Pouletfilet Florentine

Rezept jëtt ursprünglich mat Suprême de volaille gemaat. Beim Gefligel as den Begrëff “Suprême de volaille” de Filet mat deem ennischten Deel vam Flinik, entweder mat oder ouni Hogt.

Florentine beschreift Garnitur déi den Filet begleet. Datt as op engem Bett van gedënstem Spinat bedeckt mat enger Zooss Mornay an iwerbaaschen.

Zooss Mornay as eng deck Béchamel, déi mat deem entsprechenden Fond, hei dann Gefligelfond, gemëscht jëtt. Zum Schluss jëtt dann na zu gleichen Deeler frësch geraspelten schweizer Kiiss an Parmesan ënnergemëscht.

Pouletfilet brooden

Kenns du datt o: Mol as den Filet ze drëchen, an die nächst Kéier as en na rii. Pouletfilet hat kaum Fett, doweent jëtt en jiären drëchen. Form vam Filet as dann o na su datt en net gleichmässig durich gart.

Et jiänn paar Punkten op déi een opassen kann wann een Pouletfilet zoubereed.

  • Temperatur vam riien Fleesch
  • Hëtzt van der Pann
  • Die richtig Kärtempertur

Temperatur vam Fleesch

Kooschen fängt net rischt aan wanns du de Knapp am Uawen drigs an Pann op Plaque setz, et fängt well vill mi fréi aan an zwar bei der Temperatur van dengen Liäwensmëttel. Hual dengt Fleesch fréi genou aus dem Frigo, et soll Raumtemperatur aanhualen befir et gebrooden jëtt. Datt hat deen virdeel et sprutzt net graad suvill wann Fleesch an datt waaremt Fett geleit jëtt. Et gart mi gleichmässig durich ouni ze siier drëchen ze jiänn.

Ganz vill Rezepter schreiwen, et soll een Fleesch wäschen, du kanns maan wie’s du wëlls, mais et as keng goud Iddi Fleesch ze wäschen, egal watt fir eent. Sollten sech Salomonellen oder anner Bakterien op dengem Fleesch befannen, kress du déi mam wäschen net fort. De Gegendeel as den Fall du verdeels Bakterien om ganzen Fleesch. Salmonellen jiänn aafgedigt wann dengt Fleesch op mannst fir 10 Min. iwer 70°C erhëtzt jëtt. Datt einfaschst as Fleech mat Këchenpapeier drëchen tupfen.

Hëtzt van der Pann

Wiärem deng Pann firtischt ärs du Ualeg oder Botter dran mëchs. Hual keng beschicht Pann fir scharef aanzebrooden, déi entweckelt net die richtig Röstaromen, hual eng Gossen- oder eng Inoxpann. Eng net beschicht Pann pëscht! Jo, äwer nëmmen wann se net richtig waarem as. Et jëtt een Trick fir ze kontrolléieren op Pann richtig waarem as: maan 1 TL Waasser dran, wann datt sech verdeelt an einfasch verdämpt as Pann na net waarem genou. Bilden sech äwer Krellen déi durich Pann jauwen as se waarem genou an du kanns dengt Fett dran maan.

Et soll zischen wanns du dengt Fleesch ant Pann leechs, richt dann setzt Maillard-Reaktioun an. Fleesch jëtt sching brong rondrëm. Noom aanbrooden Fleesch an deen virgewiäremten Schiäffchen setzen an do bis zur gewënschter Garstuuf durich zéien loossen.

Kärtemperatur

Kärtempertur beim Fleesch zällt net nëmmen fir Rand an Schwéng, mais o fir de Poulet. Beim Poulet jëtt et äwer nëmmen eng Garstuuf an déi as ganz durich gebrooden. Kärtemperatur beim Poulet legt bei 75°C – 80°C, du kanns dengt Fleesch bei 75°C aus der Pann oder em Schiäffchen hualen, während der Ruhzéckt zéiht et no an Temperatur kann dann na bis zu 5°C oder mi ant luut goen.

Zutaten fir dëst Rezept:

  • Pouletfilet
  • Salz
  • Botterschmalz oder Olivenualeg
  • schwarze Peffer
  • frëschen Spinat
  • Muskot
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Zooss Mornay

Zoubereedung

De Pouletfilet salzen ech well den Owend firdran an loossen en iwert Nait am Frigo durich zéien.

Den Daag drop hualen ech Fleesch fréi genou aus dem Frigo fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Schalotten schnégden ech an kleng Würfel an den Knuawléck hacken ech fein.

De Spinat jëtt gewäsch an der Zalootenschleider gedrëchent.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botterschmalz an brooden den Poulet van all Ségt 3-4 Min. goldbrong aan. Noom aanbrooden pefferen ech den Poulet.

Zur selwischter Zéckt wu ech den Poulet aanbrooden erhëtzen ech an enger waarmer Pann Botterschmalz, op mëttel Hëtzt dënsten ech Schalotten an den Knuawléck aan. Do leen ech den Spinat drop, würzen mat Salz, Peffer an Muskot, leen en Deckel drop an dënsten deen fir 2-3 Min. bis en aafänkt zesaammen ze fällen.

De Spinat leen ech an eng feierfst Form, do drop leen ech de Pouletfilet an bedecken deen mat Zooss Mornay. Datt Ganzt setzen ech dann fir ongeféier 8-10 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Pass ëmmer op wie deck datt den Filet as, Zéckt am Schiäffchen kann sech verkiirzen oder verlängeren. Déi Pouletfilet déi ech des lest kooft han sen van engem Monsterpoulet, deen stung iwer 10 Min. am Schiäffchen bis en richtig durich wor.

Aus dem Schiäffchen hualen an fir paar Min. ruhen loossen.

Pouletfilet Florentine

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • Salz

  • Botterschmalz oder Olivenualeg

  • schwarze Peffer

  • 500 g gewäsch an gedrëchenten frëschen Spinat

  • 1 gewürfelt Schalott

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • Muskot

  • 300 ml Zooss Mornay

Zoubereedung

  • De Poulet salzen an en iwert Nait an de Frigo stellen.
  • Den Daag dono den Poulet fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt en Raumtemperatur aanhëllt.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger waaremer Pann Botterschmalz erhëtzen, an de Poulet van all Ségt 3-4 Min. aanbrooden.
  • De Poulet pefferen.
  • Zur selwischter Zéckt an enger annerer waarmer Pann, Botterschmalz erhëtzen Schalotten an den Knuawléck op mëttel Hëtzt aandënsten.
  • De Spinat drop leen, mat Salz, Peffer an Muskot würzen, Deckel drop leen an fir 2-3 Min. dënsten, bis en aafänkt zesaammen ze fällen.
  • De Spinat an eng feierfest Form leen. De Poulet drop leen an Zooss Mornay driwer verdeelen.
  • Datt Ganzt fir 8-10 Min. an deen waarmen Schiäffchen setzen.
  • Aus dem Schiäffchen hualen an fir paar Min. ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*