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Während Gromperen kooschen han ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzt an Wuuschten do dran gebrooden. Déi han ech dann raus gehollt an Ronselen van ongeféier 1 cm geschnidden an op Ségt gestallt.

An der selwischter Pann han ech dann Äppel aangebrooden an liit karameliséiert. Als nächst han ech Poretten ënnergemëscht an liit mat aangebrooden.

Datt Ganzt han ech dann mam Miähl angestëpst, goud gemëscht an dann han ech Mëlich drop geschott, kuurz opkooschen geloss an Hëtzt dann raaf driien. De Mostert ënnermëschen, kuck datt Zooss dann nët mi kooscht.

An dann kann een Wuuschtenronselen well ënnermëschen. Alles ongeféier 15-20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen.

Während Zooss gemellig kooscht, Gromperen aafschëdden, mam Püréestampfer püréiren, Eier an Eijiäll ënnermëschen. Mat Salz, Peffer an bëssen Muskot würzen. De Pürée suwegt aafkéilen loossen datts du en mat de Fanger verschaffen kanns. En kéilt allerdings siier aaf wann en bis an der Form as, an auserneen gedreckt jëtt.

Eng feierfest Form mat bëssen Olivenualeg anfetten. 2/3 vam Pürée an der Form verdeelen, su datt de Buadem an den Rand bedeckt as. Maan hei deng Fanger bëssen naass, dann pëscht en net su.

Deen Rest Pürée op Baaschpapeier auserneen drecken, kuck datt den Püréedeckel bëssen mi gruuss as wie Form.

Zooss mat der Wuuscht an Form schëdden. De Baaschpapeier driien an den Deckel op Fleesch leen. Als nächst den Papeier raaf zéien an den Pürée all rondrëm entweeder mat den Fanger oder mat enger Forschett fest drecken.

Zum Schluss jëtt datt ganzt na mat bëssen Olivenualeg angepinselt an dann om Buadem vam Schiäffchen ongeféier 40 Min. gebaasch.

Bangers and Mash

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

1

Stunde 

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1, 2 KG geschiält miähligkooschend Gromperen

  • 1 Ei

  • 3 Eijiäll

  • 6 Brootwuuschten

  • 2 Poretten

  • 2 Äppel (am besten Boskop)

  • 3-4 gestrëpt frësch Thymianäst

  • 2 EL Miähl

  • 600 ml Mëlich

  • 3 EL Dijonmostert

  • bëssen Olivenualeg

  • Salz, Peffer an bëssen Muskot

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Gromperen mat kaalem Waasser opsetzen an mëll kooschen.
  • Während Gromperen kooschen, Poretten botzen, wäschen an dënn Halefronselen schnégden.
  • Äppel schiälen an kleng würfelen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Wuuschten do dran brooden. Wuuschten raus hualen an Ronselen van ongeféier 1 cm déckt schnégden. Op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann Äppel aanbrooden an liit karamelsiséiren. Poretten ënnermëschen an mat aangebrooden.
  • 2 EL Miähl driwer verdeelen an alles goud mëschen.
  • Mëlich drop schëdden an kuurz opkooschen loossen, den Thymian ënnermëschen.
  • Wuuschten ënner Zooss mëschen, op niddreger Hëtzt ongeféier 15-20 Min. kooschen loossen. De Mostert ënnermëschen, kuck dann äwer datt Zooss nët mi kooscht.
  • Gromperen aafschëdden an mam Püréestampfer püréiren, Ei an d’Eijiäll mat ënnermëschen. Mat Salz, Peffer an bëssen Muskot Würzen
  • 2/3 vam Pürée an enger agefetter feierfester Form verdeelen su datt de Buadem an den Rand bedeckt sen.
  • Deen anneren Drëttel op engem Baaschpapeier auserneen drecken, kuck datt den Püréedeckel bëssen mi gruuss as wie Form.
  • Fleesch mat der Zooss op den Pürée an der Form verdeelen.
  • De Püréedeckel mam Papeier driien an op Form leen, de Papeier raafzéihen, rondrëm fest drecken an mat bëssen Olivenualeg anpinselen.
  • Op den Buadem vam Schiäffchen setzen an 40 Min. brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*