Een Klassiker ganz ouni Fix

Hokt verrooden ech eech jiät, jidfereen kennt jo die kleng Tiitercher, bei deenen een nëmmen Schmand, Mëlich oder Waasser brausch? Ech han, et ass äwer well lang hiär, dës Tiitercher o genotzt, et ass eent siiert zoubereet Ässen. Allerdings wor d’Resultat net iwerzeechend, meestens no aam Punkt fir versalzen ze sen, an mat verschidden Inhaltsstoffen déi net wirklich gesond sen.

Watt iwerzeecht aan dësem Rezept?

  • Winig Zutaten an eng gruuss Wirikung, du brauchs nëmmen paar Grondzutaten, déi an all normal Këchen ze fannen sen.
  • Crèmig an herzhaft, d’Kombinatioun aus brong geschmoorten Ënnen mat Schmand ass einfasch nëmmen köstlich.
  • Perfekt fir virzebreeden, den Daag drop schmëscht et meestens na besser.

Den Zauber van dësem Ässen legt aan senger Einfascheet. Ënnen sen net nëmmen eng Basiszutate, mais eent Aromawonner! Während deem gemelligen schmooren entfaalen sie een natiirlich séissen Goût, deen perfekt mat der crèmiger Schmandzooss harmonéiert. Bëssen Mostert suarigt fir eng fein Würzigkeet, während de Poulet an der Zooss botterzart jiët.

An villen Haushalten gehiiert dëst Ässen well ségt Joerzéinten zum engem festen Bestandeel, ob mat Kiiss iwerbaaschen, mat Speckwürfel verfeinert oder mat frëschen Krégder opgepeppt. Hokt beschreiwen ech dir meng Versioun, déi einfasch, äwer absolut köstlich ass.

Zutaten an Zoubereedung

Pouletfilet, dëst Fleesch ass moojier, eiwäissräich an jiët durich d’Schmandzooss besonnige saaftig. D’Fleesch hëllt d’Aromen goud op an bleift bei rischtiger Zoubereedung zaart. Fir mi eng herzhaft Versioun, kanns du Pouletstrempelen hualen, sie bleiwen mi saaftig, brauschen äwer bëssen mi lang fir gar ze jiän.

Well de Pouletfilet su eng komisch Form hat, schnégden ech mir en queesch durich fir datt d’Fleeschstécker ongeféier gläich deck sen. Déi salzen ech an setzen se zougedeckt, am besten iwert Nait, op mannst äwer 2 Stonnen an den Frigo. 30 Min. viraam brooden hualen ech d’Fleesch aus dem Frigo, fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann, deen Moment päfferen ech d’Fleesch. Du kanns et o na zousätzlich mat Paprikapolwer an/oder Currypolwer würzen.

Iwerdeems d’Fleesch am Frigo steht, schiälen ech d’Ënnen an schnégden se an dënn Sträifen. D’Ënnen sen d’Aromabasis van dësem Menü. Sie entweckelen während dem brooden een natiirlich séissen, herzhaften Aroma. Je no Zort ass den Goût ënnerscheedlich.

  • Die jiäll Ënnen, eng Ënn déi ech am meesten notzen, klassisch an würzig.
  • Die rugd Ënnen sen mi mëll am mi séiss am Goût.
  • Fir all déi et jiären mi intensiv an scharef han, béid sech die wäiss Ënn aan.

Natiirlech duraref an su engem Menü den Knuawelek net fehlen, deen schiälen ech an hacken en fein. De Knuawelek ronnt datt Ganzt aaf an brengt een angenehm würzigen Goût an d’Zooss.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech dann bëssen Botterschmalz. D’Fett suarigt dofir, datt Hëtzt gläichmässig iwerdreoen jiët an hëleft dobäi, datt alles eng sching goldbrong Faaref krëtt. Du kanns een neutralen Ualig hualen, Olivenualig brengt liit mediterran Nuancen an den Botterschmalz suarigt fir een besonnig feinen Aroma. Do dran brooden ech de Poulet goldbrong aan, hualen en dann raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.

D’Pann loossen ech dann bëssen aafkéilen, andeems ech se van der Plaque zéien, an op mëttel Hëtzt brooden ech dann am selwischten Fett d’Ënnen, bis se goud rauschen an eng sching goldbrong Faaref aangehollt han. Datt hëllt bëssen Zékt an aansproosch, mais nëmmen durich datt gemelligt schmooren/brooden entwéckelen d’Ënnen hiren aromatischen séissen Goût. D’Ënnen salzen ech well liit.

D’Ënnen läschen ech dann mat bëssen wäissem Wéng aaf, deen brengt an angenehm Säier an eng liit Fruuchtigkeet, dodurich datt ech en ganz ankooschen loossen, verfléiht den Alkohol mais den Goût bleift. Alternativ kanns du o bëssen Zitrounensaaft hualen.

Dann mëschen ech den Knuawelek drënner, an subal deen aafänkt mat rauschen, schëdden ech d’Bréit drop. De Knuawelek verbrennt siier, dofir brooden ech deen nëmmen kuurz mat, datt ass nëmmen eng Saasch van Sekonnen. Mat der Bréit an den Knuawelek kreien ech well eng wonnerbar Würzgkeet an meng Zooss, fir den Goût na mi ze konzentréiren, lossen ech d’Bréit ongeféier bis op d’Halschent ankooschen.

Als nächst mëschen ech de Schmand mat bëssen Mostert an schëdden datt dann an d’Zooss. Domatt krëtt Zooss die rischtig crèmigkeet ausserdeem jiän d’Aromen van den Ënnen an de Gewürzer durich den Fettaandeel vam Schmand gebonnen. Schmaaschen an evtl. mat Salz an Päffer nowürzen.

Lo leen ech den Poulet an d’Zooss an loossen en durichzéien, dodurich reduzéiert Zooss na an krëtt die perfekten crèmigkeet. Sollt se äwer na ze flëssig bleiwen, kanns du se, mat am kaalen Waasser opgeliesten Maizena bannen. Oder du mëchs dir zu gläichen Deeler Botter an Miähl, an bënns deng Zooss mat deem su entstannen Beurre Manié. Dofir hualen ech mir eng Passette an réiren, fir datt keng Klëmpercher entstinn, den Beurre Manié durich Passette an d’Zooss, ech propéiren firtischt mat 0,5TL bis 1TL van der Mëschung, sollt datt na net dar goen mëschen ech na bëssen drënner.  

Bei mir ass et Gromperenpürée dobäi jiän, goud basst äwer o Räis an all Zort Nuddelen, oder ganz einfasch, frësch Baguette oder Brugt.

Viraam zervéiren han ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Tipps aus  menger Këchen

D’Ënnen op niddrig bis mëttel Hëtzt brooden, just su entweckelen sie hiren herrlichen Aroma. Alternativ kanns du bëssen brongen Zocker oder Hunnig mat ënnert Ënnen mëschen su jiän sie na mi brong an deen séissen Goût jiët mi intensiv.

Beim Pouletfilet ass ëmmer opzepassen datt en net za lang an der Zooss durichzéiht, well en soss drëchen jiët. Vill Rezepter schreiwen do 10 Min. ech jiän net vill op Zécktangaben meestens stëmmen se net. Et hängt ëmmer van der Déckt van dengem Stéck Fleesch aaf wie lang datt et na durich zéien muss. Wann ech mir net secher se, schnégden ech een Filet op an kucken su op en durich gar ass. Hëlls du Pouletstrempelen fir dësen Menü, ass et net su schlëmm wann deen bëssen zevill Hëtzt mat krëtt, deen verzeiht een klengen Fehler ischter wie de Filet. Durich deen mi hiien Fettaandeel an den Strempelen bleiwen déi mi saaftig.

Verfeineren kanns du dësen Menü an, andeems du z.B. een Thymianast mat an d’Zooss leechs oder een Rosmarinast, goud passt o een Hauch Muskot.

Eng anner Variant ass, Speck mat den Ënnen ze brooden su krëss du na extra Aroma. Oder du leechs alles an eng feierfest Form, streiss Kiiss driwer an gratinéiers et am waarmen Schiäffchen.

Wie späicheren ech d’Rester?

  • An engem fest zouenen Dëppchen halen sech d’Rester bis zu 3 Deeg am Frigo.
  • Du kanns et anfréiren, allerdings ass d’Gefohr dann gruuss datt beim erhëtzen den Schmand flockig jiët.
  • Fir ze erhëtzen, op niddriger Hëtzt an d’Zooss mat bëssen Waasser oder Mëlich längen.

Pouletfilet an enger Ënnenzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

15

Minuten
Marinéierzéckt

2

Stonnen

Zutaten

  • 4 Pouletfielt, zerschnidden fir datt se gläich Déck sen.

  • Salz & Päffer

  • Botterschmalz oder Ualig fir ze brooden

  • 3 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • 100 ml wäissen Wéng

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 250 ml Bréit, am besten Houhnerbréit, alternativ: Geméissbréit.

  • 150 ml Schmand

  • 1 TL Dijonmostert

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

  • Optional: 1 EL Botter an 1 EL Miähl, vermëschen: Beurre Maniée oder 1 EL Maziena am kaalen Waasser opliesen.

Zoubereedung

  • De Pouletfilet salzen ech an setzen en zougedeckt, am besten iwert Nait, op mannst äwer 2 Stonnen an den Frigo. 30 Min. viraam brooden hualen ech d’Fleesch aus dem Frigo, fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann, deen Moment päfferen ech d’Fleesch
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden de Poulet do dran goldbrong aan. Deen hualen ech raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.
  • D’Pann zéien ech dann van der Plaque an loossen se bëssen aafkéilen, op mëttel Hëtzt brooden ech dann d’Ënnen gemellig bis se goldbrong sen an goud rauschen. D’Ënnen salzen ech liit.
  • D’Ënnen läschen ech dann mat bëssen wäissem Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen.
  • Dann mëschen ech den Knuawelek drënner, an subal deen aafänkt mat rauschen, schëdden ech d’Bréit drop, déi loossen ech ongeféier bis op d’Halschent reduzéiren.
  • Als nächst mëschen ech den Mostert mam Schmand an schëdden dës Mëschung an Pann. Passen lo äwer op, datt Zooss net mi kräftig kooscht.
  • Lo leen ech d’Fleesch rëm dran an loossen datt an der Zooss durich zéien. Zooss loossen ech dann bis op die gewënschten Konsitenz reduzéiren.
  • Optional: Kanns du Zooss mat 1 EL Maziena opgeliesst am kaalen Waasser, bannen. Oder du mëchs dir Botter an Miähl zu gläichen Deeler an bënns deng Zooss mat deem su entstannen Beurre Manië.
  • Mat der gewënschter Beilaag op Telleren verdeelen an mat Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*