Orzo mat Stoffi, Tomaten an Spinat

Orzo mat Stoffi, Tomaten an Spinat as eent köstlicht Ässen, datt einfasch zouzebreeden as. De Virdeel et jëtt alles an engem Dëppen gemaat et fällt also net zevill Spoul aan.

Watt as Orzo?

Orzo as eng kleng Reisförmig Nudel, déi äwer naist mam Reis gemeinsam hat. Reis as eng Planz an Orzo sen Nudelen aus Hartwiezengriess.

Orzo, Risoni oder Kritharaki wie se na heeschen fënns du an all Buttik. Dodurich datt se su kleng sen, eegnen se sech goud fir Eintopf, an enger Zopp oder als Zaloot.

Zutaten:

  • Olivenualeg
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • gedrëchent Tomaten
  • Orzo
  • Peffer & Salz
  • frësch Kiischtentomaten
  • Bréit, ech han Geméissbréit gehollt, du kanns all anner Bréit hualen, mat enger Fleeschbréit krëtt datt Ganzt na mi Aroma
  • Stoffi
  • frëschen Spinat
  • frëschen Basilikum
  • geraspelten Parmesan

Zoubereedung

Ënnen an den Knuawléck hacken ech kleng, an die gedrëchent Tomaten schnégden ech an dënn Streifen.

Deen frëschen Basilkum hacken ech graff an Kiischtenomaten halbéiren ech.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Olivenualeg, do dran brooden ech op mëttel Hëtzt Ënnen an de Knuawléck aan. Dann mëschen ech die gedrëchent Tomaten drënner an brooden déi mat aan.

Als nächst mëschen ech Nudelen drënner an brooden déi o liit aan.

Dann schëdden ech Bréit drop su datt alles just bedeckt as. Op niddreger Hëtzt kooschen ech Nudelen al dente. Ëmmer mol rëm dran réiren an schmaaschen op Nuddelen mëll sen, kann nämlich sen, datts du na bëssen Bréit no schëdden muss.

Datt Ganzt würzen ech dann mat Salz an Peffer.

Subal Nudelen mëll sen, mëschen ech den Stoffi drënner, wiärmen datt kuurz op dann kommen well Kiischtentomaten dobäi, de Spinat an den Kiiss.

Ënner stännigem réiren su lang wiärmen bis den Spinat zesaammengefallen as. Schmaaschen an evtl. nowürzen.

Orzo mat Stoffi, Tomaten an Spinat

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • Salz & Peffer

  • 150 g gedrëchent an dënn Streifen geschnidden Tomaten

  • 600 g Orzo

  • 1 L Bréit

  • 250 g Stoffi

  • 400 g frëschen Spinat

  • 200 g halbéiert Kiischtentomaten

  • 1 Botte graff gehackten Basilikum

  • 150 g frësch geraspelten Parmesan

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen an de Knauwléck op mëttel Hëtzt aanbrooden.
  • Die gedrëchent Tomaten ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Orzo ënnermëschen kuurz mat aanbrooden, dann Bréit drop schëdden su datt alles bedeckt as.
  • Op niddriger Hëtzt su lang kooschen bis Nudelen mël sen. Ëmmer mol rëm dran réiren an evtl. na Bréit noschëdden.
  • De Stoffi ënnerréiren kuurz erwiärmen.
  • Dann Kiischtentomaten, de Spinat an de Parmesan ënnermëschen. Sulang réiren bis den Spinat zesaammengefallen as.
  • Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*