Fingerfood

Fingerfood bezeechnen kleng, handlich Häppercher, déi een ouni Besteck, mat de Fanger ässen kann. Sie sen su proportionéiert datt een se mat paar Maufelen, an dobäi proper an onkomplizéitert, ässen kann.

Fir Sylvester han ech verschiddenes zoubereet:

Mini-Wraps

Mini-Wraps mat Poulet, engem Blaad Zaloot an als Zooss han ech einfasch Mayonnaise an Ketchup gemëscht. De Wrap ass deen moderne Cousin vam Fladenbrugd. En ass flexibel, neutral am Goût an domatt die perfekt Bühn fir kräftig Fëllungen. Deen gebroodene Poulet, deen ech firtischt mat Salz, Päffer, Paprikapolwer, Oregano an bëssen Olivenualig marinéiert han, brengt Röstaromen an Proteinen. D’Zooss brengt eng Balance aus Sauer, Séiss an Fett. Den Zaloot brengt Frëscheet. Studien weisen, datt Ässen mat enger gouder Balance aus Fett, Salz an Säier als besonnig befrigdigend wiriken, sie aktivéiren eist Beloungsystem besser wie einfasch monoton Aromen.

Mini Blädderdeed-„Burger“

Dës Mini Bläderdeeg-Burger erzällen eng ähnlich Geschicht. De Bläderdeeg ass räich aan Fett, watt perfekt de Goût drigt. Fett liist d’Aromastoffer an verlängert su den openthalt am Mond. Mein Kregderstoffi liwert Frëscheet an eng liit Säier, d’Parmahamm Umami. Umami signaliséiert, datt hei ass nahrhaft, keent Wonner also, datt mir instinktiv zougräifen.

Bläderdeegschnecken mat Pancetta an Kiiss

An o dëst Fingerfood fonktionéiert no engem ähnlichen Prinzip. Pancetta brengt Salz an Reecheraroma, Kiiss Fett an Umami. Ech han bei mengen Schneken leider deen saure Schmand verjiäss, watt sie bëssen zevill drëchen gemaat hat an et hat een gemiärikt datt Säier gefehlt hat. Während dem Baaschen entsteht durich d’Maillard-Reaktioun, eng chemisch Reaktioun zwëschen Aminosäiren an Zocker. Wëssenschaftlich gesehen, sen datt genau déi Aromen, déi eisen Geest mat Wiäremt an Sëcherheet verbënnt. Dofir rëcht et an enger Këchen mat Bläderdeeg am Schiäffchien, direkt wie Doheem, sugar wann een dëst Ässen die ischte Kéier zoubereet.

Tortilla-Zylinder mat Poulet

Besonnig spannend fannen ech dës Tortilla-Zylinderen. Sie sen eent schingt Beispill fir die modern Fingerfood-Entweckelung. Bekanntes nei gedeit. Den Tortilla jiët halbéiert an, an Zylindere geformt, déi jiän mat engem Zanhstocher fixéiert, mat Ei angepinselt an am Schiäffchien knupserig gebaaschen. Die Cremig Pouletfëllung ass bewosst mëll gehaalen. Frëschkiss mat Mayonnaise, fein gehacktem Spitzpaprika an Péitersilich suarigen fir Kontrast. De Péitersilich brengt net nëmmen Faaref, mee o flüchtig Aromen, déi mir viraan allem mat der Naass ophualen. De Spitzpaprika liwert Séissheet an Frëscheet, ouni dominant ze sen. Datt alles zesaammen erjiëtt datt perfekt Mondgeféihl, an genau datt ass een van de Grënn firwatt Fingerfood su goud fonktionéiert.

Firwatt kënnt Fingerfood su goud aan bei de Lekt?

Een Faktor sen Portiounsgriissten. Kleng Häppercher senken d’Hemmschwell, et ass keent ganzt Ässen, mee nëmmen eent klengt Steck. psychologisch gesehen gräifen d’Mënschen bei klengen Portiounen mi dachs zou, sie probéiren mi ouni schlecht Gewëssen ze han. Datt erklärt firwatt een Fingerfood-Buffet dachs mi siier egdel ass wie een Plateau om Dësch. D’Mëschung aus verschiddenen klengen Häppercher aktivéiert de Furwatz, an de Furwatz ass een stariken Dreiwer fir Genoss.

Hokt ass Fingerfood mi wie nëmmen eent praktischt Ässen. Et ass een Ausdrock vam Liäwensstil. Mir sen mi mobil, mi informéiert an mi vernetzt. Walking-Dinner, Party’en, Familjenfester, iwerall do passt Fingerfood perfekt. Et erlaubt Bewegung, Gespréicher ouni aan eng Platz oder een Dëch gebonnen ze sen.

Wie all Rezept, wärt o Fingerfood sech viraan entweckelen, et jiët villäicht mi op d’Qualitéit van den Zutaten opgepasst, op Textur, op kulturell Geschichten hannert dem Ässen. De Grondprinzip wärt äwer bestoen bleiwen. Een Häppchen, deen an 2 Maufelen Geschicht erzällt.

Fingerfood

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • Mini-Wraps
  • 4 Wraps

  • 1 Poulefilet, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 0,5 TL Salz, 0,5 TL Päffer, 0,5 TL Paprikpolwer, 1 TL Oregano, 1-2 EL Olivenualig

  • 4-6 Bläder Zaloot

  • 1 EL Mayonnaise

  • 1 EL Ketchup

  • Mini-Bläderdeeg-Burger
  • 2 Bläderdeeg

  • 1 Ei

  • Optional: Sesamkären

  • 150 g Stoffi

  • 1 TL Péitersilich, gehackt

  • 1 TL Bratzelen, kleng geschnidden

  • 1 TL Dill, gehackt

  • 1 Schalotte, gehackt

  • Salz an Päffer

  • Parmahamm oder Saumon

  • Bläderdeegschnecken
  • 2 Bläderdeeg

  • 2-3 EL sauer Rahm

  • 8-10 Scheiwen Pancetta

  • geriwene Kiiss (Gouda, Emmentaler, Mozzarella, Comté…)

  • 1 Ei

  • Tortilla-Zylindre
  • 8 Tortilla, halbéiert

  • 1 Ei

  • Optinal: Sesamkären

  • 2 Pouletstrempelen, augebeent, ouni Hogt an gehackt. Alternativ gehackten Pouletfilet

  • 100 g Stoffi

  • 50 g Mayonnaise

  • 1 rugd Spitzpaprika, gehackt

  • 1 Schalotte gehackt

  • 1 Ziif Knuawelek, gehackt

  • Salz, Päffer an bëssen Paprikapolwer

  • Péitersilich

Zoubereedung

  • Mini-Wraps
  • Aus den Wraps han ech kleng Wraps ausgestoosch, ongeféier su gruuss wie een Kaffisteller,
  • De Poulet han ech goud 30 Min. marinéiert an dann an enger waarmer Pann mat bëssen Olivenualig kräftig gebrooden. Subal déi durich gar sen äwer net drëchen leen ech se op Këchenpapeier fir datt iwerschëssigen Ualig aafdrëpsen kann.
  • Mayonnaise an de Ketchup mëschen ech, een deen well kann o na bëssen Cognac drënner mëschen fir eng Cocktailzooss. Op de Wrap schmiären ech dann bëssen van dëser Zooss, leen eent klengt Blaad Zaloot op die iäwischt Halschent, do drop 1 villäicht 2 Stecker Poulet an klappen deen ënnischten Deel rop an weckelen se fest an.
  • Déi han ech dann mat geschniddenem Baaschpapeier an bëssen Këchenschnouer fixéiert.
  • Mini Bläderdeeg-Burger
  • De Schiäffchien han ech op 180 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virgewiäremt.
  • Als nächst han ech 2 Bläderdeeg openeen geleit an mat engem Ausstächer, mat +/- 4 cm Durichmässer Kéichelcher ausgestoosch, déi han ech mat opgeschloenem Ei angepinselt, een deen well kann dann na bëssen Sesamkären driwer streien. Déi han ech dann am Schiäffchien gebaasch bis se godlbrong sen, an ongeféier 20 Min. Dono komplett auskéilen loossen.
  • Während de Bläderdeeg am Schiäffchien steht mëschen ech de Stoffi mat den Kregder, de Gewürzer an der Schalotte an stellen se an de Frigo bis ech se brausch.
  • Noodeems Mini-Burgern aafgekéihlt sen schnegden ech se bëssen op an mat engem Kaffisläffel schmiären ech bëssen vam Kregderstoffi dran. Deemno wie gruuss meng Scheiwen Hamm sen schnegden ech se an 2 oder 3 Stecker, faalen se beineen an leen se an de Burger.
  • Bläderdeegschnecken
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • De Bläderdeeg leen ech ausgebreet op meng Aarbichtsplaque, do drop schmiären ech bëssen sauer Rahm. Dann verdeelen ech de Pancetta driwer an streien de Kiiss drop.
  • Déi rullen ech an an schnégden se an ongeféier 2 cm bis 3 cm breet Stecker. Su leen ech dës Stecker op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Belch drecken se liit platt an pinselen se mat opgeschloenem Ei an.
  • D‘ Schnecken baaschen ech bis se Goldbrong sen, ongeféier 20 Min.
  • Tortilla-Zylinder
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Die halbéiert Tortilla formen ech zu Zylinderen an fixéiren se mat engem Zahnstocher, su pinselen ech se mat opgeschhloenem Ei an, streien evtl. na bëssen Sesamkären driwer an baaschen se fir ongféier 10 Min. bis se knusperig sen. Raus haulen an wann se komplett aafgekéilt sen den Zahnstocher rauszéihen.
  • Fir d’Fëllung brooden ech de Poulet an würzen en mat Salz an Päffer, deen ganz aafkéilen loossen, am besten an enger Pasette, su datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen kann.
  • Fir d’Crème mëschen ech de Stoffi mam Paprika, der Mayonnaise, de Gewürzer, 1 EL Péitersilich dem Knuawelek an der Schalotte. Subal de Poulet aafgekéilt ass, mëschen ech en ënnert Zooss.
  • Pouletmëschung fëllen ech an d’Zylinderen, op engem Teller han ech na gehackten Péitersilich do dran tuppen ech dann gefëllten Zylinderen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*