Chinakohlsalat

Chinakappeszaloot

Chinakappes as su ze soen deen coolen Neuveux vam europäischen Kappes. En geségt aus wie länglich Zalootherzen, hat knackig Bläder an een mëllen Geschmaasch. Du kanns dësen Kappes rii, an enger Zaloot, gekooscht an enger Zopp, gebrooden aus dem Wok oder aus enger Pann an gedënst als Beilaag bei engem Menü genéissen. De Chinakappes as villségtig – eng gesond Optioun fir Aafwiässelung an dengt Ässen ze brengen.

Wie kanns du den Chinakappes verschaffen?

  • Als Zaloot, Du kanns Chinakappes rii an Zalooten verschaffen, entweder alleng oder zesaammen mat annerem Geméiss- oder Zalootenzorten. De Chinakappes jëtt all Zaloot eng knusprig Textur.
  • An engem Wrap, hual den Chinakappes als gesond Alternativ zu Tortilla, Brugd oder an engem Wrap, mat zousätzlich dengen Lieblingszutaten.
  • An enger Zopp, Schnég den Chinakappes an dënn Streifen an mësch en mat ënner eng Zopp oder an een Eintopf. Su krëss du zousätzlich eng angenehm Textur an een gouden Geschmaasch.
  • Am Wok oder Pann, gebrooden aus dem Wok oder enger Pann, zesaammen mat anneren Geméisszorten an Protéinquellen. Su krëss du eent leckert an Gesond Ässen.
  • Gedënst, du kanns den Chinakappes dënsten an mat Gewürzer an Zoossen ganz no dengem Geschmaasch würzen.
  • Kimchi, beim Kimchi jëtt den Chinakappes zesaammen mat annerem Geméiss fermentéiert, ähnlich wie bei eis sauert Mouss.

Chinakappes as villségtig ansetzbar an kann an vill verschidden Menüer mat verschafft jänn. Du kanns dengt Ässen interessant an gesond gestalten.

Chinakohlsalat

Zoubereedung

De Chinakappes schnégden ech an dënn Streifen an wäschen grëndlich, ech loossen en goud aafdrëpsen an leen en an eng gruuss Schossel.

Muurten han ech geschiält an op der Rapp deck geraspelt. De Paprika an Tomaten entkären ech an schnégden se an dënn Streifen. Ënnen jiänn geschiält an dann an dënn Ronselen, Halefronselen oder Streifen geschnidden. Datt ganz Geméiss mëschen ech ënnert den Kappes.

Fir den Dressing, hacken ech Knuawléck ganz fein, leen en an eng Schossel an mëschen Reisessig, Sojazooss, Hunnig, bëssen geriwenen Ingwer, Olivenualeg an Zitrounensaaft drënner. Den Dressing goud mëschen bis den Hunnig sech opgeliesst hat. Evtl. na mat bëssen Peffer würzen.

Dann hacken ech na frëschen Koriander oder Péitersilich an mëschen alles mam Dressing ënnert den Kappes, deen setzen ech dann fir 30 Min. an de Frigo datt en durich zéien kann.

Als zousätzlich salzigen Topping han ech Laugenbretzel an Würfel geschnidden, mat bëssen Olivenualeg gemëscht an enger waarmer Pann knusperig Croûton gebrooden. Ech han se drënner gemëscht et as am besten du verdeels viraam zervéiren iwert der Zaloot.

Varianten

  1. Thai – Chinakappeszaloot: Hual Cacahuetten, Limettensaaft, Koriander an eng würzig Thai-Chili-Zooss fir een exotischen Aroma.
  2. Griechisch Art: Mësch den Chinakappes mat Oliven, Feta-Kiiss, Tomaten, Cornichon an een Dressing mat Zitrounensaaft an Olivenualeg.
  3. Caesare Art: Am Platz vam Réimerzaloot deen am klassischen Caesare-Salade as kanns du Chinakappes hualen.
  4. Coleslaw Art: Deen normalen Kappes durich Chinakappes ersetzen an wie gewiännt dein Coleslaw zoubereeden.
  5. Äppel-Chinakappeszaloot: Mësch dënn Scheiwen Äppel, Korinten an Walnëss ënnert deng Zaloot.
  6. Curry Chinakappeszaloot: Gëff dengem Zaloot mat Currypolwer, Mandarinen an Korinten bëssen indischen Aroma.
  7. Mexikanisch Art: Kombinéier deng Zaloot mat schwarzen Bungen, Mais, Avocado an engem würzigen Dressing.

Dës Varianten béiden ënnerscheedlich Geschmaachsrichtungen an Aromen. Du kanns Zutaten ganz dengem Geschmaasch aanpassen an su eng eenzigartig Zaloot kreéiren.

Chinakappeszaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 Chinakappes, an fein Streifen geschnidden

  • 2 Muurten, geraspelt

  • 1 rugd Paprika

  • 2 Tomaten

  • 1 rugd Ënn

  • 1 Handvoll Koriander oder Péitersilich, gehackt

  • Croûtons

  • Fir den Dressing
  • 3 EL Sojazooss

  • 2 EL Reisessig

  • 1 EL Hunnig

  • 1 TL geriwenen Ingwer

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 2 EL Olivenualeg

  • Saaft van enger Zitroun

  • evtl. bëssen Peffer

Zoubereedung

  • Chinakappes, Muurten, Paprika, Tomaten, Ënnen an enger Schossel mateneen vermëschen.
  • Koriander oder Péitersilich ënnermëschen.
  • Fir den Dressing
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen an goud réiren bis den Hunnig sech opgeliesst hat.
  • Den Dressing iwert den Kappes schëdden, goud vermëschen an ongeféier 30 Min. am Frigo durich zéien loossen.
  • Iwerdeems Croûtons zoubereeden, du kanns ganz normalt Brugd hualen, ech han fir een salzigen Topping Laugenbretzel gehollt. Déi han ech gewürfelt mat 1-2 EL Olivenualeg vermëscht an enger Pann knusperig gebrooden.
  • Viraam zervéiren Croûtons iwert der Zaloot verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*