Zoossen, Botter & Dips

Pesto Genovese

Pesto Genovese as eng kulinarisch Kreatioun aus Genua, Ligurien, déi ségt Joerhonnerten sämtlich Sënner van Feinschmecker verzaubert. Dës Zooss vereent die besten Zutaten aus dëser Regioun. Noom Traditiounsrezept besteht den Pesto Genovese aus 7 Zutaten. Frëschen Basilikum, dozou geréistert Pinienkären an Knuawléck. Den Charakter van dësem Pesto jëtt durich ënnermëschen […]

Portiounsgriiessten

Et as nie su einfasch raus ze fannen, wivill ech fir watt brausch, ech well jo han, datt jidfereen satt jëtt, ech well äwer o net zevill fortschmäissen. Do jiänn et paar Froen déi een sech stellen muss. Wivill honger han meng Lékt? Während ëmmer dovaan ausgejangen jëtt, datt äler […]

Ketchup

Ketchup as eng van de Lieblingszoossen van Kanner, déi bei Fritten, op engem Sandwich oder sugar op den Nudelen gäss jëtt. Geschicht vam Ketchup Jidefereen hat bestëmmt eng Fläsch Heinz Ketchup am Frigo stoen, et as datt Erfolegsprodukt van Heinz. Heinz wor deen ischten deen Liäwensmëttel an durichsischtig Fläschen angefëllt […]

Hunneg-Mostert-Dressing

Su eng Zaloot as jo wirklich eppes leckeres, mais su ganz ouni Vinäigrette oder Dressing as et äwer ischter eppes Langweiliges. Hogt maan ech eng gemëschten Zaloot, mat waarmem Poulet an Hunneg-Dressing. Befir ech äwer zum Rezept kommen, des Woosch wor eng „Gästin“ am Boutik, déi eng Zaloot wollt. Madame […]

Baconaise

Wann die waarem Deeg kommen, as et aan der Zéckt fir ze grillen, mat der Familjen, mat Frënn, fir gesellig Momenter am Freien ze verbrengen. Natirlech duarefen do Zoossen net fehlen. Et jëtt na bëssen mi wie nëmmen Mayonnaise, Ketchup, Andalouse oder Mostert. Viraan allem sen die selwer gemaaten die […]

Tzatziki

Tzatziki as eng grieschisch Joghurtzooss, déi dachs als Dip oder Beilaag zervéiert jëtt. Sie besteht Hauptsächlich aus grieschischem Joghurt, Cornichon, Knuawléck, Olivenualeg, frëschem Dill oder/an Mënz suwie Zotrounensaaft. Tzatziki hat een erfrëschende, crémigen Geschmaasch mat engem liiten Knuawléckaroma an jëtt dachs bei gegrillten Fleesch, Pita-Brugd oder als Dip fir Geméiss […]

Äppel – Ënnen – Chutney

Ursprünglich kënnt den Chutney aus der indischer Këchen – genau gesoot aus Ostindien. Den Chutney as während der kolonialzéckt van den Englänner mat bräit jiänn. De Begrëff Chutney leet sech vam Naam „Chatni“ aaf. Chatni as Hindi an su kann een réckschléissen van wu den Chutney kënnt. Watt as een […]

Oliventapenade

Oliventapenade as een traditionell mediterranen Dip, Zooss, Gewürz… Noom traditionelle Rezept jëtt dës Tapanade aus gréinen oder schwarzen Oliven, Kaperen, Anchoisfilet, Knuawléck an Olivenualeg gemaat. Ech han hei eng Variant gemaat, mat Paprika an ouni Anchois, aus deem Grond well ech Fësch net goud verdroen. Verwendung Dës Oliventapenade schmëscht erfrëschend […]

Eier an enger Mostertzooss

No langer Zéckt han ech dësen klassischen Menü mol rëm eng kéier gekooscht. Een Menü mat vill schingen Erënnerungen. Een Menü deen mech an meng Bomi van Espler erënnert. Fregdes Owes oder o alt Sonndes Owes sen ech op Espler gefahren, ech wor mein Brouder deen aus der Schull kommen […]

Basilikumdip

Beim Basilikum jiän et mi Zorten, deen hei am best bekannten as deen gruussen gréine Basilikum, deen et o an all Boutique frësch am Dëppechen ze koofen jëtt. Et jëtt äwer o na deen gréine feine Basilikum, deen hat kleng, glatt hellgréin Bläder an een liit würzigen Aroma. Oder den […]