Brooden

Brooden an Sautéiren jëtt dachs als datt selwischt bezeechent. Brooden as fir die meest een Sammelbegrëff fir alles watt an enger Pann gegart jëtt.

Watt as brooden?

Am Gegensatz zu villen Meenungen, jëtt net an enger Pann gebrooden, an enger Pann jëtt sautéiert. Gebrooden jëtt am Schiäffchen op niddreg, mëttel oder hiier Temperatur an ëmmer ouni Deckel.

Brooden as wahrscheinlich die älst Kooschtechnik, et brausch een net unbedingt eent Dëppen. Et brausch een just Kontroll iwert Feier.

Brooden kann een als “drëchent” garen bezeechnen. Dodurich datt sech Eiwäiss, Fett an Zocker verbannen entstinn die typisch Röstaromen an Fleesch jëtt rondrëm sching brong. Watt o als Maillard-Reaktioun bekannt as.

Beim Geméiss spillt Maillard-Reaktioun keng su eng gruuss Roll. Aroma an Faaref entstinn hei durich Karamelisatioun vam natiirlechen Zocker deen am Geméiss enthalen as.

Watt passéiert beim brooden?

Beim brooden van Fleesch muss durich Temperatur an Dauer dofir gesuarigt jiänn, datt Krust déi sech bild aromatisch an net ze donkel jëtt. Zur gläicher Zéckt muss datt Bannecht eng Temperatur erreechen, bei deem Kollagen sech an Gelatin ëmwandelt, passéiert datt net bleift Fleesch zii. Ausserdeem duaref den Muskeleiwäiss net suwégt gerënnen, datt en datt komplett Waasser aafjëtt an do durich Fleesch drëchen an hart jëtt.

Virbereedung

  • Liäwensmëttel virbereeden an würzen
  • Fleesch am besten 12 Stonnen viraam brooden salzen.
  • Fleesch kann een viraam brooden an enger Pann ronderëm aanbrooden.
  • Bei 150° – 200° am waarmen Schiäffchen färdeg brooden.
  • Fleesch während dem brooden ëmmer rëm arroséiren, datt heescht: mam ausgetroddene Saaft oder Fett begéissen.
  • Fleesch noom brooden 5-10 Min. ruhen loossen.
  • Evtl. aus dem Brootsatz een Jus oder eng Zooss zéien.
  • Gromperen oder Geméiss während dem brooden driien.

Hëtzt

Hëtzt as datt Element van der Verwandelung. Egal watt fir eng Hëtztquell genotzt jëtt, liist et déi Verännerung aus, déi Liäwensmëttel ëmwandelen van rii zu gekooscht.

Am Gegensatz zu Salz, Fett an Saier hat Hëtzt keen Geschmaasch an et as keng greifbar Substanz. Wirikung geségt an spirrt een äwer, et sprutzt, et knackt, et blubbert, et rëcht, et jëtt brong, dofir brausch een keen Thermometer, et muss een just seng Sënner aktivéiren: -kucken, rauschen, lausteren, schmaaschen-.

Wann ech Botterschmalz zoubereeden, hiiren ech aam blubberen wini datt den Schmalz färdeg as.

Tipps

Niddreggaren as eng Variant vam Brooden. Hei kann een Fleesch aanbrooden an dann bei 70° – 90° färdeg garen. Oder et gart een et firtischt op der niddreger Temperatur an et jëtt dono rondrëm aangebrooden.

Een Poulet kann een fir ze brooden op Ségt leen, déi empfindlech Brost soll dann net su siier ausdrëchnen. 10 Min. viraan Schluss dann op den Réck driien. Ech han datt net probéiert, ech han déi Erfahrung gemaat, wann Fleesch Raumtemperatur hat drëchent et o net aus. Een Poulet soll een o ëmmer mat Gewürz, Geméiss an Krégder fëllen.

Knuawléck-Rosmarin-Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet

  • 75 g Botter

  • 6 fein zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • eng halef Zitroun

  • 4 Rosmarinäst

  • Salz, schwarze Peffer

Zoubereedung

  • De Poulet bannen an baussen salzen an iwert Näit an de Frigo leen.
  • Deen anneren Daag Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt et Raumtemperatur aanhëllt.
  • De Botter schmëlzen, subal deen aafänkt mat schäimen vam Feier hualen, de Knuawléck an de Peffer ënnermëschen.
  • De Schiäffchen op 180° Iäwischt an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • De Poulet van bannen mat der Bottermëschung würzen. Zitroun an Rosmarinäst an den Poulet steechen.
  • Mat der Bottermëschung den Poulet rondrëm anpinselen, an eng feierfest Form leen.
  • Evtl. een Thermometer op die déckste Platz van der Brost steechen. Den Thermometer soll Schank net beréiren.
  • De Poulet an den Schiäffchen stellen.
  • Am besten dann om Handy den Timer stellen, all 10 Min. Fleesch mam ausgetroddene Saaft begéissen. Wann net suvill Saaft austrëtt geht datt am besten mat engem Pinseln.
  • Subal den Thermometer 70° anweisst, Fleesch na eng kéier arroséiren an den Schiäffchen op 220° rop driien. Op Grillfunktion mat Ëmloft ëmschalten an su lang firaan brooden bis Kärtemperatur 77°- 80° erreecht hat. Behal dann den Poulet äwer am Bléck net datt en ze donkel jëtt.
  • De Poulet raus hualen an zougedeckt 5-10 Min. ruhen loossen.
  • Een normalen Poulet su wie een en am Buttik ze koofen krëtt, brausch wann Fleesch Raumtemperatur hat ongeféier 50-60 Min. Deen ech hei haat hat 55 Min. gebrauscht an ech hätt en na 5 Min. mi lang am Schiäffchen sollten stoen loossen dann wir en na bëssen mi brong jiänn.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*