Pasta, Parmesan, Aglio, Knoblauch, Olivenöl, Peperoncino, Petersilie

Pasta Aglio, Oilo e Peperoncino

Wann de Frigo an Truh mol enger kéier näist am Angebot han, oder du kenns van der Schaff han has net deen gruussen Iddi fir na guussartig ze kooschen as Pasta ëmmer eng alternativ. Pasta Aglio, Oilo et Peperoncino as een einfascht, äwer köstlicht italienscht Pasta-Ässen. Eent Ässen bei deem den Geschmaasch vam Knuawléck, würzig Peperoncino an gouden Olivenualeg am Mëttelpunkt stinn.

Watt fir eng Pasta?

Watt fir eng hualen ech? Wie as Qualitéit? Wanns du am Buttik stehs, an du wees net watts fir eng Zort/Mark datts du hualen solls, kuck op Faaref, watt Pasta mi hell as, watt Qualitéit besser as. Bei dësem Menü passt natiirlech am besten Spaghetti, Tagliatelle, Linguina…

De Knuawléck (Aglio)

De Knuawléck as Herzstéck van dëser Pasta. De Knuawléck jëtt kleng geschnidden an am waarmern Ualeg liit aangebrooden, fir su eent aromatischen Ualeg ze kreien.

Egal watt Rezept schreift, ech drecken mein Knuawléck nie durich Press. O wann et siier geht, et as net datt selwischt wie wanns du en kleng hacks oder am Mörser zerreifs. Ech hacken de Knuawléck graff an zerreiwen en dann mat paar Kären grafft Salz am Mörser.

Olivenualeg (Oilo)

Een gouden nativen Olivenualeg, deen mam Knuawléck erhëtzt jëtt, ouni datt de Knuawléck verbrennt.

Peperoncino

Du kanns gedrëchent Chiliflocken oder frësch rugd Chilischoten hualen, déi jiänn dëser Pasta würzigkeet. Wiviell datts du dran mëchs, kanns du dengem perséinlichen Geschmaasch aanpassen.

Zutaten

  • Pasta (Spaghetti, Tagliatelle, Linguina…)
  • rugd Chilischot
  • Knuawléck
  • Parmesan oder Peccorino
  • Péitersilich
  • Salz
  • schwarze Peffer

Zoubereedung

Befir ech Waasser opsetzen fir Pasta kucken ech datt ech alles geschnidden an parat stoen han, datt heescht:

  • De Knuawléck jëtt graff gehackt.
  • Chilischot an dënn Ronselen schnégden. Du kanns se entkären oder o net, mat Kären as se mi scharef.
  • De Péitersilich hacken ech fein
  • De Parmesan oder Peccorino jëtt geraspelt
  • an ech setzen mir den Olivenualeg grëffbereet.

Dann setzen ech kräftig gesalzend Waasser op an loossen datt opkooschen. Schmaasch dengt Waasser er kann su salzig sen wie Miärwaasser, datt meest Salz land suwisu am Aafloss. Subal Waasser kooscht, maan ech Pasta dran an kooschen se no Packaaweisung al dente.

  • Packaaweisung ass eng goud Richtlinn fir ongeféier ze wossen wini datt Pasta goud as. Schmaasch se äwer befirs du se aafschëdds, an o geent Plättercher aan der Mauer werfen, weisst dir net op Pasta al dent as oder net.

Während Pasta kooscht eng Pann op Plaque setzen an ouni se ze wiärmen den Olivenualeg, de Knuawléck an den Chili dran maan. Dann Hëtzt ropp driien ëmmer mol rëm dran réiren. Subal et aafänkt mat brutzelen, eng Lousch voll Pastawaasser drop schëdden. 1 Tass Pastawaasser rausscheffen an op Ségt stellen o wanns du et net brauchs.

Pasta aafschëdden oder mat enger Zang aus dem Waasser hualen an direkt an Pann bei de Knuawléck an den Chili leen. Pann kräftig schwenken. Evtl. na bëssen Pastawaasser dobäi maan. An firaan kräftig schwenken. Wann Pann dir ze schwéier jëtt, et klappt o wanns du bestännig dran réiers.

Plaque ausschalten äwer op der waarmer Plaque stoen loossen an de Kiiss ënnermëschen, su lang schwenken oder réiren bis de Kiiss komplett geschmolz as an eng cremig Zooss bild. Dann de Péitersilich ënnermëschen.

Die färdeg Pasta op een Teller leen an bëssen Kiiss an frësch gemahlene schwarze Peffer driwer streien. Direkt zervéiren.

Pasta aglio, oilo e peperoncino

Schwierigkeit: liit kniffelig
Portiounen

2

Virbereeungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 250 g Pasta (Spaghetti, Tagliatelle, Linguina…)

  • 1 an dënn Ronselen geschnidden rugd Chilischot

  • 3 fein zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 30 ml Olivenualeg

  • frësch geraspelten Parmesan oder Peccorino

  • 3-4 EL gehackten Péitersilich

  • Salz

  • schwarzen Peffer aus der Millen

Zoubereedung

  • Pasta an goud gesalzenem Waasser no Packaaweisung al dent kooschen.
  • Während Pasta kooscht, eng Pann op Plaque stellen an ouni se virzewiärmen den Olivenualeg, den Knuawléck an den Chili dran maan.
  • Plaque aanschalten an subal et aafänkt mat brutzelen 1 Lousch Pastawaasser drop schëdden. 1 Tass Pastawaasser raushualen an op Ségt stellen.
  • Pasta aafschëdden oder mat enger Zang aus dem Waasser hualen an direkt an Pann bei den Knualéck an Chili leen. Pann kräftig schwenken oder bestännig dran réiren. Evtl. na bëssen Pastawaasser drop schëdden.
  • Plaque ausschalten, Pann äwer op der waarmer Plaque stoen loossen an den Kiiss ënnermëschen an kräftig schwenken bis den Kiiss komplett geschmolz as an eng cremig Zooss entstannen as.
  • De Péitersilich ënnermëschen.
  • Op een Teller leen an mat bessen Kiiss an schwarze Peffer aus der Millen garnéiert direkt zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*