Geméisspaste

Hogt deelen ech eent einfascht Rezept fir hausgemaaten Geméisspaste, déi eng gesond Alternative zum industriell produzéierten Cube oder Geméissbréit ass. Dës Geméisspaste ass fräi van kënstlichen Zousätz an perfekt fir Zoubereedung van Zoppen, engem Eintopf an annere Köstlichkeeten.

Dachs ass een am kooschen an et wëllt een enger Zopp na deen letzten Kick jänn oder na siier eng Zooss bei d’Fleesch maan an et greift een zu der käriger Bréit oder dem Cube van deene bekannten Marken. Ech han datt an der Zéckt o su gemaat, et geht jo schliesslich siier an alles krëtt den selwischten versalzene Geschmaasch. Hei ass eng Alternativ fir d’Bréit aus dem Pack, déi net nëmmen deng Zoppen würzt, mais o deng Zooss beim Fleesch an sie ass mi gesond an o na mi bëllig.

Eng Geméissbréit liist sech noohaltig mat Rester oder/an frëscht Geméiss zoubereeden. Datt ganzt Geméiss jëtt kleng geschnidden, karameliséiert, püréiert an mat Salz vermëscht fir datt se haltbar jëtt.

Zutaten fir Geméisspaste

Aus dem Buttik brengen ech mir Ënnen, Muurten an Stangenzellerie mat. Dann brausch ech na Olivenualeg an Salz an evtl. bëssen Peffer.

Fir datt Paste gelengt brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, evtl. een elektrischen Geméissschnégder, eng Passette, eng Woosch an een Stabmixer oder Blender. An fir Paste aafzefëllen steril Gläser.

Zoubereedung

D’Muurten schiälen ech an schnégden se an kleng Würfelen.

Den Zellerie wäschen ech grëndlich an schnégden deen o an kleng Würfel.

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an kleng Würfel.

Watt näist an dëser Paste ze séichen hat sen Tomaten, well se zevill Waasser zéien an durich d’Säier ass d’Paste domatt net su lang haltbar.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Olivenualeg, bedeck den Buadem van der Pann komplett mat Ualeg, fir datt Geméiss ordentlich karameliséiren kann brauchst du bëssen mi Ualeg.

Do dran brooden Geméiss op mëttel Hëtzt bis et sching goldbrong ass. Datt brausch bëssen Zéckt an kann 45 Min. bis zu 1 Stonn daueren. Dann schëdden ech Geméiss op eng Passette fir datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen kann.

Durich karamelsiéiren vam Geméiss entsteht na zousätzlichen Geschmaasch, Paste krëtt een liit séissen Goût ouni datt zousätzlichen Zocker ënnergemëscht jëtt.

Geméiss fëllen ech dann an mein Mixbecher oder an den Blender an püréiren et ganz fein.

Als nächst woojien ech Geméiss an mëschen 20% Salz drënner. Van 1,5 kg Geméiss sen ronn 550 g noom brooden iwerig bliwen, also 110 g Salz zousätzlich han ech dann na 1 TL Peffer mat drënner gemëscht.

Datt püréiert Geméiss schëdden ech dann zeréck an die waarem Pann an loossen et na eng kéier 15 Min. op niddriger Hëtzt brooden, su datt Salz sech komplett opliesen kann.

Na waarem fëllen ech dës Paste an steril Gläser maan den Deckel drop an noom kompletten aafkéilen ass dës Paste Wooschenlang am Frigo haltbar an du ass dein natiirlechen gesonden Geméisscube ëmmer grëffbereet.

Am vergläich, besteht dës Past aus 80% frëschem Geméiss an 20% Salz. Die Industriell besteht aus, an ech han déi gekuckt “mit natürlichen Zutaten” 😉 , 3 Zorten Salz, Aroma, Geschmaaschverstiäriker, 2 Zorten Zocker, an 10% Geméiss.

INFO: Ech han dës Paste well eng kéier gemaat, äwer ouni Geméiss ze brooden, an ech muss soen, karamleiséiert an fein püréiert ass dës Paste na vill besser.

Tipps

  1. 2 TL bis 2,5 Tl an 500 ml waarmem Waasser opgeliesst a du has eng Geméissbréit.
  2. Variiéier mam Geméiss, fir dës Paste dengem Geschmaasch aanzepassen.
  3. Experimentéier mat verschiddene Krégder fir zousätzlichen Geschmaasch. Ech kann mir virstellen mat bëssen Maggieskrogt schmëscht Geméisspast na besser.

Varianten

Fir bëssen mi eng exotisch Variant, kanns du Ingwer, Zitrounengras an Frühlingszwibbelen ënnermëschen.

Geméisspaste

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 500 g Muurten, kleng gewürfelt

  • 500 g Stangenzellerie, kleng gewürfelt

  • 500 g Ënnen, kleng gewürfelt

  • 1 TL Peffer

  • 20% Salz vam Gewiit, vam gebroodene Geméiss

Zoubereedung

  • De Buadem van enger waarmer Pann komplett mat Olivenualeg bedecken an datt kleng geschniddent Geméiss op mëttel Hëtzt do dran brooden an karameliséiren. Mam Peffer würzen.
  • Datt gebroodend Geméiss op eng Passette schëdden an iwerschëssigt Fett aafdrëpsen loossen.
  • Mam Stabmixer oder am Blender fein püréiren.
  • Geméiss woojien an 20% vam Gewiit vam Geméiss Salz ënnermëschen.
  • Zeréck an die waarem Pann schëdden an ongeféier 15 Min. op niddriger Hëtzt brooden loossen su datt Salz sech komplett opliesen kann.
  • Na waarem an steril Gläser fëllen an noom aafkéilen am Frigo lageren.
  • Dës Past as, durich Salz wat dran ass Wooschenlang haltbar.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*