Iärbessenzopp (Saint-Germain)

Iärbessenzopp as een herzhaften Klassiker, deen an villen Kulturen beléift as. Grondzutaten fir Iärbessenzopp sen, Iärbessen, Poretten, Muurten, Ënnen, Gromperen, Waasser oder Bréit, Gewüzer an evtl. Krégder. Je no Virléift jëtt o na Speck Wiischtercher an Mettwuuscht mat drann gemaat, watt der Zopp een zousätzlichen Geschmaasch jëtt. Zopp jëtt traditonell mat Brug oder Baguette zervéiert an déint als kompletten Menü, deen besonnech an der kaaler Joereszéckt beléift as.

Van wu kennt Iärbess?

Ursprünglich stammt Iärbess aus dem Nohen Osten, genauer gesoot aus der Regioun wu Hogt den Iran as. Sie as well vriaan Dausende Joeren domestizéiert jiän an as eng van deen älsten kultivéierten Notzplanzen op der Welt.

D’Iärbess hat sech am Loof van der Zéckt an verschidden Deeler van der Welt verbreet an jëtt an verschiddene Kulturen aangebaut. Sie spillt eng ganz wichtig Roll an der mënschlicher Ernährung, well sie reich aan Proteinen, Ballasstoffen an anner Nährstoffen as. Verwendung van der Iärbess reecht bis ant Antik zereck an hat sech bis Hogt an Form van Zopp, Zaloot an anner Beilaagen gehalen.

Zutaten

  • gedrëchent Iärbessen, déi ech iwert Näit wässeren.
  • Poretten
  • Muurten
  • Ënnen
  • Gromperen
  • Speck
  • Botter oder Botterschmalz
  • Waasser oder Bréit
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

Iärbessen wässeren ech an setzen iwert Nait an den Frigo.

Geméiss schnegden ech an glächmässig kleng Würfelen, ech püréiren meng Zopp net, et soll een sehen watt alles dran as. Wanns du se püréiers kanns du Geméiss o an mi graff Stécker schnegden.

Hual am basten eent Steck Speck mat Schwart, deens du an der Zopp mat kooschs, domat has du well direkt deen richtigen Goût an der Zopp.

An engem gruussen well waarmen Dëppen, schmelzen ech den Botter an dënsten Ënnen an Poretten aan, äwer ouni datt se Faaref aanhualen.

Dann mëschen ech Muurten drënner an dënsten déi mat aan.

Als nächst schëdden ech Iärbessen aaf, loossen se goud aafdrëpsen an schëdden se an Dëppen bei Geméiss.

Wann alles goud mateneen vermësch as schëdden ech Waasser drop, driien Hëtzt bëssen rop an loossen Zopp opkooschen. Dann leen ech o Stéck Speck mat dran.

Op niddreger Hëtzt loossen ech alles goud 30 Min. kooschen. Dann mëschen ech Gromperen drënner an loossen Zopp na eng kéier goud 30 Min. kooschen. Schmaaschen an würzen.

De Speck hualen ech raus an schnegden en an kleng Würfelen, dann mëschen ech deen rëm drënner.

Wanns du Mettwuuschten an Wirschtercher mat dran mëchs, ech rechnen 1,5 bis 2 Wuuschten op den Kapp, et soll jo een kompletten Menü sen. Déi wiärmen ech am waarmen Waasser, schnegden se dann kleng an verdeelen déi rischt kuurz viraam zervéiren op die eenzel Telleren.

Iärbessenzopp (Saint-Germain)

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

5

Portionen
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 200 g gedrëchent Iärbessen

  • 100 g Poretten

  • 100 g Muurten

  • 100 g Ënnen

  • 100 g Gromperen

  • 1 Steck Speck mat Schwart (100g)

  • 50 g Botter oder Botterschmalz

  • 2 L Waasser

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Iäbressen iwert Näit wässeren.
  • Geméiss an gläichmässig Würfelen schnégden.
  • Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen an d’Ënnen an Poretten aandënsten.
  • Muurten ënnermëschen an mat aandënsten.
  • Iäbessen aafschëdden an ënnert Geméiss mëschen.
  • Waasser drop schëdden an opkooschen loossen.
  • Speck ant Zopp leen an ongedéier 30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
  • Als nächst Gromperen dobäi jiänn an na eng kéier 30 Min. kooschen loossen.
  • Speck raus hualen, würfelen an zereck an Zopp leen.
  • Schmaaschen an würzen.
  • Wanns du Mettwuuschten an Wirschtercher mat dran mëchs, ech rechnen 1,5 bis 2 Wuuschten op den Kapp, et soll jo een kompletten Menü sen. Déi wiärmen ech am waarmen Waasser, schnegden se dann kleng an verdeelen déi rischt kuurz viraam zervéiren op die eenzel Telleren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*