
Knuawlécks Mac and Cheese
Schwierigkeit: einfaschPortiounen
4
Virbereeungszéckt
30
MinutenKooschzéckt
40
Minutenzousätlich brauchst du eng feierfest Form
Watt brausch ech?
1 Kapp Knuawléck
5-6 kleng Chilischoten
3-4 Rosmarinäst
100 ml Olivenualeg
Salz & Peffer
500 g Spaghetti
250 g Stoffi oder Philadelphia Natur
150 g frësch geraspelten schweizer Kiis
Wie jëtt gekooscht
- De Schiäffchen op 200° Grad virhëtzen.
- An eng feierfest Form Chili, Rosmarin an deen geschiälten Knuawléck leen.
- Olivenualeg drop schëdden, an datt Ganzt am waarmen Schiäffchen 10 Min. baaschen.
- Raus hualen, de Rosmarin an Chilischoten aus dem Ualeg hualen an entsuarigen oder annerwärts verschaffen. (datt Ganzt püréiert jëtt eng scharef Würzpast)
- Mat enger Forschett oder mam Püréestampfer den Knauwléck zerdrecken.
- Nudelen no Packaanweisung, al dente an goud gesalzenem Waasser kooschen.
- De Stoffi oder Philadelphia ënnermëschen, alles goud vermëschen. Dann die gekooschten, waarem Spaghetti drënner mëschen. Alles an eng Pann maan, an op niddreger Hëtzt deen geraspelten Kiiss ënnermëschen, bis en ganz geschmolz as.
Notiz
- Bei deem Rezept watt ech am Internet fond han, jiänn Nuddelen am Schiäffchen iwerbaasch, datt kann een natiirlech o su maan, allerdings jëtt dann alles zimlech drëchen. Han beim probéieren an nokooschen rausfond datt et su wie an mengem Rezept beschriwen besser passt, an Nudelen sching sämig bleiwen.
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp