Fächer-Gromperen

Fächergromperen sen eng lecker Beilaag, déi aus Gromperen an Gewürzer zoubereed jëtt. Fir dës Gromperen zouzebreeden jiänn Gromperen an dënn Scheiwen geschnidden, äwer net ganz, om Buadem mussen sie na beinneenhalen. Dann jänn Gromperen mat Ualeg angepinselt, dachs besteht dës Marinade aus Peffer, Salz, Olivenualeg, Knauwléck an verschidden Krégder. Anchliessend jiänn Gromperen am waarmen Schiäffchen gebaasch, bis se goldbrong sen. Gromperen kreien dodurich eng wonnerbar Textur, sie jiänn baussen knusperig an bannen bleiwen sie zart. Et as eng beléift Beilaag déi sech villségtig würzen an zervéiren lisst.

Watt muss ech wossen?

  • Auswahl van der Gromper: Hual am besten festkooschender, sie halen Form besser an han eng angenehm Textur.
  • Gleichmässig schnégden: Porbéier Gromperenscheiwen su gläichmässig wie et eben geht ze schnégden an ëmmer drop oppassen datts du se net durich schnégs.
  • Ualeg: Du kanns d’Meng vam Ualeg denger Virléift aanpassen. Mi Ualeg mëcht Gromper mi knusperig an net su vill mëcht se mi liit.
  • Baaschzéckt: Die genau Baaschzéckt hängt ëmmer van der Déckt van dengen Gromperen an dengem Schiäffchen aaf. Kuck paar mol an de Schiäffchen an pick mat engem Messer dran fir ze iwerpréifen op se mëll sen.
  • Zervéiren: Fächergromperen eegnen sech perfekt als Beilaag bei gegrilltem Fleesch, Gefligel oder Fësch. Sie kanne mat enger Auswahl van Dips an Zoossen zervéiert jiänn.
  • Kreativ sën: Bas kreativ, an probéier deng eegen Variant aus andeems du verschidden Krégder oder Gewürzer notz.
  • Restverwiärtung: Falls Gromperen iwerig bleiwen, kanns du se den nächsten Daag ganz einfasch opwiärmen oder du schnégs se ganz durich an mëchs eng Gromperzaloot draus.

Zoubereedung

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

Gromperen jiän grëndliche ënner fleissendem kaalen Waasser gewäsch an gedrëchent. All Gromper an dënn Scheiwen schnégden, äwer net ganz durich. Am besten Gromper zwëschen 2 Holzstäbercher (fir Broschetten) leen an se dann schnégden. Gromperen an eng feierfest Form leen.

An enger Schossel Olivenualeg, mat fein zerriwenem Knuawléck, Peffer, Salz an verschidden Krégder wie z.B. Thymian, Rosmarin, Oregano mëschen. Mat Hëlef van engem Pinsel Marinade grëndlich iwert den Gromperen verdeelen, su datt o Marinade zwëschent Scheiwen fléisst.

Gromperen dann fir 1,5 Stonnen am waarmen Schiäffchen baaschen, bis se goldbrong an knusperig sen. Du kanns baaschen o beschleunigen, andeems du den Schiäffchen op 200°C virwiärmes, dann brauschen Gromperen ongeféier 45 Min. bis 60 Min.

Varianten

  1. Gewürzer an Krégder: Experimentéier mat verschidden Gewürzer an frëschen Krégder, fir den Geschmaasch aanzepassen. Zum Beispill kanns du Paprikapolwer, Cumin oder Chiliflocken ënnermëschen, fir Gromperen mi würzig ze maan. Frësch Krégder wie Péitersilich, Bratzelen oder Basilikum jiänn der Gromper na zousätzlich frëschen Goût.
  2. Kiiss: Niäwent frësch geraspeltem Kiiss kanns du o Kiissscheiwen zwëschen Gromperenscheiwen leen, fir eng crémig Kiissschicht ze erhalen.
  3. Speck oder Ham: Knusperig gebrooden Speck- oder Hammewürfel oder Speck- oder Hammescheiwen, fir den Geschmaasch ze intensivéiren.
  4. Zitrusfriischten: Zwëschen Gromperenscheiwen dënn geschnidden Zitrounen- oder Orangenscheiwen leen, fir een erfrëschenden Zitrusgeschmaasch.
  5. Geméiss: Dënn geschniddent Geméiss wie Ënnen, Courgetten oder Tomaten zwëschen Gromperenscheiwen leen, fir mi Aroma an Faaref ze erhaalen.
  6. Dips: Zervéier deng Gromperen mat verschiddenen Dips wie Ranch-Zooss, Guacamole oder Salsa.
  7. Parmesan-Knuawléck: Hual Parmesan an zousätzlich Knuawléck, fir eng aromatisch Variante ze schafen.

Miilechkeeten sen endlos an du kanns Fächergromperen ganz dengem Geschmaasch anpassen. Et mëcht Spass, mat verschiddenen Zutaten an Aromen ze experimentéiren, fir deng eenzigartig Fächergromperen ze kooschen.

Fächer-Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 4 gruuss gewäschen an gedrëchent Gromperen

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 2 fein geriwen Ziiwen Knuawléck

  • 1 TL gedrëchent Krégder (z.B. Thymian, Rosmarin, Oregano…)

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

  • een Dip fir dobäi

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Gromperen an dënn Scheiwen schnégden, äwer net ganz durich. Am besten Gromper zwëschen 2 Holzstäbercher (fir Broschetten) leen an se dann schnégden. Grompern an eng feierfest Form leen.
  • Den Olivenualeg, mat den Gewürzer, Knuawléck an Krégder goud vermëschen. Mat Hëlef van engem Pinsel Marinade grëndlich iwert den Gromperen verdeelen su datt o Marinade zwëschent Scheiwen fléisst.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 1,5 Stonnen baaschen.
  • Dobäi zerwéiren ech meng Ranch-Zooss.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*