Gromperzaloot, eent bescheidend Ässen an äwer su een klengen Weltenbummler. Wanns du su viraan enger Këst Gromperen setz, dobaussen ass eng Hëtzt datt een baal schmëlzt, ass de Plang siier gemaat.
D’Gromperzaloot ass eent klassicht Beispill fir kulinarisch Evolutioun. Ween d’Gromperzaloot erfond hat ass net wirklich no ze séichen. D’Iddi Gromperen mat bëssen Säier, Ualig oder Fett ze mëschen, ass wahrscheinlich entstannen aus dem Wonsch Rester haltbar ze maan. Eent kulinarischt Ergebnis aus Nugdwendigkeet, regionaler Kreativtéit an der Verbreedung van der Gromper ab deem 18ten Joerhonnert.
Et ass allerdings eng kleng Réis durich d’Welt, mol lookisch, mol gekéihlt, mol zitrounisch-frësch, mol crèmig an deftig. Kucken mir eis mol aan van wu d’Gromperzalooten kommen an wie se an deen verschiddenen Länner zoubereet jiän.
Ausserdeem hat d’Gromper den Zaloot selwer gewiällt, ob an Bayern, genausu wie an Griechenland, Italien oder om Balkan.

1. Däitschland, Essig-Ualig oder Mayonnaise
Die äler Generatioun hat nëmmen 2 Lageren kannt, die nördlich mat Mayonnaise, déi gebruaren ass, wie de Frigo an den Haushalt gezujien ass. An die südlich mat Bréit, Essig an Ualig. Eng Methoud dës Zaloot ouni die nigdig Kéihlung mi lang haltbar ze maan.
Hokt jiët zu festkooschenden Gromperen gegraff, regional an mat kuurzem Transport. Een neutralen Ualig, Essig, dachs o den Essig van de Cornichon, entweder Bréit oder Mayonaise.

2. Italien
Am 18ten Joerhonnert mat der Hongersnougd hat cucina povera dankbar d’Gromper aangehollt. Dachs ass sie zesaammen mat gréinen Bungen an eent Dëppen gewandert, an dann verfeinert mat deen selwischt Zutaten wie beim Pesto Genovese als waarmen Plat. Die kaal Versioun ass niäwenbei entstannen, van Gromperen, déi iwerig bliwen sen.
Hokt ass doraus eng Zaloot enstannen, mat zousätzlich Oliven, Knuawelek, an bëssen Wäissenwéngessig. Ween et jiären hat, hat dann na frësch geriwene Pecorino driwer gestreit.
3. Griechenland
Ob deen ischten Bléck klengt datt ongewéinlich, bei Griechenland jiët jo ischter aan Oliven, Schoofskiis an Oregano gedeit. Die klassisch Patatosalata wor lang eent ganz einfascht an simpelt Ässen. Gekooschten Gromperen, Ënnen, Olivenualig, Zitrounensaaft an Péitersilich. Mi wor net nigdig dachs lookisch, bei Fësch, gebroodend Geméiss oder pur op der Bottisch, zervéiert. Den Zaloot wor aarem aan Zutaten dofir äwer räich am Goût, den Olivenualig an Zitrounen woren aus dem eegene Gaart, an d’Ënnen sen om Späicher gedrëchent jiän an han su de Wanter iwerstannen.
Hokt an der modernenr Këchen erliäft dës Zaloot eng kleng Renaissance, besonnig bei Vegetarier oder „mezedes“ Këchen, wu kleng Platen d’Hauptroll spillen. Su jiän et z.B. Varianten mat Ënnen, Kaperen, Dill an bëssen Dijonmostert. D’Gromperen jiän na waarem mat der Zitrounen-Olivenualig- Mëschung vermëscht fir datt d’Gromperen de Goût goud ophualen.

4. Türkei
Am osmanischen Räich sen d’Gromperen rischt spéit opgetaucht, sie han äwer ganz siier hir Platz an deen anatolischen Biärigregiounen fond. Den patates salatas wor ganz einfasch gehaalen. Gekooschten Gromperenwürfel, vill Péitersilich, Ënnen, Olivenualig, Zitrounensaaft, heisndo Sumach oder Nar Eksisi (Granatappelzaroup).
An hokt land den Gromperenzaloot moies om Kaffisdësch, jiären mat hart gekooschten Eier, graspelten Muurten oder angeleiten Cornichon. Den Dressing ass ëmmer na ganz einfasch gehaalen, fir eng liit Cremigkeet, evtl. na mat Joghurt vermëscht.

Noohaltigkeet om Teller
- Am Platz ëmmer die selwischt Zorten aus dem Buttik mat ze brengen, kuck fir aal Zorten ze fannen, sie förderen Biodiversitéit an schmaaschen manner wässerig.
- Léiwer frësch Frühlingszwibbelen vam Maart wie angeflujien Avocadoen aus Iwersee.
- Gromperzaloot ass net nëmmen jiät fir de Summer. Am Hiärest suarigen Krürbiswürfelen oder rugd Rommelen fir Aafwiässelung, ouni mussen op Tomaten aus der Zär zeréckzegräifen.
- Eng Geméissbréit aus den Schaalen an dem Aaafschnëtt gekooscht, paséiert an am Glas angekooscht ass sie eng perfekt Basis fir eng goud Gromperzaloot.
Su jiän et ganz sëcher na vill Alternativen fir noohaltig ze kooschen.

Fazit
De Kär bleift äwer ëmmer selwischt. Gromperzaloot ass eng Erënnerungsgeschicht. D’Mëschung aus enger mëller séisser Knoll, saurer Marinade an enger knackiger Einlaag déi umami, Frëschheet an Textur liwert.
Du has lo villäicht selwer Iddi krii, an denger Këchen bëssen Geschicht ze kooschen an gläichzéktig d’Zukunft ze prouwen. Villächt fängs du mat engem klassischen Grompaerzaloot aan, vermëchs en mat engem Pesto Genovese an mëchs als final Zutat türkichen Sumach drënner. Genau datt hat d’Gromper op hirer 500-Joer aaler Europaréis bewisen, Flexibiltéit, fir Traditioun, Goût an d’Ëmwelt. An deem Sënn, Deckel op, Läffel dran, an erzäll mir jiären watt an denger Gromperzaloot land.
Gromperenzalooten
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen40
MinutenZutaten
1 kg festkooschend Gromperen
3 Schalotten, fein gehackt
1 Ziif Knuawléck, fein gehackt
4 EL Olivenualeg
100 ml Geméissbréit
1 EL Dijon-Mostert
4-5 EL Wäissenwéngessig oder Zitrounensaaft
Optional: 100 g griechischen Joghurt
Optional: 50 g Mayonnaise
1-2 TL Meerrettich
1 Geméisscornichon, gewürfelt
200 g Kiischtentomaten, gevéirtelt
2 EL Dill, gehackt
1 EL Péitersilich, gehackt
Salz & Päffer
Zoubereedung
- D’Gromperen kooschen ech mat der Schaal am kaalen Salzwaasser, wann déi mëll sen schëdden ech se aaf, schiälen se an schnégden se an Scheiwen van ongeféier 1 cm Déckt.
- An engem Dëppen mëschen ech den Essig oder Zitrounensaaft mam Olivenualig, Dijon-Mostert, Salz an Päffer. Datt loossen ech opkooschen. Nodeems d’Vinäigrette gekooscht hat, mëschen ech den Meerrettich drënner.
- Op die waarem Gromperen, schëdden ech ongeféier d’Halschent van der waarmer Mëschung, vermëschen alles goud an loossen d’Gromperen durichzéihen su datt sie die ganz Flëssigkeet ophualen. evtl. na bëssen no schëdden.
- Die aafgekéihlten Zaloot vermëschen ech su mat de Cornichon an den Tomaten, den Schalotten an dem Knuawelek. Wëlls du datt Schalotten an de Knuawelek net su intensiv schmaaschen kanns du se mat an der Vinäigrette koosschen.
- Ech selwer han jiären eng mi cremig Gromperzaloot, dofir mëschen ech mir Joghurt mat Mayonnaise oder ech hualen nëmmen Mayonnaise an mëschen déi äwer rischt drënner van den Gromperzaloot komplett kaal ass an die ganz Vinäigrette opgehollt hat.
- D’Krégder drënner mëschen, schmaaschen, evtl, na nowürzen. D’Zaloot durich zéien loossen, goud mëschen na eng kéier schmaaschen.