Gratin Dauphinois

Hogt bereeden ech een klassischen Gratin dauphinois zou, eng Beilaag mat enger reicher Geschicht an goudem Geschmaasch. Dëst traditionellt Ässen hat eng lang Geschicht an stammt aus der Regioun Dauphiné am Südosten van Frankreich. Dësen gratin ass bekannt fir seng crèmig Textur an die goldbrong Krust, déi durich datt gemelligt Baaschen van an dënn Scheiwen geschnidden Gromperen an enger Knuawlécks-Rahm entstinn.

De Gratin Dauphinois ass Paradebeispill fir die einfasch an elegant fransiisch Këchen. Ursprünglich fir den Adel gekooscht, hat dës Köstlichkeet hiren Weech an d’Herzer van all Gourmets op der ganzer Welt fond. D’Zoubereedung ass einfasch, breng just bëssen Gedold mat, mais et ass all Minute déi’s du waarden muss derwiärt.

Beim Gartin Dauphinois sen mir eis all eenz: d’Kombinatioun aus Gromperen, Schmand, Mëlich an Kiiss as einfasch lecker. Gewürzt mat Knuawléck, Salz, Peffer an Muskot an en ass perfekt.

Kann een dësen Gratin am Viraus virbereeden?

Am besten jëtt den Gratin natiirlech wann en direkt gebaasch jëtt, du kanns den Gratin Dauphinois äwer o virbereeden, well en verdiäreflich Zutaten enthält ass et natiirlech am besten en bleift am Frigo stoen bis du en brauchs. Ausserdeem jiff ech en richt kuurz viraam baaschen färdeg mëschen.

Kann een den Gratin dauphinois virbaaschen?

Du wëlls Zéckt sparen, Virbereedung as hei die besten Liesung. Mi spéit baaschen oder virbasschen? Du wees am besten wie dein Zécktplang ass, et bleift dir also iwerloss. Am besten schmëscht en natiirlech wann en frësch gebassch jëtt.

Zutaten fir den Gratin Dauphinois.

D‘Gromperen spillen Hauptroll an dësem Stéck, am besten sen hei festkooschender. Fir die richtig crèmigkeet brausch ech Schmand an Mëlich. Net nëmmen als Statisten steht Botter, Knuawléck, Salz, Peffer an Muskot parat, fir na bëssen mi Aroma han ech o na eng Schalott mat drënner gemëscht. An die beste Niäwenroll hat natiirlech den Kiiss, ech han een Gruyère gehollt, et bleift äwer ganz dengem geschmaasch iwerloss watt fir een Kiis datts du hëlls.

Fir datt alles gelengt brausch een natiirlech die richtig Bühn, eng feierfest Form, Lékt hannerten den Kulissen – eent schareft Messer, eng Mandoline, eent Schnégdbrett an die eng oder anner Schossel.

Zoubereedung

Gromperen schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen, Gromperen leen ech an kaalt Waasser bis ech se brausch.

De Knuawléck an Schalotte schiälen ech an hacken en fein. Beim klassischen Gratin dauphinos jëtt Schossel mam Knuawléck angriwen, ech kann äwer nie genou Knuawléck kreien 😉

An enger Schossel mëschen ech den Schmand mat der Mëlich an deen ganzen Gewürze. An o hei ass et su datt deen klassischen Gratin dauphinois mat Mëlich an Ei gemaat jëtt, ech han hei äwer déi Erfahrung gemaat datt en dann ganz vill Waasser zéiht.

De Schiäffchen wiärmen ech op 160°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Gromperen schëdden ech aaf an ech drëchnen se mat engem properen Handdousch, datt déint o datt en keent Waasser zéihen soll. Déi leen ech an eng Schossel an schëdden Schmand-Mëlich-Mëschung driwer, su loossen ech Gromperen bëssen stoen.

Die feierfest Schossel mat Botter anfetten an den Knuawléck an Schalott om Buadem verdeelen.

Gromperen schëdden ech an die gebotter feierfest Form, verdeelen se gläichmässig an dann reiwen ech den Kiiss driwer.

Am waarmen Schiäffchen baaschen ech den Gratin dann fir eng Stonn.

No 40 Min. bis 45 Min. driien ech Hëtzt op 200°C rop an loossen den Gartin goldbrong iwerbaaschen.

Viraam zervéiren den Gartin ongeféier 10 Min. ruhen loossen.

Tipps

  1. Pass do drop op, datt Gromperen gläichmässig geschnidden sen, fir datt se gläichmässig garen.
  2. Du kanns verschidden Kiisszorten ausprobéiren fir dein eegen Geschmaasch ze fannen.
  3. Wanns du et jären hass, kanns du bëssen Thymian oder/an Rosmarin mat drënner mëschen fir zousätzlichen Aroma.

Gratin Dauphinois

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

8

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

zousätzlich brauscht du eng feierfest Form.

Zutaten

  • 1 kg Gromperen

  • 400 ml Schmand

  • 200 ml Mëlich

  • Salz, Peffer & Muskot

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • 1 Schalott, fein gehackt

  • 150 g frësch geraspelten Kiis (Gruyère, Emmentaler…)

  • bëssen Botter

Zoubereedung

  • Gromperen schiälen an op der Mandoline an dënn Scheiwen schnégden. Am kaalen Waasser stoen loossen bis se grbauscht jänn.
  • Rahm mat der Mëlich an den Gewürzer mëschen.
  • De Schiäffchen op 160° virhëtzen.
  • Gromperen aafschëdden an mat engem Handdousch drëchnen, zeréck ant Schossel leen an Rahm-Mëlich-Mëschung drop schëdden an bëssen durich zéien loossen.
  • Die feierfest Form botteren an den Knuawléck an d’Schalotten om Buadem verdeelen.
  • Gromperen an d’From schëdden an gläichmässig verdeelen.
  • Frësch geriwene Kiiss driwer streien an am waarmen Schiäffchen 1 Stonn baaschen.
  • No 40 Min. bis 45 Min. Temperatur vam Schiäffchen op 200°C rop driien, fir den Gratin goldbrong ze iwerbaaschen.
  • Viraam zervéiren den Gratin 10 Min. ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*