Bouletten mat Geméisszooss

Hogt hualen ech dech mat an die einfasch Këchen, mat engem herzhaften Ässen aus klengen Bouletten an enger Geméisszooss mat Muurten, Iärbessen an Kooschelen. Eent einfascht Ässen datt mat Pasta, Reis oder Gromperen zervéiert kann jiänn.

Zutaten

  • Gehacktes
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Muurten
  • Kooschelen
  • Tomatenpürée
  • wäissen Wéng
  • Bréit
  • TK-Iärbessen
  • Rahm
  • Salz an Peffer
  • Ualeg fir ze brooden

Fir Gehacktes

  • Paprikapolwer
  • Cumin
  • Eier
  • Peffer & Salz
  • Panéiermiähl oder eent Brigdchen vam Daag virdraan
  • Miähl

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck hacken ech fein.

Muurten schiälen ech an schnégden se an dënn Ronselen.

Kooschelen jiänn gebotz an je no Griist an véirel oder an Scheiwen geschnidden.

Gehacktes leen ech an eng Schossel, mëschen de Paprikapolwer, Cumin, Salz, Peffer, Panéiermiähl, d’Eier an d’Halschent van den Ënnen an Knuawléck drënner. Alles goud mateneen vermëschen an kleng Bouletten formen, déi driien ech dann am Miähl.

Als nächst setzen ech eng Gossenpann op d’Kooschplaque, subal déi waarem as erhëtzen ech bëssen Ualeg an brooden Bouletten rondrëm kräftig aan. Déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech dann op mëttel Hëtzt deen rest Ënnen an Knauwléck aan, subal déi aafänken Faaref ze kreien mëschen ech Kooschelen ant Muurten drënner an brooden alles aan. Würzen.

Am nächsten Schratt mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen mat aan.

Datt Ganzt läschen ech dann mam wäissen Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen.

Als nächst schëdden ech Bréit drop an lossen déi opkooschen, schmaaschen an würzen. Bréi lossen ech ongeféier bis op Halschent ankooschen.

Dann leen ech Bouletten an Iärbessen dran an schëdden Rahm drop.

Datt Ganzt lossen ech dann bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.

Ech han Pasta dobäi gekooscht an mein Menü mat gehaacktem Péitersilich zervéiert.

Tipps

  1. Hual goud an hiiwiärtig Zutaten fir deen besten Geschmaasch ze garantéiren.
  2. Bei der Bréit kanns du selwer entscheeden ob’s du eeng Fleeschbréit oder eng Geméissbréit hëlls, bei der Féeeschbréit ass d’Ässen mi geherzt.
  3. Ech hualen TK (gefruaren) Iärbessen well et am moment keng frësch Iärbessen jiänn. Gefruaren ass ëmmer die besten Wiäll, Iärbessen sen genau zum richtigen Zécktpunkt gepléckt an jiänn dann direkt gefruaren.
  4. Wanns du gewürztent Gehacktes hëlls pass dann op mam salzen.

Bouletten mat Geméisszooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gehacktes

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 Muurten, an Ronselen geschnidden

  • 250 g Kooschelen, an véirel oder Scheiwen geschnidden

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 500 ml Bréit

  • 100 g TK-Iärbessen

  • 150 ml Rahm

  • Salz & Peffer

  • Ualeg fir ze brooden

  • Fir Gehacktes
  • 1 TL Paprikapolwer

  • 0,5 TL Cumin

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 Ei

  • 2-3 EL Panéiermiähl

  • Bëssen Miähl fir Bouletten dran ze driien

Zoubereedung

  • Gehacktes an eng Schossel leen, an mat den Gewürzer, dem Panéiermiähl, dem Ei an der Halschent van den Ënnen an Knuawléck goud vermëschen.
  • Kleng Bouletten formen an am Miähl driien.
  • An enger waarmer Pann den Ualeg erhëtzen an Bouletten kräftig all rondrëm aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann, d’Ënnen an de Knuawléck op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Dann Muurten an d’Kooschelen ënnermëschen an mat aanbrooden an würzen.
  • Als nächst den Tomatenpürée drënner mëschen an aanbrooden.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • Bréit drop schëdden an opkooschen loossen. Bréit bis op Halschent reduzéiren loossen. Schmaaschen an würzen.
  • Dann Bouletten an d’Iärbessen dran leen an Rahm drop schëdden.
  • Datt Ganzt bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen loossen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*