Pasta alla Nerano ass eent Ässen, datt keng gruuss Bühn brausch. Keng exotisch Gewürzer an keen Tamtam. Dës Köstlichkeet kënnt ganz luas an gemellig em den Eck an wiäremt trotzdem d’Härz an den Moosch. Eent Ässen, datt no Summer schmëcht, no Einfachkeet an no deem, watt eben do wor. Genau su ass Pasta alla Nerano enstannen.

D’Geschicht fänkt, wie su dachs bei gouden Rezepter, an enger klenger Këchen an der Ortschaft Nerano aan, eent klengt Duaref aan der Amalfiküst. An de 50er Joeren soll eeng Wiirtsfrau op d’Iddi kommen sen, d’Gougretten aus hirem Gaart mat Pasta ze kombinéieren, an datt mat nëmmen enger Handvoll Zutaten, déi eben graad do woren, wie Kiiss, Basilikum an gouden Olivenualig. An mi brausch et o hokt na net.
Et sen genau dës Einfasch Zutaten, déi begeesteren. Paar gebrooden Gourgettenscheiwen, een aromatischen Kiiss, deen beim Schwenken van der Pann schmëlzt an sech mam Nuddelwaasser verbënnt, datt ass alles. Wann et goud gemaat ass, wann Gourgetten séisslich an zaart sen, den Kiiss herzhaft an den Ualig fruuchtig, dann jiët aus engem einfaschen Pastaässen een klengt Fest.
Den Hauptdarsteller van dëser Pasta ass d’Gougetten, sie liweren een séissen an fein-nossigen Aroma. Ween se dënn op der Mandolin huwelt an bei 170°C am waarmen Ualig fritéiert krëtt su Chipsen, déi spéider op der Zooss schwammen. Ween hinnen äwer Zékt liist beim Brooden, krëtt eng cremig Basis, déi Pastawaasser goud ophëllt. D’Gouretten solle na jung an knackig sen, gruuss wässerig Exemplarer verléiren hiren Goût an hir Textur. Ech selwer han die Variant vam gemelligen Brooden am Olivenualig am léifsten, van baussen goldbrong an bannen mëll, met deem nossig-séissen Aroma, deen, während dem Brooden entsteht. Et dauert bëssen, ass äwer all Minute wirät.
Ech brooden firtischt d’Gourgetten all aan, wann datt der vill sen maan ech datt an Etappen, sie sollen brooden an net kooschen oder dënsten. Dann setzen ech goud gesalzend Waasser op an wann et kooscht, kooschen ech d’Pasta no Packaaweisung al dente. Wichtig ass, Pastawaasser net direkt fort ze schëdden. Datt liit stärkehaltigt Waasser suarigt dofir datt eng crémig Zooss entsteht.

Iwerdeems Pasta kooscht, setzen ech eng Pann op en erhëtzen déi op mëttel Hëtzt, an bëssen waarmem Olivenualig brooden ech gehackten Knuawelek an Basilikumäst gemellig aan, su datt den Ualig deen ganzen Goût ophëllt. Basilikumäst hualen ech dann raus an entsuarigen se. Als nächst schäffen ech eng Lousch Pastawaasser an d’Pann an losse datt eng kéier opkooschen.
Dann schëdden ech d’Pasta an d’Gourgetten zereck an d’Pann, streien de Kiiss driwer an mat na enger Lousch Pastawaasser schwenken ech d’Pann bis de Kiiss geschmolz ass an eng cremig Zooss entstannen ass. Do drënner mëschen ech die graff zerpléckten Basilikumbläder an schwenken meng Pann vriaan bis sech alles vermëscht hat. Durich d’Schwenken van der Pann verbënnt sech alles, an den „italienischen Umami-Blëtz entsteht, deen sech iwerigens bis hokt hällt.

Traditionell jiët Pasta Nerano mat Provolone del Monaco zoubereet, een geräiften Kiiss aus Rohmëlich. Net ëmmer liit ze kreien, watt dech äwer net aafhaalen muss. Mat engem goud geräiften Biärigkiiss, oder Parmesan krëss du een ähnlich herzhaften Pastateller. Wichtig ass, de Kiiss soll schmëlzen ouni Fädem ze zéihen, an en soll der Pasta een aromatischen Goût jiän, ouni d’Gourgetten ze dominéiren.
Et muss net emmer alles original italienisch sen. Graad bei eis lungt et sech regional ze denken. Wann d’Gourgetten zégdig sen, wann et om Maart frëschen Basilikum jiët, wann de Kiiss aus der Regioun kënnt, dann ensteht een ganz eegenen, éierlichen Goût. Een, deen sech net verstoppen muss. Et kann een italienisch kooschen ouni wegt réisen ze mussen. D’Iddi zällt an d’Léift zu den Produkter.

Et ass iwerigens eent wonnerbart Ässen wann Frënn laanst kommen. D’Gourgetten kanns du ganz einfasch virbereeden, d’Pasta frësch kooschen an alles an winigen Minuten zesaammensetzen. Eent Glas Wéng dobäi, bëssen Sonn an firärdig ass een Owend, iwert deen na lang geschuatt jiët.
Pasta alla Nerano ass eent Ässen datt wandlungsfähig ass. Mol puristisch, mat nëmmen Gourgetten, Pasta an Kiiss. Bei mir natiirlich mat bëssen Knuawelek an Basilikum. Goud schmëscht äwer o een Hauch Zitrounenzesten. Verschiddener streien viraam zervéiren na jiären geréistert Pinienkären driwer oder mëschen bëssen Mënz drënner.

O wann dëst Rezept aus enger ganz bestëmmter Regioun kënnt, et gehiirt längst an die ganz Welt. Jidfereen deen et nokooscht, brengt eent klengt Steck aus senger eegener Këchen mat. Entweder durich d’Wiäll van den Zutaten, durich d’Art van der Zoubereedung oder einfasch durich d’Stëmmung, an der et gekooscht jiët.
Wanns du die nächst Kéier na Gourgetten zevill has, evtl. na eent Steck Kiiss am Frigo leien has, an een Pack Nuddelen an der Spënnchen. Dann bass du nëmmen paar Handgrëffer van enger klenger kulinarischer Vakanz fort. An du denks villäicht, wie kann su jiät Einfasches su goud schmaaschen.
Pasta alla Nerano
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Minuten20
MinutenZutaten
800 g Pasta
Salz
Olivenualig
2 – 3 Gougetten, an dënn Scheiwen geschnidden
2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt
1 Botte frëschen Basilikum
schwarze Päffer
150 g frësch geriwene Provolon, alternativ Parmesan
Zoubereedung
- D’Gourgetten leen ech firtischt ausgebreet op Këchenpapeier, salzen se an loossen se su eng goud halef Stonn leien. Zemools wann na keng Saison ass, zéiht su iwerschëssigt Waasser an evtl. Batterstoffer raus. Déi tuppen ech dann mat Këchenpapeier drëchen.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig, an brooden do dran meng Gourgettenscheiwen an Etappen aan, su datt se sching goldbong jiän.
- Iwerdeems d’Gourgetten brooden, plécken ech vam Basilikum d’Bläder raaf, d’Äst äwer na net entsuarigen, déi jiän na gebrauscht.
- D’Gourgetten stellen ech op Ségt bis ech se brausch.
- Als nächst setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op. Subal datt kooscht, kooschen ech d’Pasta do dran no Packaaweisung al dente.
- Iwerdeems Pasta kooscht, erhëtzen ech op mëttel Hëtzt an enger Pann bëssen Olivenualig, do dran brooden ech den Knuawelek an d’Basilikumäst aan, no paar Minuten hualen ech d’Basilikumäst raus an entsuarigen sen. Dann schäffen ech eng Lousch Pastawaasser an meng Pann, loossen datt kuurz opkooschen.
- Do drënner mëschen ech d’Pasta an d’Gourgetten, dann mëschen ech de Kiiss drënner. Na eng Lousch Pastawaasser drop schëdden an su lang schwenken bis de Kiiss ganz geschmolz ass an eng cremig Zooss entstannen ass.
- Dann mëschen ech deen graff zerpléckten Basilikum drënner. Subal alles goud vermëscht ass, verdeelen ech Pasta op Telleren, garnéiren se mat frësch gemahlenem schwarzen Päffer an frëschem Basilikum an zervéiren se direkt.