Stell dir fir, du jiees iwert den Maart, an et rëcht no Gaart, no Erdbiär, no frëschen Krégder, no Spargel, wäiss, zaart an Botten gestapelt. Direkt doniäwent rugd, gréin an jiäl Paprika, hannendraan knackig, kéil an gréin Cornichon. Eng Szene, déi noo engem gouden Zaloot ausgeségt, liit, frësch, an villäicht bëssen Nostalgie.
D’Wuurzelen leien an der Antik
Spargel hat eng erstaunlich lang Geschicht. Well die aal Ägypter, Griechen an Réimer wossten den „Asparagus officinalis“ ze schätzen, deemools viraan allem als Heelplanz. D’Réimer mat hirem feinen Geféihl fir Genoss, woren wahrscheinlich die ischt, déi de Spargel gezielt angebaut an zoubereet han. En ass jiären mat enger Mëschung aus Ualig an Essig zervéiert jiän, villächt net onähnlich, watt mir hokt eng Vinägrette nennen.
Watt mir hokt, als wäissen Spargel kennen, also die gebleechten, ënneridisch gewaassen Versioun, ass am 19ten Joerhonnert erfond jiän. Irgendeen ass op d’Iddi kommen, die zart Spargelstangen mat Buadem ze bedecken, fir su hir zaart Faaref an hiren mëllen Goût ze bewahren. An en ass su ganz siier zum Liebling an der feiner Këchen jiän. Bis hokt ass de Spargel eng Saisonal Delikatesse, an wann deen do ass, wees een d’Fréihjoer ass do.

Vam Festässen zum Alldaag
Traditionell ass wäissen Spargel als Hauptfigur zervéiert jiän, mat enger feiner Sauce Hollandaise, Gromperen, an villäicht engem Stéck Hamm. Äwer Zékten änneren sech, genausu wie eis Ässgewaahnichten. De Wonsch no frëschem, liiten Ässen, besonnig am Fréihjoer an am Fréihsummer, hat de Spargel aus dem Zentrum op den Zalootteller befördert. Zum Gléck, well an dëser Kombinatioun mat Paprika an Cornichon weisst heen sech van enger ganz neier Ségt
D’Vinägrette aus bëssen Olivenualig oder ween dee net jiären hat neutralen Ualig, bëssen Wäissenwéngessig oder Zitrounensaaft, Salz, Päffer an bëssen Granatäppelzaroup oder Hunnig, verbënnt alles zu engem séiss sauren Ganzen. Mat enger graff gehackter Schalott kënnt na eng liit Würzigkeet dobäi.

De Paprika brengt een séissen Aroma an eng knackig Textur, deen wonnerbar mat deem zaarten an liit nossigen vam Spargel harmonéiert.

D’Cronichon suarigt fir Frëschheet an béid een harmonichen Kontrast zu deen anneren Zutaten.

An fir na bëssen Faaref an datt Ganzt ze kreien duarefen frësch Krégder natiirich net fehlen, bei mir wor et gehackten Péitersilich.

Noohaltigkeet fängt om Feld aan.
De Spargelaanbau ass Handaarbischt. D’Stangen jiän eenzel, fréih muajies gestoosch, fir datt si näist van hirer Faaref, hirem Goût an Qualitéit verléiren. Dës Aarbicht schmëcht een, doweenst lungt et sech, beim Koof op Regionalitéit an ökologisch Aanbaumethouden opzepassen.
Datt selwischt zällt fir de Paprika an Cornichon. Während de Paprika dachs am Gewächshaus gezujien jiët, krëtt een es am Summer o vam Feld. Cornichon seen eent heemischt Geméiss, du has der jo villäicht selwer am Gaart.
Modernen Anfloss
Hokt an den Këchen duaref een bëssen Courage weisen. Wie wir et mat liit geréistertem Sesamualig, deen mat ënnert Vinägrette gemëscht jiët? Oder fein geraspelten Ingwer fir bëssen Schiäreft? Frësch gehackten Krégder, wie Bratzelen, Dill, Kiärwel an Estragon passen wonnerbar an dës Zaloot sie jiän him een gewëssene „Gaardencharme“.
Hartgekooschten Eier, graff gehackt, jiän deem Ganzen bëssen mi Substanz. Geréistert Sonnebloumenkären. All datt sen Miilischkeeten engem Spargelzaloot nei Nuancen ze jiän, ouni datt en seng Séil verléiert.

Traditioun om Teller, d’Zukunft am Bléck
Eis Gruuselteren han well gewosst wie wiärtvoll Geméiss ass, datt saisonal an regional wiisst. Wivill Léift am Kooschen stëcht an wie een aus einfaschen Zutaten jiät Wonnerbares zauberen kann.
Datt mëcht dës Zaloot su besonnig, en verbënnt Generatioun, vereent Aales mat neien Iddien an schmëcht einfasch goud. Et weisst datt noohaltig Kooschen net verzichten bedeit mee entdecken.
Fazit
Een Spargelzaloot kann villes sen, eng Erënnerung, eng Visioun, een Moment. En kann liit, frësch, noohaltig an zur gläicher Zékt déif an der kulinarischer Kultur verwuuzelt sen. An genau do dran légt seng Stiärikt an sein Zauber.
Faarwig Spargelzaloot
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten5
MinutenZutaten
500 g wäissen Spargel, geschiällt an an mondgerecht Stécker geschnidden
Saaft van 0,5 Zitroun, fir d’Spargelen ze kooschen
0,5 rugd Paprika, kleng gewürfelt
0,5 jiäll Paprika, kleng gewürfelt
0,5 gréin Paprika, kleng gewürfelt
1 kleng Geméisscornichon, geschiällt an dënn Halefronselen geschnidden
- fir d’Vinägrette
6 EL Olivenualig, alternativ neutralen Ualig
2 EL Wäissenwéngessig
Saaft van 0,5 Zitroun
Salz & Päffer
0,5 TL Mostert
1 TL Granatappelzaroup oder Hunnig
1 Schalott, graff gehackt
gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- Deen geschnidden Spargel blanchéiren ech fir 3-4 Min. am kooschenden Salzwaasser. An villen Rezepter steht et soll een bëssen Zocker mat ant Waasser maan, ech maan datt net, bei mir kënnt bëssen Zitrounensaaft mat dran. De Spargel aafschëdden an ënner kaalem Waasser afschrecken.
- Die geschnidden Cornichon leen ech an eng Sei an vermëschen se mat grawem Salz, su loossen ech so ongeféier 30 Min. stoen. Waasser an evtl. Batterstoffer zéihen su raus.
- Fir d’Vinägrette
- An enger Schossel mëschen ech den Olivenualig, mam Mostert, dem Essig, Zitrounensaaft, Granatappelzaroup, Salz an Päffer, kräftig réiren su datt eng Emoulsioun ensteht. Alternativ kanns du datt alles an eent Glas oder een Shaker fëllen an et kräftig rëselen bis sech alles vermëscht hat.
- Dann kënnt alles beineen, ech mëschen d’Schalott, deen blanchéierten Spargel, de Paprika, d’Cornochion an deen gehackten Pétersilich drënner.
- Am besten passt bei su eng Zaloot, Knuaweleksbaguett oder einfasch Baguette