Et jiän ëmmer rëm Ässen, déi fir erstaunlich vill Diskussioun suarigen, an datt, fir jiät, datt nëmmen aus enger Handvoll Zutaten besteht.
Wann irgendeen am Internet schreift, „Hokt jiët et Carbonara“, dauert et keng 3 Minuten, bis een Kommentar kënnt, op do Schmand dran ass. An ongeféiher rëm 3 Minuten mi spéit kënnt eng Beliierung, datt et eent Verbreechen geent die italienisch Kultur ass, Schmand an enger Carbonara ze notzen.
Su Diskussiounen sen meestens genaus su spannend wie deen Strekt, op d’Rull Sch..papaier richtig gedrigt ass.

Mi Interessant ass ze wossen, firwatt die klassisch Carbonara iwerhaupt ouni Schmand fonktionéiert. Do dran stëcht datt eigentlicht Këchenwossen. Wanns du bis verstannen has, firwatt Ei, Kiiss, Nuddelwaasser an Fett sech zu enger crèmiger Zooss verbannen, brauchs du keent Rezept mi ze liiren. Du kanns Carbonara kooschen, egal ob’s du Spaghetti, Tagliatelle oder irgendeng anner Pasta am Haus has.
Hokt steht bei mir Tagliatelle om Plang. Net well et mi traditionell ass, datt ass et net, mee well ech Iddi drop han. an well déi Zort Pasta am siieresten selwer gemaat ass. Die mi breeg Pasta, oder o all anner Zort Pasta drigt Zooss annëcht. Die eng han mi Fläch, han bëssen mi Biss. Deen egentlichen Star ass suwiesu net Pasta, mee datt, watt sie spéider ëmmantelt.
D’Zutaten sen onspektakulär, genau doweenst mussen sie fonktionéiren.
Tagliatelle, Spaghetti oder all anner Pasta, Gunaciale, Ei an Eijiäll, Pecorino oder Parmesan, schwarze Päffer, Salz. Mi ass et net.
An genau hei fänkt die ischt wichtig Beobachtung well aan. Bei Ässen mat villen Zutaten, kann Verschiddenes verstoppt jiän. Bei enger Carbonara net. Schmëcht de Kiiss langweilig, schmëcht een datt. Hat de Speck keen Aroma, miärikt een datt. Sen d’Eier aal, fällt datt o op.
De Pecorino brengt Salz, Würzigkeet an een liiten Schoofsmëlich-Aroma, déi der Carbonara hiren Charakter jiët. Parmesan fonktionéiert iwerigens o, verännert de Goût äwer. Sie jiët mi ronn, mi mëll, mi nossig. Dachs jiët sugar eng Mëschung aus deen 2 Zorten geholt.
Probéier die 2 Zorten aus, Et jiët keen Riiter, deen an denger Këchen optaucht.
Beim Speck jiët Guanciale gehollt, Lofgedrëchtent Schwengsbacken. Datt klengt wie eng Zutate déi een nëmmen krëtt, wann een, een italiensichen Bopa hat. Tatsächlich fënnt een dësen Speck well zimlich dachs an de Buttiker.
Den Ënnerscheed zwëschen Pancetta oder Speck legt viraan allem aam Fett. Guanciale hat vill Fett an genau dëst Fett ass spéider een wichtigen Deel van der Zooss.
Befir iwerhaupt gekooscht jiët, entsteht die eigentlich Zooss
Wann ech Carbonar zoubereeden fänken ech seelen mam Waasser aan. Firtischt reiwen ech de Pecorino. Datt een einfaschen Grond. Subal d’Pasta spéider fiärdig ass, leeft alles zimlich siier. Dann well ech net na hektisch no der Kiisreif gräifen, während Pasta mir am Dëppen ze mëll jiët.
Deen frësch gerriwene Pecorino land zesaammen mam Ei an Eijiäll an enger Schossel. Et gesegt net wirklich Beandrockend aus. Ischter wie jiät datt sech nat Entscheed hat watt et jiët. Mat enger Forschett vermëschen ech alles zu enger decker Masse. et ensteht keng flëssig Zooss, ischter eng Paste. Schwarze, frësch gemahlene Päffer mëschen lo o wel mat drënner, net unbedingt virsichtig et kann ruhig bëssen mi dran.
Carbonar ass eent van deen Ässen, bei deenen den Päffer tatsächlich eng Hauptroll spillt. En soll net am Hannergrond stoen, en soll sech bemiärkbar maan. Bekucks du deng Mëschung lo, erkenns du well deen spéideren Grondprinzip van der Zooss.
- D’Eier liweren Eiwäiss an Fett
- De Kiiss liwert Fett, Eiäiss an Goût.
Watt na fehlt ass d’Waasser, genau dëst Waasser brengen spéider d’Nudelen mat.

De Gunaciale mëcht lo d’Viraarbicht
De Gunaciale schnegden ech an Würfelen oder an Sträifen, die genau Form ass net su wichtig. Wichtig ass nëmmen, datt d’Stecker ongeféier gläich gruuss sen. Su garen sei gläichmässig.
Richt lo setzen ech eent Dëppen mat Waasser op..
De Gunaciale kënnt an eng kaal Pann. Datt ass deen klengen Ënnerscheed, deen hanneno een gruussen Ënnerscheed bewirikt. Ass deng Pann well gléidig, jiët de Speck ganz siier brong an et kann net genau Fett auszéihen. Fängs du kaal aan, hat d’Fett zeckt fir ze schmëlzen, an genau datt well ech.
No an no hiieres du eent gemelligt Brutzelen, datt ëmmer mi daïtlich jiët. Deen wäissen Fettaandeel jiët ëmmer mi durichsichtig. An der Pann sammelt sech flëssigt Fett.
De Geroosch verännert sech. Aafanks rëcht et na no Schwengefleesch. Spéider jiët et nossig an würzig. Datt ass deen Moment, an deem d’Maillard-Reaktioun schafft. Datt klengt komplizéiert, beschreift äwer nëmmen datt Eiwäiss an Zocker ënnert der Hëtzt reagéiren an brong jiän. Genau do enstinn vill Röstaromen. Du brauchs dofir keng Chemie ze liiren. Et jieet dar ze woossen, datt Goldbrong besser schmëcht wie groosch.
Ass de Guianciale goldbrong an d’Fett ass ausgetrodden, hualen ech meng Pann van der Plaque, su datt d’Fett bëssen aafkéilen kann, et soll äwer flëssig bleiwen. De Speck hualen ech raus an stellen en op Segt bis ech en brausch.

D’Pasta kooscht net no Auer, mee no Zoustand
Bei selwer gemaater Pasta ass datt ëmmer su eng Saasch, keen seet dir wie lang se kooschen muss. Also hëleft nëmmen zwëschndurich probéiren. Pasta aus dem Pack ass bëssen annëcht, Zektangaben déi om Pack stinn sen een gouden Aanhaltspunkt, äwer keng Sëcherheet. Pasta probéiren ass ëmmer na datt best.
An der zwëchenzekt sollt Waasser kooschen. Datt Salzen ech goud, et soll richtig Salzig schmaaschen, bas du dir onsëcher schmaasch dengt Waasser. Datt hat näist mat Traditiounze doen, Pasta selwer schmëcht zimlich langweilig. Ass dengt Waasser net genou gesalz kann datt dir dein ganzen Menü verschäissen.
Nuddel entscheed selwer wann sie fiärdig ass. Wichtig ass d’Geféihl beim Probéiren. Ass den Kär na hart an du has Geféihl wie Kregd am Mond brausch sie na bëssen. Ass sie komplett mëll an bëssen schwammig, wor sie ze lang dran. Dowëchent legt deen Bräich deen als al dente bezeechent jiët. D’Nuddel hat widderstand äwer keen harden Kär mi. Du mïäriks et, wann’s du drop oppass.
Datt bescheidend Nuddelwaasser ass déi Geheimzutat
Kuurz befir d’Pasta fiärdig ass, hualen ech eng Tass Kooschwasser aus dem Dëppen. An deem Waasser ass geliisten Stärke dran, an datt ass de Grond firwatt deng Zooss hanneno crèmig jiët. Dachs jiet aangehollt, d’Crèmigkeet van enger Carbonara jiff hauptsächlich van den Eier kommen. Datt stëmmt nëmmen Deelweis. Deen eigentlichen Zauber ensteht durich Verbindung van Waasser an Fett. 2 Stoffer déi sech normalereis trennen.
Jidfereen deen well eng Kéier eng Vinägrette oder eng Mayonnaise gemaat hat kennt dësen Problem.
D’Stärke aus dem Kooschenwaasser suarigt dofir, datt Fett an Waasser zesaammenhaalen. Et entsteht keen fettigen Pudel, mee eng crèmig Emulsioun. Datt klengt rem wie Chemielabo. Tatsächlich bedeit et äwer nëmmen, Fett an Waasser haalen fir eng kleng Zektchen op sech ze hassen.
Kuurz viraan Schluss mëchen ech dann na de Speck mat drënner.
Lo kënnt deen Deel, viraan deem vill Respekt han
De Speck ass fiärdig.
Pasta ass fiärdig
Ongeféier d’Halschent vam flëssigen Fett schëdden ech an meng Eier-Kiiss-Mëschung an vermëschen alles goud.
D’Pann setzen ech bei niddriger Hëtzt zereck op Plaque. Pasta wandert direkt aus dem Dëppen an meng Pann, bëssen Kooschwasser duaref ruhig mat dobäi sen. Datt vermëschen ech kuurz mam Rest Fett deen na an der Pann ass. Nuddelen jiän direkt blänkig.
Dann schëdden ech d’Eier-Kiiss-Mëschung drop, während dem réihren passéiert firtischt mol naïst, dann jiët die ganz Mëschung mi locker, de Kiiss schmëlzt. D’Ei verbënnt sech mam Fett. D’Stärke aus dem Kooschwaasser fängt mat senger Aarbicht aan. Jiët deng Mass ze deck, dofir has du deng Nuddelwaasser an der Tass, domat bëssen längen. Net literweis, bëssen. Kucken, réihren, kucken. Net einfasch blann Aaweisungen aus engem Rezept no maan, selwer kucken an reagéiren.
Die fiärdig Zooss, soll Pasta ëmmantelen, crémig an keen Eiertriwel. Hiäfs du Past. bleift d’Zooss draan pëchen. Genau datt ass et watts du wëlls.
Wuran erkennt een, datt et schief leef?
Datt schingst aan enger Carbonara ass, datt sie éierlich ass. Sie weisst dir Problemer direkt. Jiët den Zooss griselig an kleng Eierfatzen entstinn, ass d’Hëtzt ze hii. Du hass dann am grond eng Pasta mat feiner Eiertriwel produzéiert. Vam Goût hiär ëmmer na goud. Optisch meestens manner.
Fängt deng Emuslioun aan sech opzeliiesen, su datt sech Fett ënnen am Teller oder der Pann sammelt, hëleft vermutlich zousätzlicht Kooschwaasser an mi grëndlicht mëschen.
Jiët d’Zooss ze deck, fehlt Waasser.
Ass Zooss ze flëssig, brauchs sie na die eng oder anner Minut mat Bewegung.
Voll Problemer liiesen sech net durich Panik, mee durich d’Kucken. Datt zällt iwerigens fir vill Saaschen an der Këchen.
Firwatt ass Schmand net nigdig?
Hat alles geklappt jiët engem meestens kloer firwatt eng Carbonara keen Schmand brausch.
D’Crèmigkeet entsteht durich:
- d’Ei
- de Kiiss
- d’Fett
- d’Stärke
- die richtig Temperatur
Natiirlich kanns du Schmand notzen, et ass deng Këchen an deng Entscheedung. Datt mëcht Zooss allerdings annëcht, mi mëll, mi séisslich, mi schwiier. Die typisch Verbindung aus Pecorino, Ei an Päffer wiässelen an den Hannergrond.
Tagliatelle oder Spaghetti?
Kuurz vriaam zervéiren stellen ech mir heinsdo Froosch, watt fir eng Pastaform ech léiwer han?
D’Äntwert wiässelt. Spaghetti jiän engem datt klassicht Carbonara-Geféihl. All Forschette zéiht lang, ëmhëllt Nuddelen aus der Zooss durich den Teller.
Tagliatelle wiriken bëssen mi kräftig. Sie han mi Fläch, mi Zooss pro Maufel, bëssen mi Rustikal. Et ass ischter déi Froosch, ob een léiwer eent Täschenbousch liäst oder een Hardcover. Datt Bannëcht bleift datt selwischt. D’Geféihl verännert sech.

Den Teller erzällt die ganz Geschicht
Ass d’Carbonara fiärdig om Teller, gesehn ech na eng kéier alles.
- de Pecorino deen fir Würzigkeet suarigt.
- De Päffer, deen ëmmer rëm kleng scharef Akzenter setzt.
- De Guanciale mat sengen Röstaromen.
- Die blänkig Zooss, déi ouni Schmand entstannen ass
Ech gesehen eent Ässen, datt weisst, wie vill mat winigen Zutaten miilisch ass, wann een versteht watt graad passéiert.
Tagliatelle Carbonara
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Minuten20
MinutenZutaten
500 g Tagliatelle oder Spaghetti
240 g Gunaciale
3 Eier
4 Eijiäll
ongeféier 160 g Pecorino
schwarze Päffer
Salz
Zoubereedung
- An enger Schossek mëschen ech d’Eier, d’Eijäll, de Pecorino an schwarze Päffer.
- De Speck schnegden ech an Würfel oder Sträifen an setzen deen an enger kaaler Pann op, gemellig erhëtzen deen sech an d’Fett trëtt aus. Ass de Speck goldbrong hualen ech deen raus en stellen en op segt bis ech en brausch.
- Fett lossen ech liit aafkéilen an ongeféier d’Halschent dovaan schëdden ech an meng Ei-Kiiss-Mëschung. Ass d’Fett na ze waarem kann d’Ei stocken. D’Fett an der Pann setzen ech zereck op meng Plaque, bei niddirger Hëtzt.
- Lo setzen ech Waasser op an wann datt kooscht salzen ech et goud. D’Waasser kann goud gesalzen sen, bis bal versalzen sen, bas du dir onsëcher, dann schmaasch et.
- Dann schëdden ech Pasta dran, ech haalen mech ëmmer bëssen op datt watt om Pack steht, datt ass äwer nëmmen eng ongeféier Angaab. Pasta ëmmer probéiren. Kuurz är Pasta fiärdig ass hualen ech mir eng Tass Nuddelwaasser raus.
- Pasta hualen ech mat enger Zang driekt aus dem Dëppen an leen se an d’Pann, datt vermëschen ech firtischt goud mateneen.
- Dann schëdden ech d’Ei-Kiiss-Mëschung drop an réiren kräftig, no an no ensteht dann eng crèmig Zoss, jiët sie ze deckflëssig längen ech bëssen mam Nuddelwaasser.
- Dann mëschen ech na de Speck drënner. Direkt zervéiren.