Hausgemaaten Pasta

D’Nudel, gemaat aus Wasser, Miähl an Ei oder o ouni Ei. Et jëtt kaum eent Ässen bei deem sech su vill Mënschen eenz se, wie Pasta. Ob Spaghetti, Tagliatelle, Tortellini… Et jëtt su eng gruss Auswiähll van verschidden Nudelzorten. Bal na mi gruss as Auswiähll van den ZoossenBolognese, CarbonaraPesto Genovese. Fir jidefereen as eppes dobäi.

Konst vam Nuddeldeeg reecht wégt an die italienisch Geschicht zeréck. Well am antiken Roum woren Nuddelen eent beléift Ässen. Am Loof van den Joerhonnerten han sech verschidden Regiounen van Italien zu richtigen Meesteren an der Nuddelkonst entwéckelt. Wubei all Regioun hir eegen traditionell Rezepter an Zoubereedgungsmethoden entwéckelt hat. Van deen langen dënnen Linguine aus Ligurien bis hin zu deen kuurzen Penne aus Kampanien – all Regioun hat hiren eegenen eenzigartigen Geschmaasch an Charakter.

Den Virdeel van Hausgemaaten Nudelen vs. gekoofter:

  1. Frësch Zutaten: bei hausgemaaten Nuddelen kanns du ischtklassig an frësch Zutaten verschaffen, watt den Geschmaasch an Qualitéit verbessert.
  2. Kontroll iwert Inhaltstoffer: du kanns selwer auswiällen wat dran kënnt an vermeiden watts du net wëlls, wie z.B. Faarefstoffer an Konservéirungsstoffer.
  3. Geschmaasch an Textur: hausgemaaten Nuddelen han meestens een besseren Geschmaasch an eng angenehm Textur, well Nuddelen frësch zoubereed jiänn.
  4. Aanpassbar: du kanns verschidden Nuddelzorten an -formen maan, fir se aan deng Virléift aanzepassen.
  5. Authentizitéit: mat hausgemaaten Nuddelen kanns du authentisch regional Pastaässen zoubereeden, well vill traditionell Rezepter op selwergemaaten Nuddelen baséiren.
  6. Noohaltigkeet: du kanns lokal an saisonal Zutaten verschaffen, watt ëmweltfrëndlich as, well et een kuurzen Transportweeg hat.

Insgesamt béiden hausgemaaten Nuddelen miilechkeet, ischtklassigt, leckert an indiviuellt Ässen zouzebreeden, déi dachs mat vill Léift an Opmiärksamkeet gemaat jiänn.

Zutaten fir hausgemaaten Pasta kanns du an enger Hand opzällen.

Eier van glëckligen Houhner, datt ass den Pësch deen alles zesaammenhält, Miähl am besten ass äwer Hartweizengriess, domatt kreien Nuddelen hiren authentischen Geschmaasch. An bëssen Salz, well all Ässen bëssen Léift brausch.

Asserdeem brausch ech na eng gruuss Schossel, eng manuell Nuddelmaschine oder eent Nuddelholz, eng Woosch, eng gruuss Aarbichtsfläch an eent schareft Messer.

Zoubereedung:

Op meng proper Aaarbichtsfläch, oder an eng Schossel, leen ech een Hoof Miähl oder Hartweizengriess, mat den Hänn formen ech eng Kaul ant Miähl

Eier opschloen an ant Kaul leen, bëssen Salz dobäi maan, optional kanns du bëssen Olivenualeg dobäi maan.

Mat enger Forschette oder mat den Hänn. firtischt Eier mam Salz vermëschen, dann no an no Miähl anschaffen. Dobäi ëmmer rëm van baussen Miähl ant Mëtt zéihen bis een grawen Deeg entsteht.

Subal alls graff vermëscht as, den Deeg kniädden. Ongeféier 10 Min. bis 15 Min. kniädden bis den Deeg glatt an elastisch as. Wann den Deeg ze peschig as bëssen Miähl ënnermëschen, as en ze fest, d’Hänn einfasch bëssen naas maan an viraan kniädden.

Wann den Deeg färdeg as, an Folie oder eent Handdousch anweckelen an bei Raumtemperatur ongeféier 30 Min. bis 1 Stonn ruhen loossen. Ruhzéckt as wichtig, fir datt den Deeg sech entspannen kann an sech dann besser viraan verschaffen lisst.

Noom Ruhen kann den Deeg mam Nuddelholz oder mat enger Maschine op die gewënschten Déckt ausgerullt jiänn. Anschliessend Nuddelen an die gewënschte Form schnégden.

Die Hausgemaaten Nuddelen an goud gesalzenem kooschende Salzwaasser gar kooschen. Kooschzéckt kann je no Déckt van Nuddelen bëssen varriéiren, sen äwer am normalen an 3 Min. bis 5 Min. gar.

Subal Nuddelen färdeg sen kanns du se mat denger Lieblingszooss zervéiren.

Du kanns dësen Deeg ganz no denger Virléift aanpassen, andeems du Spinatpürée, Tomatenpürée oder Tënt vam Tëntefësch drënner mëchs, an su verschidden Faarwig Nuddelen an verschidden Geschmaaschsrichtungen erhälls.

Nuddeldeeg

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 200 g Miähl (Type: 00)

  • 110 g Ei

  • Optional: 0,5 TL Salz

  • Optionale: Bëssen Olivenualeg

Zoubereedung

  • Bei den Zutaten schreiwen ech Eier an Gramm, et as wichtig Eier ze woojien 110 g entspreechen ongeféier 2 Eier. Pro 100 g Miähl soll 55 g Ei an den Deeg kommen, has du déi nët dann maan bëssen Waasser dobäi, as d’Ei mi schwéier dann bëssen Miähl drënner mëschen.
  • Op enger properer Aarbechtsfläch oder an enger Schossel Miähl leen an eng Kaul an der Mëtt bilden, do dran Eier an evtl. bëssen Salz an Olivenualeg mat enger Forschette mëschen.
  • No an no Miähl ant Mëtt zéihen an su een grawen Deeg mëschen.
  • Den Deeg op mannst 10 Min. bis 15 Min. kniädden, bis en glatt an elastisch as. Dann an eng Folie oder eent propert Handousch anwecklen an 30 Min. bis 1 Stonne ruhen lossen. Ruhen as wichtig fir datt den Deeg sech entspannt an sech besser verschaffen lisst.
  • Den Deeg mam Nudelholz oder mat enger Nuddelmaschin op die gewënschten Déckt ausrullen an dann an die gewënschten Form schnégden.
  • An goud gesalzenem, kooschendem Waasser an 3 Min. bis 5 Min. al dente kooschen an mat enger Zooss zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*