Hachis Parmentier

Hachis Parmentier, eent Ässen datt su fransiisch ass wie den Eifelturm oder d’Baguette. Dësen herzhaften Gratin, benannt noom Antoine-Augustine Parmentier, engem Apothéiker deen Gromperen an Frankreich populät gemaat hat, an domatt dem Land et ermiilicht hat dem Hongernout-Zyklus ze entkommen. Hachis Parmentier ass een Klassiker aus der fransiischer Këchen deen ursprünglich als eng köstlich Miilechkeet gesehen jänn ass Rester ze verwiärten. Am Loof van den Joeren hat den Hachis Parmentier sech zu engem beléiften Menü entweckelt, datt an villen Varianten zervéiert jëtt. Eent perfekt Ässen fir een gemütlichen, verreenten oder verschneiten Daag doheem am waarmen.

Fir datt meine Hachis Parmentier gelengt:

Brausch ech vam Metzler Randsgehacktes, vam Geméiss Gromperen, dann Mëlich, Botter an eent Steck oder gerriwene Gruyère oder schweizer Kiiss.

An menger Reserve han ech Ënnen, Knuawléck, Zitrounen, Tomatenpüree, Salz, Peffer, Muskot an Thymian.

Ausserdeem brausch ech eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eent Dëppen fir Gromperen ze kooschen, een Gromperenstampfer oder eng Gromperenpresse, eng Pann an eng feierfest Form.

Zoubereedung

Gromperen schiälen, mat kaalem Waasser opsetzen, salzen an mëll kooschen.

Iwerdeems Gromperen kooschen, d’Ënnen an den Knuawléck schiälen an kleng hacken.

An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz erhëtzen an firtischt d’Ënnen op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann de Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänkt mat rauschen mam Zitrounensaaft aafläschen.

Als nächst mëschen ech Gehacktes drënner an brooden datt su lang bis et durich gar ass, würzen mat Salz, Peffer an Thymian.

Subal Gehacktes durich gebrooden ass, mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen kuurz mat. Op Ségt stellen bis et gebrauscht jëtt

De Schiäffchen op 200° Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Aus deen mëllen Gromperen, der Mëlich, dem Botter, Salz an Muskot bereeden ech een Gromperenpürée zou. Hei fënns du een goud Rezept fir Gromperenpürée.

Die feierfest Form jëtt angefett, dann bëssen vam Gromperenpürée om Buadem van der Form verdeelen.

Do dropp verdeelen ech Gehacktes.

An om Gehacktes vedeelen ech deen rest Pürée, mat engem Läffel glatt streichen an dann den Kiiss driwer verdeelen.

Am waarmen Schiäffchen an 20 Min bis 25 Min. iwerbaaschen, bis den Kiiss goldbrong ass.

Varianten

An villen Länner ass den Hachis parmentier eent traditionellt Familjenässen, well een domatt net nëmmen Gehacktes verschaffen kann mais o anner Fleeschrester wie z.B. van engem Broot oder Fleesch aus enger Bréit.

  • An England an Irland jëtt et een ähnlichen Menü, bei deem äwer na eng Schicht gemëschtent Geméiss zwëschen Fleesch an d’Gromperen kënnt, hei jëtt dësen Menü äwer mat Hammelfleesch zoubereed, den Shepherd’s pie. Jëtt en mat Randfleesch gemaat heescht en Cottage Pie.
  • An Frankreich selwer jëtt et vill verschidden regional Varianten vam Hachis parmentier, bei verschidden Zoubereedungen jëtt Schwéngefleesch gehollt, während anner Zoubereedungen verschidden Geméisszorten mat dobäi hualen. Su ass z.B. eng ganz goud Mëschung den Hachis parmentier mat Spinat oder mat Ratatouille. Experminerter bëssen an fann deng perséinlich Lieblingsversioun van dësem bléiften Menü.

Hachis Parmentier

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

39

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • Fir den Pürée
  • 1 kg Gromperen

  • 200 ml Mëlich

  • 150 g Botter

  • Fir den Hachis
  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkéck, gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 500 g Randsgehacktes

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 150 g gerriwene Gruyère

  • Gewürzer
  • Fir Gehacktes, Salz, Peffer an gedrëchenten Thymian

  • Fir den Pürée Salz an Muskot

Zoubereedung

  • Gromperen schiälen, mat kaalem Waasser opsetzen an mëll kooschen.
  • Iwerdeems Gromperen kooschen, an enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen do dran brooden bis se aafänken brong ze jänn.
  • Subal déi goldbrong sen den Knuawléck ënnermëschen an kuurz matbrooden.
  • Wann deen aafänkt mat rauschen mam Zitrounensaaft aafläschen.
  • Gehacktes ënnermëschen an su lang brooden bis et gar ass, mat Salz, Peffer an Thymian würzen
  • Wann Gehacktes durich gar ass, den Tomatenpürée ënnermëschen, kuurz mat brooden an Gehacktes op Ségt stellen bis et gebrauscht jëtt.
  • Aus deen mëllen Gromperen, der Mëlich, der Botter, Salz an Muskot den Pürée zoubereeden.
  • De Schiäffchen op 200° Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Eng feierfest Form anfetten an om Buadem eng dënn Schicht Gromperenpürée verdeelen.
  • Om Pürée Gehacktes glächmässig verdeelen.
  • Deen rest Pürée om Gehacktes verdeelen an glatt streichen.
  • Den gerriwene Kiiss driwer streien an am waarmen Schiäffchen an 20 Min. bis 25 Min. goldbrong iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*