Peperonata

Stell dir vir eent Dëppen an deem et gemellig schmort, du gesegs et rugd an orange Schimmeren an et rëcht no goud gebroodenen Ënnen an Tomaten. Een einfaschen Geméissragout aus Paprika, Ënnen, Tomaten an Knuawelek, ob als Beilaag zu Gegrilltem oder einfasch mat frëscher Baguette direkt aus der Pann.

Et wor eng kéier…

Zesaammen mat den Tomaten ass de Paprika, no der Entdeckung vam amerikanischen Kontient, mat de Spanier an Portugiesen an Europa aankommen. An Süditalien wor well zu deem Zektpunkt, Olivenualig, Ënnen an Knuawelek Grondgerüst van enger herzhafter Këchen, die faarwig Schoten han do siier hier Platz fond. Die ischt schrëftlich Hinweiser vam Peperonata fënnt een an Rezepter aus dem spéiden 17ten Joerhonnnert aus der Regioun Kalabrien. Do ass Deemools well mat sonnengeräiften „peperoni“ (Spitzpaprika), Ënnen, bëssen Mosto Cotto (angekooschten Drauwenmost) an heinsdo Korinten, deen maurischen Anfloss op d’Mëttelmiärkëchen, geschafft jiän.

Bis an 19ten Joerhonnert ass Peperonata ischter eent Festdaagsässen bliwen. Paprika wor deier an net lang haltbar. Rischt wie sech d’Ankooschen an Italien verbreet hat, ass d’Peperonata an d’Spënnchen van villen ländlichen Haushalten gewandert. Deen séiss-sauren Stil, bei deem bëssen Essig oder Wéng zum Schluss mat angekooscht jiän ass, wor net nëmmen fir den Goût ze hiäwen, mee hat hauptsächlich der Haltbarkeet gedéint.

Vam Baurenmaart an meng Pann

Hokt fänken Wooschenmärt rem aan an den Trend ze kommen. Et ass ëmmer interessant ze wossen van wu d’Liäwensmëttel kommen.

Fir meng Peperonate brausch ech:

Paprika, bei eis an Mëtteleuropa ass deen rischt am Spéidsummer zégdig, su datt ech o nëmmen Waar aus dem Ausland krii han, ech han mein vam Frëschmaart mat breit.

Tomaten, ech schaffen meestens mat San Marzano Tomaten, déi kreien ech am September an engem italienischen Buttik an kooschen mir se dann an. Sollt ech se well all verschafft han, hualen ech am léifsten frësch Tomaten, wie z.B. Roma oder Kiischtentomaten.

TIPP aus menger Këchen, ech se well paar mol drop aangeschuatt jiän wie ech d‘Saier aus den Tomaten kreien? Ech kooschen meng Tomatenzooss ëmmer komplett ouni zousätzlichen Zocker, ech notzen deen natiirlich enthaalenen Zocker fir d’Saier raus ze kreien. Den Industriezocker ännert nämlich naist aan der Saier déi an der Tomaten enthaalen ass, et jiët hir nëmmen een anneren Goût.

Et jiän mi Methouden d’Saier aus der Tomate ze neutraliséieren:

  • Zooss iwer paar Stonnen kooschen.
  • Geméiss wie Ënnen an Muurten brong aanbrooden an mat kooschen
  • Ech halbéieren meng Tomaten an leen se mat der Schnëttfläsch no ënnen op eng Baaschplaque, bëssen Olivenualig driwer drëpsen, evtl. na Päffer an Salz an loossen se dann bei 180°C bis 200°C am waarmen Schiäffchen 1 goud Stonn baaschen. Datt klappt iwerigens o mat Bëchsentomaten, déi brauschen äwer net graad eng Stonn an maan keent Gewürz dobäi, déi sen nämlich well dachs gesalzen.

Ënnen an Knuawlek, meestens hualen ech die jiäll Ënnen an den Knuawelek kreien ech aus Frankräich, ech schmëscht einfasch besser, wie all deen, deen een hei an den Buttiker krëtt.

Olivenualig, Mëtteleuropa ass natiirlich keen Oliven-Hotspot, ech brengen mein Olivenualig ëmmer van engem Griech mat deen regelméissig om Frëschmaart ass, een gouden, bëssen mi mëllen Olivenualig deen durich eng Nummer gekennzeechent ass iwer déi een am Internet nooséichen kann wini d’Oliven gepléckt an wie se gepresst se jiän.

Technik & Timing

Réistern am platz siiert brooden. Historisch sen Paprika iwer oppenem Feier gegrillt jiän an spéider an der Resthëtzt vam Holzuawen geschmort jiän. Du kanns de Paprika halbéiren, entkären, mat der Schnëttfläsch no ënnen op eent Baaschblech leen an am waarmen Schiäffchen 20 Min. bei 230°C Ëmloft réisteren, bis d’Hogt Bloossen krëtt. Oder einfasch an der Pann gemellig brooden, bis se Faaref kreien.

Op mëttel Hëtzt an an genou waarmem Olivenualig brooden ech d’Ënnen bis se brong sen. Dann mëschen ech de Paprika drënner an brooden deen o su lang bis en Faaref krëtt, bëssen mat der Hëtzt spillen, en soll äwer gemellig brooden fir datt en sein séissen Goût entweckelen kann.

Subal de Paprika liit Faaref hat, würzen ech mat bëssen Salz an ech mëschen de Knuawelek drënner, dann schëdden ech meng Tomaten drop. An ouni Deckel loossen ech datt Ganzt op niddriger Hëtzt eng goud halef Stonn schmooren.

Meng Peperonata schmaaschen ech dann mat Balsamico, Päffer an Salz aaf.

Watt passt dobäi?

Peperonata schmëscht waarem, lookisch oder kaal. Zu Brugd, zu Pasta, zu Gromperen zu Gegrilltem, zu Kiiss oder pur mat engem Läffel direkt aus dem Frigo.

Wëlls du Peperonata haltbar maan, fëll se waarem an steril Gläser an, fest zou maan, su hällt sie sech ongeféier 2 Wooschen am Frigo. Fir mi eng lang Haltbarkeet kanns du se o ënner Drock ankooschen. Oder du fréiers dir se an Portiounen an.

Firwatt lungt sech selwer maan?

Ech kreien dachs gesoot: Firwatt mëchs du dir die ganz Aarbicht? Paprika jiët et datt Ganzt Joer an Peperonata krëtt een fiärdig am Glas ze koofen, genausu wie Tomaten. Éierlich, et ass einfasch net datt selwischt. D’Schnibbelen am Aafank, den Doft deen durich Këchen zéiht wann d’Ënnen karamelsiéiren, an dann den Geroosch wann de Knuawelek bis dobäi kënnt, fir mëch pur Entspannung. Selwergemaat schmëscht einfasch besser, intensiver an mi frësch an du wees genau watt dran ass.

Fazit

Peperonata ass eent van deen Ässen, déi weise, wie winig een brausch fir jiät rischtig goudes op den Dësch ze zauberen. Bëssen Zekt, goud Zutaten, an natiirlich d’Lost ze kooschen, mi brausch et net. An all Deel drigt Geschicht an sech, van italienischen Landkëchen, iwer Weckgläser an enger Spënnchen, bis zum moderne Këchendëch.

Wanns du die nächst kéier Paprika gesegs, déi no Son rauschen an sech mëll aanféilen, gräif zou. Maan dir eent Glas Peperonata. An villäicht, ganz villäicht, kooschs du dir domatt net nëmmen eent goud Ässen, mee du mëchs o eent klengt Steck Traditioun liäwig.

Peperonata

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

1

Stunde 
Kooschen

30

Minuten

Zutaten

  • Olivenualig

  • 6 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • 6 Paprika, rugd, jiäl, orange, (gréin) an Sträifen geschnidden

  • 4 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 5-6 frësch Tomaten oder 400 ml Tomate pelée

  • 1 EL Baslamico

  • Salz & Päffer

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt genou Olivenualig, de Buadem van der Pann soll goud bedeckt sen. Do dran brooden ech d’Ënnen gemellig an loossen se karameliséiren.
  • Als nächst mëschen ech de Paprika mat drënner an brooden deen o su lang op mëttel Hëtzt bis en liit Faaref krii hat. Liit salzen. Hëlls du wie ech zousätzlich gréine Paprika, krëss du een liit herben Goût mat an deng Peperonata.
  • Dann mëschen ech de Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Tomaten drop. Ech hualen frësch Tomaten, déi baaschen ech bei 180°C bis 200°C am fir eng goud Stonn am waarmen Schiäffchen, d’Hokt krëss du su ganz liit raaf gezujien, Du kanns se äwer o mat püréiren.
  • Ouni Deckel loossen ech Peperonata ongeféier 30 Min, kooschen, su dëchst Zooss an.
  • Zum Schluss schmaaschen ech Peperonata mat Balsamico, Päffer an Salz aaf.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*