Kartoffeln, Speck, Zwiebeln, Petrsilie

Gromperen Lyonnaise

Meng Léift zu Gromperen kennt keng Grenzen, sie sen bëllig, schmaaschen goud, sen villségtig an onkomplizéiert. Dës Brootgromperen jiänn aus gekooschten Gromperen an gebrooden Ënnen zoubereed, baussen knusperig an bannen mëll. Eng Beilaag déi zu ganz villen Menüer passt.

Watt sen “Pommes Lyonnaise”?

Pommes Lyonnaise as eeng klassisch fransiisch Zoubereedung, déi den Naam van der Stadt Lyon hat. Sie jiänn an dënn Scheiwen geschnidden, rii gebrooden an mat goud karameliséierten Ënnen gemëscht, an dann nëmmen mat Salz, Peffer gewürzt an fir Garnitur jëtt nat gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Fir meng Versioun han ech na zousätzlich krupsig gebrooden Speck ënnergemëscht. An ech han se an Muffinformen gebrooden. Et jiänn natiirlech ganz vill Miilechkeeten dëst Rezept dengem Goût aanzepassen.

Zutaten

  • Gromperen, hual do festkooschender oder iwerwiegend festkooschend.
  • Botter oder Ualeg, traditionell jiänn des Gromperen mat Botter gemaat, du kanns äwer o een neutralen Ualeg oder Olivenualeg dofir hualen. Ech han gar keent Fett an Pann gemaat, de Speck zéiht genou Fett an datt ganzt krëtt dodurich richtig gouden Goût.
  • Ënnen, hei kanns du o hualen watts du am léiftsten has, rugd Ënnen, jiäll Ënnen. Ech han sugar eent Rezept fonnt mat Frühlingszwibbelen, do jiff ech dann just datt Wäisst karameliséiren an datt Gréint als Deko zum Schluss ënnermëschen. Ech han die normal jiäll Ënnen gehollt.
  • Speckwürfel, kuck do datts du gereechert Speck has.
  • Gewürzer, datt ursprünglicht Rezept jëtt nëmmen mat Peffer an Salz gewürzt. Ech han an mengt Rezept äwer bëssen Herbes de Provence mat ënnergemëscht.
  • Péitersilich, frësch gehackten Péitersilich, geségt goud aus, an schmëscht goud.

Zoubereedung

Ech han meng Gromperen grëndlich gewäsch an net geschiällt, du kanns se natiirlech o schiälen. Dann han ech se mat der Mandoline an dënn Scheiwen gehuwelt.

Ënnen schiälen, halbéiren an dënn Halefronselen schnégden, datt geht o am siiersten op der Mandoline

De Speck han ech gewürfelt.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

An enger waarmer Pann han ech op mëttel Hëtzt den Speck ganz ouni Fett aangebrooden. Wann Fett aafänkt raus ze zéihen kann een Temperatur bëssen rop setzen.

Dann han ech d’Ënnen drënner gemëscht an déi mat gebrooden bis se eng sching goldbrong Faaref kreien. D’Ënnen zéihen am Aafank bëssen Waasser, datt liiest die ganz Röstaromen déi durich den Speck brooden entstannen sen, datt brengt natiirlech na zousätzlich Aroma. Mat bëssen Herbes de Provence würzen.

An enger Muffinform han ech ënndran 1-2 Scheiwen Gromperen geleit, dann han ech bëssen van der Speck-Ënnenmëschung drop geleit, dann rëm Gromperen, su Schischten bis Fromen gefëllt sen an mat enger Schischt Gromperen aafschléissen. Die iäwischt Schischt liit mat bëssen Ualeg anpinselen. Ech han o nëmmen die iäwischt Schischt mat Salz, Peffer an bëssen Herbes de Provence gewürzt.

Datt Ganzt fir ongeféier 30-35 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen. 5 Minuten viraan Schluss die Iäwischt Hëtzt ausschalten an just nat mat er Ënnischterhëtzt viraan brooden. Su jiän Gromperen ënnen an der Form o knusperig.

Kartoffeln, Speck, Ziebeln, Kochfleisch

Mein Menü gekooschtent Randfleesch mat Fleurs de Sel, Gromperen Lyonnaise an Mostert

Varianten

  • Zitrounensaaft, wanns du die ganz Gromperen an der Pann virbereeds, kanns du kuurz viraan Schluss Gromperen mat bëssen Zitrounensaaft aafläschen.
  • Gewürzer, fir den Gromperen mi Schiäreft ze jiänn, kanns du mat bëssen Cayenne oder Chilipolwer würzen.
  • Krégder, ech han hei jo well Herbes de Provence gehollt, du kanns äwer o nëmmen Rosmarin hualen.
  • Geméiss, dënn geschniddent an knusperig gebroodend Geméiss, wie z.B. Paprika, Courgetten oder Kooschelen
  • Kiiss, datt Ganzt kann natiirlech o mat Kiis am Schiäffchen iwerbaaschen jiänn.
  • Speck, am Platz vam Speck kanns du o Wuuscht hualen, wie Salami, Chorizo…

Gromperen Lyonnaise

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1,2 KG an dën Ronselen geschnidden Gromperen

  • 350 g an dënn halefronselen geschnidden Ënnen

  • 250 g gereecherten gewürfelten Speck

  • 1,5 TL Herbes de Provence

  • Salz & Peffer

  • bëssen Ualeg fir anzepinselen

  • 1 Botte gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann de Speck aanbrooden, subal wann Fett austrëtt an sech om Buadem Röstaromen gebild han, Ënnen ënnermëschen an mat aanbrooden bis se goldbrong sen. Mat Herbes de Provence würzen.
  • An enger Muffinform ënndran 1-2 Scheiwen Gromperen leen, bëssen van der Speck-Ënnenmëschung drop leen, dann rëm Gromperenscheiwen. Su firaan schichten bis Formen voll sen an mat enger Gromperenschicht aafronnen. Liit mat Ualeg anpinselen an mat Salz, Peffer an bëssen Herbes de Provence würzen.
  • Am Schiäffchen fir ongeféier 30-35 Min. baaschen. 5 Min. viraam Schluss die Iäwischt Hëtzt ausschalten an just na mat der ënnischter Hetzt färdeg baaschen. Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*