Fleesch, Fësch oder Geméiss datt luass om Grill gegaart jëtt mat enger aromatisch séisser Gewürzmëschung. Datt erënnert aan gemütlich Stonnen, mat Familljen an Frënn.
Jerk as eng Gewürzmëschung aus der Karibik, sie verbënnt Aromen aus der ganzer Welt. Durich zesaamenspill van Gewürzer an Krégder krëtt all Poulet, Schwéng, Fësch an Geméiss een ganz besonnechen Goût. Een deen aan Summer, Miär, Grillen, Musik an Cocktail erënnert.
Fir dës Mëschung brauchst du?
- 1 EL Ënnenpolwer
- 1 EL Knuawléckspolwer
- 1 TL Cayennepeffer
- 1 EL Ingwerpolwer
- 2 TL gereechert Paprikapolwer
- 2 TL grafft Salz
- 1/2 TL schwarze Peffer
- 1/2 TL Chiliflocken
- 1/2 TL Cumin (Kreuzkümmel)
- 1/2 TL Muskot
- 1/4 TL Cannelle
- 1 TL Piment
- 1 EL brongen Zocker
- 1 TL gedrëchenten Thymian
- 1 EL gedrëchenten Péitersillich
- 1/2 TL gerdrëchenten Koriander
Datt alles mateneen vermëschen. Et kann wie een Dry Rub verwendt jiän oder mat Olivenualeg als Marinade. Fleesch dann domatt anreiwen oder anpinselen. Iwert Nait am Frigo durich zéien loossen an dann kann den Grill angefeiert jiän.
Ech sen äwer net deen gruussen Frënd van gedrëchente Gewürzer, bei eenzelen as et nu mol net annecht miilech, mais watt ech frësch kann hualen, maan ech frësch.
Ech zerweiwen am Mörser 1 Ziif Knuawléck, mat engem klengen Steck Ingwer, maan datt grafft Salz dobäi, an 1 Chilischot. Datt alles zerweiwen ech zu engem feinen Pürée.
Dann 0,5 TL gemëschte Pefferkären, déi réisteren ech bëssen aan. Et muss een äwer oppassen, en verbrennt ganz siier an dann jëtt en batter. Setz hei deng Naas an, subal et no Peffer rëcht Pann vam Feier hualen an den Rest Hëtzt van der Pann Aarbicht maan loossen. Deen jëtt dann o am Mörser zerriwen.
0,5 TL Cumin selwecht, ech koofen de Soom, réisteren liit aan an dann an den Mörser.
Wann datt Ganzt ze drëchen jëtt, einfasch bëssen Olivenualeg drënner mëschen.
Dann mëschen ech die anner Gewürzer drënner, 1 TL Cayenne, 2 TL gereechert Paprikapolwer, 0,5 TL Muskot, 0,25 TL Cannelle an 1 EL brongen Zocker.
Den Thymian, Péitersilich, Koriander an 1 Ënn hacken ech ganz kleng, mëschen datt alles zum Schluss drënner, an schëdden na bëssen Olivenualeg drop, su datt alles bedeckt as. An engem Glas aafgefëllt setzen ech datt Ganzt an den Frigo an datt kann dann do paar Deeg durich zéien.