Eier an enger Mostertzooss

No langer Zéckt han ech dësen klassischen Menü mol rëm eng kéier gekooscht. Een Menü mat vill schingen Erënnerungen.

Een Menü deen mech an meng Bomi van Espler erënnert. Fregdes Owes oder o alt Sonndes Owes sen ech op Espler gefahren, ech wor mein Brouder deen aus der Schull kommen as séichen oder han heen dohin gefahren fir datt heen en Bus krëtt fir ant Schull. Ganz dachs as et dann dësen Menü jiänn mat langen Maccaroni. Sie han néirens su goud geschmaascht wie do, wahrscheinlich o weent deen ganzen Erënnerungen déi een domatt verbënnt.

Ech han hei lo gebrooden Gromperen dobäi gemaat, haat déi na vam Daag virdraan am Frigo an wollt se net fort schmäissen.

Dofir hualen ech?

  • Eier
  • Miähl
  • Botter
  • Mëlich
  • bëssen Rahm
  • Peffer, Salz an Muskot
  • 1-2 TL scharefen Mostert
  • bëssen gehackten Péitersilich
  • Gromperen oder Nuddelen

Zoubereedung

Als ischt kooschen ech Eier hart, subal déi färdeg sen, an well ech net well datt se na nozéien an dann deen net su schingen gréine Rand kreien, schrecken ech se am kaalen Waasser aaf.

Ech kooschen d’Eier su: Ech setzen se mat kaalem Waasser op, loossen Waasser kooschen an driien Plaque dann aus, loossen Dëppen dann äwer op der Plaque stoen. Setzen den Timer op 9 -10 Min. an dann schrecken ech se mat kaalem Waasser aaf.

Botter lossen ech schmëlzen, schëdden dann Miähl drop, op niddreger Hëtzte réiren ech datt Ganzt dann fir 3-4 Min. Su maan ech een hellen Roux. Deen loossen ech aafkéilen.

Mëlich loossen ech opkooschen.

Deen kaalen Roux grimmelen ech an die kooschend Mëlich. Die kooschend Mëlich muss net op den Roux geschott jiänn, et geht o wanns du den Roux dran grimmels. Ech han ëmmer Roux an der Truh stoen dofir maan ech et su. Ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an loossen se op niddreger Hëtzt eng goud halef Stonn kooschen. Mat Salz, Peffer an Muskot würzen.

Iwerdeems schiälen ech d’Eier an halbéiren se. An ech hacken den Péitersilich kleng.

Subal datt färdeg as brooden ech Gromperen.

Schëdden dann bëssen Rahm ant Zooss, schmaaschen an würzen evtl. no.

Dann mëschen ech deen scharefen Moster drënner. Mëschen den Péitersilich drënner an leen d’ Eier dran an wiärmen se an der Zooss.

Eier an enger Mostertzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • 8 Eier

  • 40 g Miähl

  • 30 g Botter

  • 0,5 l Mëlich

  • 100 ml Rahm

  • 1-2 TL scharefen Mostert

  • Peffer, Salz an Muskot

  • bëssen gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Eier hart kooschen. Subal déi färdeg sen schrecken ech se am kaalem Waasser aaf.
  • Botter lossen ech schmëlzen, schëdden dann Miähl drop, op niddreger Hëtzte réiren ech datt Ganzt dann fir 3-4 Min. Su maan ech een hellen Roux. Deen loossen ech aafkéilen.
  • Mëlich setzen ech op an loossen se opkooschen.
  • Dann grimmelen ech den Roux dran, oder du schëdds die kooschend Mëlich op deen kaalen Roux.
  • Ënner stännigem réiren Zooss opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien, mat Salz, Peffer an Muskot würzen. Op niddreger Hëtzt ongeféier 30 min. kooschen loossen.
  • Iwerdeems schiälen ech d’Eier an halbéiren se.
  • Schëdden Rahm ant Zooss, schmaaschen an würzen evtl. no
  • Mëschen dann de Mostert an de Péitersilich drënner. An leen Eier dran an wiärmen déi an der Zooss.
  • Dobäi passt: Gromperen, Nuddelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*