Gefëllten Gromperen

Mat Gromperen kann een suvill maan, et muss net ëmmer die einfasch Gromper beim Menü sen.

An die gefëllten Gromperen déi ech hei maan kënnt Pulledchicken dran. Iwerbaaschen mat enger Kiisszooss an een frëschen Dip aus Sauerrahm drop.

Dofir hualen ech:

  • déck Gromperen, leider han ech keng fond, su sen dann bëssen mi kleng.
  • Pouletfilet, alternativ kanns du o, wanns du Bréit gekooscht has Houhn hualen.
  • Barbecuezooss
  • Hunneg
  • Essig
  • Knuawléck
  • Ënnen
  • Kiiszooss, Mornay-Zooss, 1L Béchamel, an 200 ml Fond, natiirlech oppassen firwatt Zooss gebrauscht jëtt an dann entweder Fësch- Fleesch- oder Geméissfond hualen. Alles goud vermëschen, opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an se 1/3 réduzéiren loossen. 50 g geraspelten schwäizer Kiiss an 50 g geraspelten Parmesan ënnerréihren an schmelzen loossen. Fir aafzeronnen kann een Zooss dann na mat 100 g frëscher Botter montéiren, muss een äwer net.
  • een frëschen Dip

Wie fänken ech aan?

Gromperen wäschen an se paar mol mat enger Forschette anpicken. Ech reiwen se dann mat Ualeg an leen se an eng feierfest Form an baaschen se bei 180° Grad eng Stonn am Schiäffchen.

Iwerdeems Gromperen baaschen, hacken ech d’Ënn an de Knauwléck an mëschen déi mat der Barbecuezooss, dem Waasser, Salz, Hunneg an Essig. Datt loossen ech dann eng kéier opkooschen, leen den Poulet dran an op niddreger Hëtzt loossen ech deen da mëll kooschen.

Wann de Poulet mëll as, zerdeelen ech deen mat 2 Forschetten an die eenzel Faseren, datt as bëssen gepiddels, du kanns datt o mat den Hänn maan.

Fleesch mëschen ech dann rëm ënnert Zooss an loossen et su lang ankooschen bis alles eng crémig Konsitenz hat. Well an där Zooss vill Zocker as, ëmmer rëm dran réiren an oppassen dat se net verbrennt.

Während de Pulledchicken am ankooschen as, mëschen ech Sauerrahm mam Knuawléck an den Frühlingszwibbelen, würzen an schmaaschen den Dip an setzen en an de Frigo bis ech en brausch.

Die mëll Gromperen halbéiren ech längs, ech schnegden se äwer net ganz durich. Déi jiänn dann bëssen auseneen gedreckt an mam Pulledchicken gefëllt. Dann maan ech een gouden EL Kiisszooss drop an iwerbaaschen datt Ganzt am waarmen Schiäffchen.

Viraam zervéiren maan ech dann 1 Läffel Sauerrahmdip drop, an een gouden Kappeszaloot dobäi, ronnt datt Ganzt aaf.

Gefëllten Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 4 gruus Gromperen

  • 4 Pouletfilet

  • 250 ml Barbecuezooss

  • 2 EL Hunneg

  • 1 EL Essig

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 gehackten Ënn

  • Salz & Peffer

  • 200 ml Kiisszooss oder alternativ frësch geraspelten Kiiss

  • Fir den Dipp
  • 2 EL sauer Rahm

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 1 EL geschnidden Frühlingszwibbelen

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180° Grad virwiärmen
  • Gromperen wäschen, mat enger Forschett paar mol anpicken an mat bëssen Ualeg am Schiäffchen mëll baaschen. Bëssen opppassen datt se net verbrennen soss mat Sëlverpapeier aafdecken.
  • Barbecuezooss, den Hunneg, Essig, bëssen Salz, de Knuawléck an d’Ënn goud vermëschen, 125 ml Waasser drop schëdden an opkooschen loossen.
  • Pouletfilet an där Zooss mëll kooschen. Raus hualen an mat 2 Forschetten an die eenzel Faseren zerdeelen.
  • Fleesch dan rem mat der Zooss mëschen, sulang ankooschen loossen bis Zooss crémig as, ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen evtl. na bëssen noowürzen.
  • Gromperen längs halbéiren, net ganz durich schnegden an bëssen auserneen drecken.
  • Mam Pulledchicken fëllen, een gouden EL Kiiszooss drop verdeelen. Am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen.
  • Fir den Dip
  • Sauerrahm mam Knuawléck, den Frühlingszwibbelen mëschen, würzen an schmaaschen.
  • Viraam zervéiren 1 EL Dip op Gromper leen, deen Rest Dip dobäi reechen.
Gefëllte Gromperen

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Paprika Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*