Eent Glas voll Erënnerungen, Idiien an Zukunft
Wann ech an Ärdbiärsgebeets denken, geseen ech net nëmmen datt rugd liiten op enger Bottisch. Ech geseen een Summermuajien an pëchisch Fanger. Ganz éirerlich ech denken kaum eent annert Liäwensmëttel, wie d‘Ärdbiär krëtt et fiärdig, Kandheet, Joerzékt an Heemischt an eent inzigt Glas ze fëllen. Ärdbiärsgebeets ass äwer bëssen mi wie nëmmen eng köstlich Séissigkeet op enger Bottisch, sie erzällt Geschichten, déi sech iwert Joerhonnerten zéien an, na lang net zu Enn geschriwen sen.

Van den Réimer bis zum „Rebellengebeets“, de Bléck zeréck
D’Ärdbiär ass eng aal Lady. Well an der Antik wor sie bekannt, allerdings an vill mi klenger Form. D’Bëschärdbiär, „Fragaria vesca“ ass wëll an Europa gewaass, an d’Réimer han sie als Heelplanz geschätzt. Gebeets wie mir et hokt kennen, an Zocker angekooschten Fruuchtkompott, wor demools na Zukunftsmusik. Zocker wor een Luxusartikel, an am Platz d’Ärdbiär anzekooschen sen sie dachs gedrëchent oder am Hunnig konservéiert jiän.
D’Gebeets su wie mir et hokt kennen ass am 17ten Joerhonnert rischt bekannt jiän. Rischt zu enger Zekt wie d’Liäwensmëttelindustrie Zocker aus Zuckerrohr an spéider de Rübenzocker produzéiert han ass en bezahlbar jiän fir jidfereen. Besonnig an Frankräich an, an England sen su Friischten regelmässig angekooscht jiän, allerdings net fir ze konservéiren, mee als Ausdrock van Räichtum an Kultur. D’Ärdbiär ass du siier zur Lieblingsfruucht jiän, net nëmmen weent hirer intensiver Faaref, mee o ween deem gouden Geroosch.
Am 18ten Joerhonnert hat een aangefongen déi hokt verbreet Gaart- an Kulturärdbiär „Fragaria x ananassa“ ze ziichten, eng Ziischtung aus amerikanischen Zorten, déi mi gruuss, mi saaftig an mi séiss woren. Van do aan ass d’Ärdbiärsgebeets ëmmer mi bléift jiän, firtischt ënnert dem Adel, an spéider ass sie o an deen ländlichen Këchen aankommen.

Gebeets Zoubereedung van hokt.
Hokt fënnt een Ärdbiärsgebeets iwerall, am Buttik, op engem Buffet, an hippen Café’en an natiirlich an all Haushalt. Äwer wie bei su vill Saaschen, mëcht den Ënnerscheed Qualitéit, an d’Geschicht déi mir selwer dozou schreiwen.
Ween selwer Gebeets kooscht, wees et jieet an ischter Linn net nëmmen ëm d’Haltbaarmaan. Et jieet em d’Erliäwen. Ëm d’Réiren, d’Probéieren, d’Aaffëllen. Ëm de Geroosch deen durich datt ganzt Haus zéiht. An natiirlich ëm d’Wiäll van den Zutaten, an do fängt d’Geschicht van all Glas nei aan.
Regional Erdbiär sen dobäi den Schlëssel. Net nëmmen well sie mi aromatisch sen mee, watt den Transport mi kuurz ass, watt manner Aromen verluaren jinn an et ass mi noohaltig. Ärdbiär déi ënner fräiem Himmel waassen, brauschen winiger Energie, keen Fliiger, an dachs vill manner Pestizden. Du has se je villäicht selwer an dengem Gaart stoen.

Zocker, datt zweit gruust Thema. Hei lungt et sech genau ze kucken. Industriell produzéiert Gebeets enthält dachs mi Zocker wie Fruucht, aus deem Grond, den Zocker ass bëllig an et verbessert d’Haltbarkeet. Mëchs du dengt Gebeets selwer, kanns du selwer entscheeden wivill Zocker oder watt fir eent Séissungsmëttel dran gemaat jiët. Du kanns mat Geléierzocker 2:1 oder 3:1 schaffen, oder du hëlls eent alternativt Mëttel wie z.B. Äppeljus oder Hunnig (den Hunnig äwer rischt ënnert d’Ërdbiärmëschen wann et gekooscht hat, fir datt en säin Aroma behällt). Ween bëssen mi experimentéiren wëll, kann Birkenzocker oder Dattelpast hualen.

Ech kooschen mengt Gebeets ouni Geléierzocker, ech kooschen et firtischt mat Zocker, datt kann brongen oder wäissen sen, de Gewürzer, dem Zitrounensaaft an geriwenem Appel. Datt ass natiirlech een Prozess deen bëssen mi lang dauert, well Gebeets bis op een gewënschten Punkt reduzéiert soll jiän fir datt et geléiert.
Aal Techniken, nei entdecken: Ankooschen & Co
Die klassisch Methoud van der Gebeetszoubereedung ass Ankooschen. D’Friischten jiän mam Zocker opgekooscht, dachs mat Zitrounensaaft als natiirlicht Geléiermëttel, an anschliessend waarem an steril Gläser gefëllt. Loftdicht zougemaat, hällt Gebeets sech su locker eent Joer oder mi lang.
Äwer o Anmaan ouni Kooschen ass miilisch, z.B. durich d’Anfréiren mat Pektinpolwer an kaalem réiren. Dës Varianten sen vam Goût hiär besonnig frësch, äwer net su lang haltbar, ideal fir kleng Quantitéiten déi siier verschafft jiän.
Noohaltigkeet am Glas, firwatt et op die kleng Saaschen aakënnt.
Noohaltig fänkt beim Noodenken aan. An beim Kooschen. Wanns du selwer Ärdbiärsgebeets kooschs kanns du an suvill Schrauwen driien: saisonal Zutaten, Glas an keen Plastik, alles Verschaffen.
Has du gewoost, datts du mat deen aafgeschniddenen Rester van den Ärdbiär een Zaroup oder aromatiréiert Waasser maan kanns? Oder wanns du Rubarb oder Äpel drënner mëchs Zocker sparen kanns, well dës Friischten han van Natur aus vill Pektin enthaalen.
An o d’Wiäl van den Gläser ass net egal. Am Platz nei Gläser ze koofen kanns du egdel Mostert-, Joghurt,- oder Cornichongläser notzen. Sie erfëllen deen selwischten Zweck an wanns du eng sching Etikett drop pëchs erzällen sie hir eegen kleng Geschicht.
Watt brengt Zukunft?
Villäicht jiët d’Ärdbiärsgebeets irgendwann „Digital“? Nee net wirklich. Äwer een Trend wie Smart-Farming, fir deen noohaltigen Aanbau, Food-Tracking, fir den Transport su transparent wie miilisch ze maan, oder Zero Waste, die komplett Restverwiärung, prägen hokt well eist Ankoofsverhaalen an eist Kooschen.
Ausserdeem entdecken ëmmer mi Lekt d’Ankooschen als wonnerbar Alternative zur „Wegwerfgesellschaft“, als meditativt Hobby oder als einfaschen Ausdrock van Wiärtschätzung fir Liäwensmëttel. An o nei Kreatiounen kommen an d’Glas: Ärdbiär mat Basilikum, mat Baslamico, mat Vanille oder sugar Chili, erlaubt ass, watt schmëcht.

Fazit
Ärdbiärgebeets ass net nëmmen jiät fir op eng Bottisch ze schmiären. Et ass geliäften Traditioun, kreativt Spill an een klengen Beitrag alles selwer zouzebreeden. An hei vereenen sech Vergangenheet, Gegenwart an Zukunft, déi jidfereen van eis mat gestallten kann. Ob’s du klassisch kooschs oder einfasch deng Hänn déif an eng Schossel stëchs, am Enn zällt datt, watts du doraus mëchs. An villäicht datt ischt Grinsen beim ischten Maufel.
Erdbiärsgebeets
Schwierigkeit: einfasch35
Minuten40
MinutenZutaten
1 kg Erdbiär
700 g brongen Zocker
Saaft van 1 Bio-Zitroun
Optional: 1 Appel, mat der Schaal fein geriwen
1 Msp. Salz
Optional: Vanillestangen oder Gewürzer wie Canelle, Kardamom, Rosmarin, Päffer
250 g Hunnig
Zoubereedung
- D’Erdbiär wäschen ech grëndlich, schnégden se an graff Stécker an leen se an eent gruust Dëppen.
- Well ech ouni Geléierzocker schaffen, hualen ech een Appel deen ech mat der Schaal fein reiwen, deen mëschen ech ënnert Ärdbiär. Äppel enthaalen vill Pektin an hëlefen datt Gebeets geléiert.
- Als nächst schëdden ech deen brongen Zocker drop, kratzen Vanillestang aus, leen die ausgekratzen Stang mat dran, an mëschen datt mam Zitrounensaaft an enger Msp. Salz ënnert Erdbiär.
- Su lossen ech d’Obst ongeféier 30 Min. stoen. Dann setzen ech Dëppen op an lossen Gebeets opkooschen. Dobäi vill dran réiren soss brennt dir alles aan.
- Subal et kooscht, lossen ech Gebeets, ënner stännigem réiren 4-5 Min. kräftig kooschen.
- Dann driien ech d’Hëtzt raaf an loossen Gebeets op niddriger Hëtzt ongeféier 25 bis 30 Min. kooschen.
- D’Vanillestang hualen ech raus, an well ech net jiären Stécker an mengem Gebeets han, jiët mengt Gebeets püréiert. Dann setzen ech et rem zereck op Plaque, an mëschen den Hunnig drënner. Gebeets loossen ech dann, op niddriger Hëtzt bis op die gewënschten Konsitenz ankooschen.
- Eng Geléierprouf maan: Datt heescht een klengen Teller an den Frigo stellen su datt deen durich kaal ass. 1 TL vam Gebeets drop leen an fir 10 Min. zereck an de Frigo stellen. Drigs du den Teller an d’Gebeets leeft net vam Teller, ass et perfekt. Wann net, einfasch na bëssen op niddriger Hëtzt kooschen loossen.
- An steril Gläser fëllen, verschléissen. Ech kooschen mengt Gebeets na zousätzlich am Waasserbad bei 90°C fir 25 Min. an.