Kappeseintopf

Hogt hualen ech dech mat an die kulinarisch Welt vam Kappeseintopf, oder Kappeszopp. Fir jidfereen, deen Kappesrouladen jären hat, ass datt hei genau datt richtigt. Fir sech die ganz Piddelaarbicht van den Rouladen ze ersparen kanns du een Eintopf maan, deen sämtlich Aromen van den Kappesrouladen vereent.

Kappesrouladen han eng faszinéirend Geschicht, déi een an verschiddene Kulturen fënnt. Ursprünglich aus Osteuropa han sech am Loof van Joeren vill verschidden Regional Varianten entweckelt. Van traditionellen Familjenrezepter bis zu modernen Interpretatiounen, dësen Menü hat sein Weech durich d’Joerhonnerten fond an begeestert die kulinarisch Welt na ëmmer.

Zutaten

  • Kappes, wäisse Kappes, Wirsing, Chinakappes…, du kanns sugar rugde Kappes hualen. Ech han fir dëst Rezept Wirsing gehollt.
  • Randsgehacktes, ech hualen hei Randsgehacktes well den Eintopf dann net su fettig jëtt.
  • Botterschmalz fir ze brooden
  • Reis
  • Ënnen
  • Knauwléck
  • Tomaten
  • Muurten
  • Pelati
  • Bréit, Fleesch- oder Geméissbréit
  • Paprikapolwer
  • Salz an Peffer
  • evtl. frëschen Péitersilich fir Garnitur

du brauchs

  1. eent gruust Dëppen
  2. Messer an Schnégdbrett
  3. een Holzeläffel

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, datt ech datt ganzt Geméiss schnégden, D’Ënnen an den Knuawléck hacken ech fein.

Vam Kappes hualen ech die baussegt Bläder raaf, schnégden en an véirel an dann schnégden ech en an dënn Streifen. De Stronk kanns du halen fir eng Geméissbréit ze kooschen.

Muurten schiälen ech an schnégden sa an Würfel.

Van den Tomaten schnégden ech den Stronk raus an dann schnégden ech sen an Würfel.

An engem waarmen gruussen Dëppen erhëtzen ech den Botterschmalz an brooden do drann op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan.

Subal déi sching karameliséiert sen, mëschen ech Gehacktes drënner an brooden datt mat, bis et durich ass. Mat Salz, Peffer an Paprikapolwer würzen.

Als nächst mëschen ech den Knuawléck an Muurten drënner an brooden déi ongeféier 5 Min. mat.

Dann mëschen ech den Reis an dann den Kappes drënner. Subal deen bëssen zesaammengefallen as mëschen ech Tomaten an den Pelati an d’Bréit drënner.

Datt loossen ech dann opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen datt Ganzt mat Deckel ongeféier 20 Min. kooschen, bis den Reis mëll as. Schmaaschen an evtl. noowürzen

Zervéiren kanns du dësen Eintopf mat Baguette, Brugd oder engem Komp frësch Zaloot.

Tipps

  1. Mam Reis kann et sen datts du na bëssen Bréit nooschëdden muss. Du kanns den Reis allerdings o sepparat Kooschen an zum Schluss richt ënnermëschen an mat wiärmen.

Kappeseintopf

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 Kappeskapp, an dënn Streifen geschnidden

  • 500 g Randsgehacktes

  • Botterschmalz oder Olivenuale fir ze brooden

  • 250 g Reis

  • 1 Ënn, gewürfelt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 deck Muurten, gewürfelt

  • 3-4 Tomaten, gewürfelt

  • 1 Béchs, Pelati (400 g)

  • 1 L Bréit, Fleesch- oder Geméiss

  • 1 TL Paprikapolwer

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

  • evtl. frësch gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An engem gruussen waarmen Dëppen den Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se karameliséiert sen.
  • Gehacktes drënner mëschen an su lang brooden bis et ganz druich ass. Mat Salz, Peffer an Paprikapolwer würzen.
  • De Knuawléck an d’Muurten drënner mëschen an ongeféier 5 Min. mat brooden.
  • De Reis an dann den Kappes drënner mëschen.
  • Subal deen bëssen zesaammengefallen ass, Tomaten, de Pelati an Bréit drop schëdden an opkooschen loossen.
  • Hëtzt raaf driien an fir ongeféier 20 Min. mat Deckel kooschen loossen, bis den Reis mëll ass. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Dobai passt Baguette, Brugd oder een Komp frësch Zaloot.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*