Boeuf Stroganoff

Den “Boeuf Stroganoff” as eent traditionellt russischt Ässen. Kuckt een lo die verschidden Rezepter durich, wees een leider net genau wie eent et maan soll.

An deem engen steht et as een: Eintopf mat Randfleesch, datt firtischt marinéiert, dann gebrooden an dann geschmoort jëtt.

An engem anneren steht: ouni Fro muss Randsfilet gehollt jiänn, watt kuurz gebrooden jëtt. an subal Zooss färdeg as, na just an der Zooss gewiäremt jëtt.

Datt eenzigt wu se sech mi oder winiger eenz sen as Zooss, eng Zooss aus Randsbréit, sauer Rahm an Dijon Mostert.

Ech han fir mein Stroganoff:

  • Randfleesch
  • Botterschmalz
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Kooschelen
  • Sauer Rahm
  • Fleeschbréit
  • scharefen Mostert
  • Miähl
  • Salz & Peffer

gehollt.

Gekooscht han ech:

Fleesch han ech an dënn Streifen geschnidden, mat Salz an Peffer gewürzt an et 30 Min. bis 1 Stonn bei Raumtemperatur durich zéien geloss.

Botterschmalz han ech an enger waarmer Pann erhëtzt an Fleesch do dran kräftig aangebrooden. Ech han et dann raus gehollt an op Segt gestallt.

Als nächst han ech Ënnen aangebrooden an se bëssen brong jiän geloss. Dann han ech Kooschelen ënnergemëscht an déi mat gebrooden.

1-2 EL Miähl han ech driwer gestëpst, an datt mat aangebrooden.

Dono han ech Bréit drop geschott an alles opkooschen gelooss.

Dann han ech sauer Rahm ënnergemëscht, geschmaascht na bëssen no gewürzt. An op niddreger Hëtzt bëssen ankooschen geloss.

Plaque han ech dann ausgemaat, den Mostert ënnergeréiert an Fleesch drënner gemëscht, den Deckel drop leen an mat der rest Hëtzt van der Plaque han ech su Fleesch an der Zooss gewiäremt.

INFO: Du muss net unbedingt Filet hualen, kuck just datts du zart Fleesch has, watt goud as fir kuurz ze brooden.

Boeuf Stroganoff

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Watt brausch ech?

  • 600 g Randfleesch oder Randsfilet

  • 2 EL Botterschmalz

  • 250 g frësch an dënn Scheiwen gechnidden Kooschelen

  • 1 deck an Würfel geschnidden Ënn

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 2 EL Miähl

  • 300 ml Randsbréit

  • 250 ml Sauer Rahm

  • 1-2 TL scharefen Mostert od. Dijon Mostert

  • Peffer & Salz

Wie jëtt gekooscht

  • Fleesch an dënn Streifen schnegden, mat Salz an Peffer würzen an et eng goud halef Stonn bis eng Stonn bei Raumtemperatur durich zéien loossen.
  • Botterschmalz an enger waarmer Pann erhëtzen an Fleesch kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Segt stellen.
  • An der selwischter Pann, rem bëssen Botterschmalz erhëtzen, d’Ënnen an de Knuawléck aanbrooden an bëssen brong jiänn loossen. Kooschelen ënnermëschen an déi mat aanbrooden.
  • Miähl driwer stëppsen an datt liit aanbrooden.
  • Randsbréit drop schëdden an alles opkooschen loossen.
  • Sauer Rahm drënner mëschen an datt Ganzt bëssen ankooschen loossen, schmaaschen evtl, na noowürzen.
  • Plaque ausdriien, Pann äwer op der waarmer Plaque stoen loossen. De Mostert ënnermëschen an dann Fleesch dobäi jiänn, den Deckel drop leen an mat der rest Hëtzt van der Plaque Fleesch su an der Zooss wiärmen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*