Mayonnaise

Mayonnaise

Bëssen mi wie nëmmen een Klacks om Gromperzaloot!

Wann ech aan meng ischt selwer gemaaten Mayonnaise denken, et wor net wirklich een triumphalen Moment. Et wor eng flëssig Katastrophe. D’Eier ze kaal, den Ualig ze siier dobäi geschott an d’Mëschung wollt keng Emulsioun jiän. An genau datt mëcht dës Zooss su faszinéirend, dës deck crèmig Zooss, deéi nëmmen aus enger Handvoll Zutaten besteht, hat Charakter. Ausserdeem eng zimlich spannend Geschicht, déi vam Adel bis an eisen Frigo reecht.

D’Wuurzelen van der wäisser Kinigin

Den Ursprong van der Mayonnaise ass, wie bei su villen Këchenklassiker ëmstridden. Die wahrscheinlichst Theorie féiert eis an d’Joer 1756 op die spanisch Insel Menorca. Deen fransiischen Duc Richelieu haat graad D’Hafenstadt Mahón angehollt. Fir dësen Erfolig ze feiren, sollt den Koosch eng Zooss zoubereeden, eigentlich eng waarem, mat Schmand gebonnen Variant. Well die rischtig Zutaten fir dës Zooss äwer net zur Hand woren hat den Koosch improviséiert an aus riihem Eijäll an Ualig eng kaal Emulsioun gerériert: D’Mayonnaise, benannt no der Stadt Mahón.

Anner Geschichten erzällen vam fransiischen Adel oder suagr van arabischen Wuurzelen, sëcher ass: Irgendwann wor d’Mayonnaise do, an sie ass bliwen.

Vam Luxus an eisen Alldaag

Während der Aafangszékt wor d’Mayonnaise just jiät fir die Räich, Eijiäll, feinen Ualig an frëschen Essig woren deier. Rischt am 19ten Joerhonnert, mat der Industrialiséirung van der Liäwensmëttelproduktiuon, ass et d’Mayonnaise o fir die „normal“ Lekt jiän. Die ischt industriell produzéiert Mayonnaise ass 1905 op den Maart kommen, an New York van engem däitschen Awanderer mam Naam Richard Hellmann. Jo, genau deen van den Gläser mat deem blojien Band.

Ségtdeem hat sech vill gedoen. Aus enger feiner Beilaag, bei die kaal Këchen, ass sie een festen Bestandeel van Grompernzaloot, Remoulade, Sandwiches, Fritten an na vill mi jiän. Sie hat dachs an o hokt na een Imageproblem, fettig, langweilig, industriell.

Äwer, datt muss net su sen!

D’Mayonnaise nei gedeit

Hokt stin mir aan engem spannenden Punkt. An Zékten van Noohaltigkeet, Regionalitéit an dem Wonsch rëm mi selwer ze maan, erliäwen die hausgemaaten Liäwensmëttel eng Renaissance. An sie schmëcht su vill besser, wie datt watt aus den Tuben oder Gläser kënnt.

Die klassisch Mayonnaise besteht aus, Eijiäll, Ualig, Essig oder Zitrounensaaft, Mostert, an Salz. Datt klengt simple, krëtt äwer een ganz neien Twist wann een d’Zutaten bewosst auswiällt.

Eier van glëcklichen Houhner!

Frësch, regional Eier sen d’Herzstéck van der Mayonnaise. Ween eng kéier Eijäll van engem Houhn gesehen hat, datt na am Dreck schären duaref an o mol heinsdo een Wurem oppickt, wees watt ech mengen: eng kräftig Orange Faaref, baal crèmig. Dës Eier han Goût an Konsistenz, sie liweren eng Faaref geent déi d’Industrie-Mayonnaise bleech ausgeségt.

Ualig mat Charakter!

Een neutralen gouden Ualig ass een Allrounder, z.B. een Sonnenbloumenualig oder een Maïsualig. Een deen jiären experimentéiert kann o mol Walnoosualig oder Leinualig hualen. Wichtig: den Ualig soll net ze dominant se, soss iwerdeck en alles.

Säier mat Perséinlichkeet!

Zitrounensaaft ass frësch an liit, Essig brengt mi Schiäreft. Eng spannend Kombinatioun kann Äppelessig sen. En hat jiät Ronnes, Fruuchtiges an passt perfekt zu engem Gromperzaloot mat Krégder oder Eier.

Mostert!

Een gouden Moster, ob mat Kären oder net. En stabiliséiert d’Emulsioun an brengt een gouden Goût. Ech selwer notzen Dijon-Mostert eng Variant sen äwer o Estragonmostert oder Béiermostert, wann et mol mi herzhaft soll sen.

Noohaltigeet om Teller

Wann’s du deng Mayonnaise selwer mëchs, wees du net nëmmen watt dran ass, du kanns ganz bewosst steieren, van wu deng Zutaten kommen. Eier van glécklichen Houhner, Ualig vam Bauremaart, Essig van regionalen Produzenten. Datt reduzéiert den Transport an ënnerstëtzt die lokal Wirtschaft.

Ausserdeem: produzéiert een just datt watt een brausch, keng aagefongen Gläser oder Tuben, keng kënstlich Konservéirungstoffer an keen Plastik.

Techniken fir d’Mayonnaise mi lang haltbar ze maan

Hausgemaaten Mayonnaise ass frësch am besten! Äwer mat engem klengen Trick kanns du se bëssen mi lang haltbar maan. Ankooschen ass hei natiirlich keng Optioun, soss has du eng fettig Eiertriwel am Glas. An die fiärdig Mayonnaise 2EL bis 3EL kooschend Waasser réiren, su hällt sie sech, kéil gelagert, an engem sterilen Glas paar Deeg mi lang. Hual o ëmmer een properen Läffel fir d’Mayonnaise aus dem Glas ze hualen.

Fermentéiren

Een spannenden Trend ass fermentéiert Mayonnaise, mat Joghurtmolke oder Fermentatiounstarter. Dodurich entstinn mëll Säiren an probiotisch Kulturen, déi d’Haltbarkeet verlängeren an een gouden Goût liweren. Et brausch bëssen Übung, äwer d’Ergebnis ass erstaunlich, eng liäwig, liit säierlich Mayonnaise mat Charakter.

De Bléck an d’Zukunft

Watt erwaart eis an der Welt van der Mayonnaise? Ech mengem mi Individualtiéit. Jidfreen kann seng eegen Handschrëft mat anbrengen. Ob mat Kégder, Bärlauch, Chili, Curry oder sugar gereechert Paprikapolwer. D’Mayonnaise ass wie eent wäisst Bild.

An o de bewossten Ansatz van regionalen Produkter wärt bestoen bleiwen. Villäicht gesehen mir jo baal kleng Produzenten, déi fermentéiert Mayonnaise mat lokaler Handschrëft prodizéiren?

Zoubereedung

Ech trennen d’Eier an hualen nëmmen Eijäll, datt mëschen ech mat Mostert, Salz, halschent vam Zitrounensaaft an dann réiren ech bis et scheimt.

Dann schëdden ech ganz gemellig an ënner stännigem réiren den Ualeg dran, subal Emulsioun anfänkt kann een den Ualeg mi siier dobäi schëdden.

Jiët Mayonnaise ze fest an et as äwer ëmmer na Ualeg do, bëssen Zitrounensaaft no schëdden an deen Rest vam Ualeg anschaffen.

Ass d’Mayonnaise ganz geronnen, hual eng proper Schossel an maan 1 TL waaremt Waaser dran. Mat deem selwischten Schniibiäsem mat deem’s du o well Mayonnaise geréiert has, réiren bis et schäimt. Dann die geronnen Mayonnaise su anschaffen wii’s du den Ualeg ënnerréiers.

Mayonnaise

Fazit: Mi wie nëmmen eng Beilaag

D’Mayonnaise ass keng Niäwenroll. Sie ass eng Bühn fir goud Zutaten, fir Handwiärik an fir Kreativitéit. Ween sie selwer mëcht, entdeckt eng nei Welt, am Goût an, an Saaschen Noohaltigkeet. Villäicht réift jo een beim nächsten Grillowend net nëmmen: „Ween hat deen gouden Gromperzaloot gemaat? Mais, „Van weem ass die goud Mayonnaise“?

Mayonnaise

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Liter

1

Zoubereedungszékt

15

Minuten

Zutaten

  • 6 Eijäll

  • 2 TL Dijon Mostert

  • 50 ml Zitrounensaaft

  • 1 L Ualeg

  • Salz

Zoubereedung

  • Eijäll, de Mostert, halschent vam Zitrounensaaft an Salz goud mëschen bis et schaumig as.
  • No an no, an ënner stännigem réiren den Ualeg drop schëdden. Subal Emulsioun ensteht kann een den Ualeg mi siier drënner mëschen.
  • Jiët Mayonnaise ze fest an et as äwer na Ualeg do, den Rest vam Zitrounensaaft ënnermëschen an dann den Ualeg all anschaffen.
  • Fir datt Mayonnaise mi lang haltbar as 3 EL kooschend Waasser ënnerréiren
  • Wëlls du Päffer ënnert den Mayonnaise mëschen, hual bëssen Cayennepäffer deen liist sech ganz op an hennerlisst keng schwarz Punkten.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*