Aïoli

Aïoli as een gruussen Klassiker aus der provenzalischer Këschen. D’Wuort setzt sech zesaammen aus “Ail” an “Olive”. Sie besteht hauptsächlich aus Knuawléck, Olivenualeg, Eijiäll an Zitrounensaaft. Dës Zutaten jiänn zu enger crémiger Emulsioun verschafft, ähnlich wie bei der Mayonnaise. Aïoli hat een intensiven Knauwléck geschmaasch an jëtt dachs als Dip bei Brugd, Geméiss, Fësch oder Miäresfriischten zervéiert. Et as äwer o eng beliéift Zooss op Bottischen an Burger.

Aïoli kënnt ursprünglich aus der Provence an Frankreich, dës Zoss as äwer o an anneren mediterranen Länner wie z.B. Spanien beléift. Traditionelle jëtt Aïoli op der Hand am Mörser zoubereed, andeems de Knauwléck mat Salz, mam Eijiäll an mam Olivenualeg gemeelig vermëscht jëtt bis eng crémig Konsitenz entsteht. Natiirlech jiänn et o mi siier Methouden, wie den Mixer.

Niäwent der klassicher Versioun jëtt et o Varianten, déi zousätzlich mat Mostert, Paprika, Krégder an Safran kannen aromatiséiert jiänn, fir su ënnerscheedlich Geschmaaschsrichtungen ze erhaalen.

Zutaten an Zoubereedung.

  1. De Knuawléck virbereeden: De Knauwléck schiälen an, entweeder ganz fein hacken oder mam Salz am Mörser zu enger Paste verreiwen.
  2. Eijäll an den Zitrounensaaft: Eijiäll mat bëssen Zitrounensaaft an dem Knauwléck mëschen. No an no an ënner stännigem réiren de Ualeg dobäi schëdden. Et as wichtig den Ualeg gemellig dobäi ze schëdden fir sëcherzestellen datt Emulsioun stabil jëtt. Jëtt Aïoli während dem Opschloen ze fest na bëssen Zitrounensaaft ënnermëschen, deen ganzen Ualeg soll angeschafft jiänn.
  3. Schmaaschen: Schmaaschen an mat bëssen Cayennepeffer an evtl. na Salz d’Aïoli dengem Geschmaasch aanpassen.

Aïoli

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

19

Minuten

Zutaten

  • 4 Ziiwen Knuawléck

  • 1 TL grafft Salz

  • 1 Eijiäll

  • 180 ml Olivenualeg oder neutralen Ualeg

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 1 Msp Cayennepeffer

Zoubereedung

  • De Knuawléck mam Salz am Mörser zerreiwen. An eng Schossel maan an mam Eijiäll vermëschen.
  • No an no, an ënner stännigem réiren den Olivenualeg drënner mëschen, wie wanns du eng Mayonnaise mëchs. Du kanns o all anneren neutralen Ualeg hualen. Traditionell jëtt se mat Olivenualeg gemaat, mais o ech han se léiwer mat einfaschem Ualeg.
  • Jëtt Aïoli während dem opklappen ze fest bëssen Zitrounensaaft ënnermëschen. Den ganzen Ualeg muss angeschafft jiänn, fir datt et eng stabil Emoulsioun jëtt.
  • Zum Schluss mam Cayennepeffer aafschmaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*